Esou kriss du an der CSJ d’Méiglechkeet fir vill aner Jonker vu Lëtzebuerg an aus eisen europäeschen Partnerlänner kennenzeléieren. D’CSJ'ler sinn nämlech op de verschiddensten Niveau'en aktiv, sief et an de Gemengen, de Sektiounen a Bezierker, um nationalen oder internationale Plang. Ausserdeem offréiert d’CSJ senge Memberen zu deenen ënnerschiddlechste politeschen Themen Bildungscoursën an Aarbe
chtsgruppen. Niewent dëser politescher Funktioun gehéieren zur CSJ och kulturell a sportlech Fräizäitaktivitéiten, d’Feieren an natierlech de gemittleche Pättchen ënner Kolleginnen a Kollegen, dozou. Bass du interesséiert? Da komm an denk mat, schwätz mat, decidéier mat! Zesumme mat eis, an der CSJ!