déi gréng Réiser

déi gréng Réiser Lokalsektioun vun déi gréng am Réiserbann
Section locale de déi gréng (Les Verts) - Commune de Roeser Oder maacht eis eng Email op [email protected]

déi gréng Réiserbann sinn eng sympatesch an dynamesch Equipe vu jonken a manner jonken Awunner:innen vu Réiser, Crauthem, Peppeng, Béiweng, Bierchem, Léiweng a Kockelscheier, déi sech an eiser Gemeng - an doriwwer eraus - fir de Schutz vun Natur, Emwëlt a Klima, fir e flott an harmonescht Zesummeliewen, fir eng lieweg Gemeng, fir éierlech a novollzéibar Politik-Decisiounen, a ganz generell fir d'E

rhalen an d'Verbessere vun der Liewensqualitéit am Réiserbann interesséieren an engagéieren. déi gréng Réiserbann soen Iech Merci fir äert d'Vertrauen a fir déi 15,34% bei de läschte Walen 2017. Am Gemengerot vu Réiser sinn déi gréng duerch d'Nadine Brix (zanter 2011) an den Dan Michels (zanter 2017) vertrueden. Zéckt net eis hei ze schreiwen wann der mat eis wëllt a Kontakt kommen, oder wann der Froen, Remarquen oder Iddien hutt.

Nemmen nach e puer Deeg fir bei der Energiekooperativ vun der Gemeng Réiser matzemaachen 👍
21/03/2026

Nemmen nach e puer Deeg fir bei der Energiekooperativ vun der Gemeng Réiser matzemaachen 👍

🇱🇺 An Zesummenaarbecht mat SUDenergie, huet d'Gemeng e partizipative Fotovoltaik-Projet um Daach vun der Sportshal zu Krautem lancéiert ☀️. D'Biergerinnen an d'Bierger aus der Gemeng Réiser hunn d'Méiglechkeet sech um Projet ze bedeelegen andeems si Parten vun der Sociétéit "Energiekooperative Réiserbann" kafen 📝.
👉 Dir fannt méi Detailer iwwer dëse Projet esou wéi den Aschreiwungsformulaire op eiser Internetsäit: www.roeser.lu/energiekooperative
📅Den Aschreiwungsformulaire muss spéitstens de 27. Mäerz 2026 u SUDenergie eragereecht ginn.

🇫🇷 En partenariat avec SUDenergie, la commune a initié un projet photovoltaïque en copropriété sur le toit du hall omnisports à Crauthem️ ☀️. Les citoyennes et citoyens de la commune de Roeser ont la possibilité de participer à ce projet en souscrivant à l'achat de parts de la société "Energiekooperative Réiserbann S.C." 📝.
👉Vous trouverez plus de détails sur ce projet ainsi que le coupon-réponse sur notre site internet: www.roeser.lu/energiekooperative
📅Le coupon-réponse est à renvoyer à SUDenergie au plus t**d pour le 27 mars 2026.

AG Réiserbann 2026✨Eng flott Versammlung mat villen Iddien, oppene Gespréicher an engem richtegen Teamgeescht.Zesummen h...
28/02/2026

AG Réiserbann 2026✨

Eng flott Versammlung mat villen Iddien, oppene Gespréicher an engem richtegen Teamgeescht.

Zesummen huele mir Entscheedungen, iwwerhuele Verantwortung a setzen nei Impulser fir muer. 💬🤝

Vëlo fueren zu Réiser – mir schwätze mat! 🚲📢Haut den Owend hu mir un der Versammlung „Vëlo fueren an der Gemeng Réiser“ ...
12/11/2025

Vëlo fueren zu Réiser – mir schwätze mat! 🚲📢

Haut den Owend hu mir un der Versammlung „Vëlo fueren an der Gemeng Réiser“ deelgeholl.

Insgesamt goufen et spannend Diskussiounen iwwer d’Sécherheet an d’Zukunft vum Vëlofueren an eiser Gemeng.

Mir si frou, dobäi gewiescht ze sinn! 💚🌱

Adresse

Luxembourg

Téléphone

+352621233121

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque déi gréng Réiser publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à déi gréng Réiser:

Raccourcis

Partager