déi gréng Norden

déi gréng Norden Wëllkomm op der offizieller Facebook-Präsenz vun déi gréng Norden!

07/08/2026
28/07/2026

Dat heiten ass keng KI Foto. Et ass eng Foto vum enger Plage am Département Gironde a Frankräich, vum Fotograf Maximilien Lamy de 25. Juli 2026.

Wat no enger Filmzeen ausgesäit, oder enger dystopescher Illustratioun, ass d'Realitéit: Wärend d'Leit probéieren, hir wuelverdéngte Vakanz ze genéissen, brennt d'Landschaft um Horizont.

Dat erschreckendsten un der ganzer Saach, ass net d'Feier selwer. Nee, et ass wéi séier mir ufänken, esou Biller als normal z'akzeptéieren. D'Klimakris ass keng abstrakt Bedrohung méi. Si ass virun eiser Dier an Deel vun eisem Alldag.

Grad elo widderhuele mir eis sou wéi mir et scho säit Jore maachen: Klimaschutz ass Mënscheschutz! Dofir muss d'Klimakris europawäit erëm politesch Prioritéit ginn. Well d' Natur wäert ni verhandelen, mee Politiker*innen schonn.

Nëmme mat konsequentem Klimaschutz kënne mir ons besser op dat virbereeden, wat scho laang ugefaangen huet.

24/07/2026
21/07/2026

🇱🇺 Komm laanscht op eisen nächste Meet-up! 🌻💚
Léier nei Leit kennen, tausch dech aus an hëllef mat, eng méi gerecht a gréng Zukunft ze gestalten. Jidderee ass wëllkomm!

🇫🇷 Rejoins-nous lors de nos prochaines rencontres !🌻💚
Viens rencontrer de nouvelles personnes, échanger des idées et contribuer à construire ensemble un avenir plus juste et plus vert. Tout le monde est bienvenu !

🇬🇧 Join us at our upcoming meet-ups!🌻💚
Come along, meet new people, exchange ideas and help shape a fairer and greener future together. Everyone is welcome!

13/07/2026

🚘 Haut leschten Ettelbrécker Gemengerot virun der Summervakanz

An d'Svenja Birchen huet direkt zwou Froen agereecht déi mam (stoende) Verkéier ze din hunn.

Eng Kéier freet d'Svenja no wéinst der Situatioun am Boulevard Grande Duchesse Charlotte. Hei hate mir scho virun 2 Joer op d'Problemer opmierksam gemaach, déi den CFL-Parking hannen an der Strooss veruersaacht, mä bis elo ass nach näischt zum Bessere geschitt.
Déi zweet Fro behandelt d'Falschparke beim Bistro Kaell an der Rue de Burden. Hei stinn deelweis d'Trottoire voll mat de Motorrieder vu Cliente vum Restaurant. Och war hei viru kuerzem ee klengt Freedefeier ofgeschoss ginn, wouzou mir méi Informatioune wëlle kréien.

De ganzen Ordre du jour an eis Froen a Schrëftform fannt der wéi ëmmer an de Kommentarer.

Adresse

Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque déi gréng Norden publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à déi gréng Norden:

Raccourcis

Partager