30/05/2026
❌ | Et geet deck duer! Respekt am Sport brauch méi wéi déi nächst Campagne!
Eis huet gëschter e Message vun de Responsabele vu fussballstagen.lu erreecht, dee fir eng dramatesch Entwécklung a de leschte Jore steet: eng Trainerin huet sech misse vun engem Elterendeel op déi iwwelst Manéier agresséiere loossen, well se sech wuel net esou um Terrain verhalen huet wéi den Täter dat gäre gehat hätt.
🛑 | Schidsriichter, Trainer a bénévole Jugendbetreier ginn ëmmer méi dacks beleidegt, menacéiert oder souguer ugegraff. Politesch Verurteelungen oder Campagnë fir Opklärung si sécherlech wënschenswäert, bréngen allerdéngs ouni néideg Konsequenze fir Täter ganz wéineg bis näischt.
✅ | Dofir plädéiert FOKUS. fir eng circonstance aggravante am Lëtzebuerger Code pénal wann Delikter géint Persoune mat enger wichteger Aufgab fir d’Allgemengwuel begaange ginn.
Wärend hirer Ausübung sollten:
👉 | Schidsriichter, Trainer a Jugendbetreier am Sport
👉 | Buschauffer a Personal am ëffentlechen Transport
👉 | Léierpersonal
👉 | Asazkraaft an insgesamt de Rettungsdéngscht
besser géint Gewaltakte geschützt ginn.
Mat der Loi du 5 juin 2019 gouf schonn den Artikel 269 vum Code pénal ugepasst, fir Persounen an der sécurité civile besser ze schützen. Dëse Prinzip betrëfft haut schonn Secouristen an aner Asazkräfte a soll och konsequent op aner Beruffsgruppen an op de Benevolat ausgebaut ginn.
Wien et eescht mengt mat de Wäerter an eiser Gesellschaft, dee muss genau déi Leit schützen, déi an der éischter Rei vun dëser stinn.
Fir méi Respekt. Fir konsequent Bestrofung. Fir eng Alternativ mat Vernonft.