déi Lénk Suessem

déi Lénk Suessem section locale sanemoise, mouvement politique déi Lénk

05/08/2026

🇱🇺 An dësem Video erkläert d’Irina Holzinger nach emol firwat mir bei der Kordall-Etüd Bauchwéi kréien a stellt d’Fro wéi ee Klimaschutz schwätze kann a gläichzäiteg un ee Projet wéi de Contournement festhëlt. Dat eent ass mam aneren net kompatibel. Do kann een sech schonn d’Fro stellen: wou bleift de politesche Courage? Wou bleift d’Haltung?

03/08/2026

🇱🇺 An dësem Video kënnt d’Irina Holzinger op dat Thema “Canicule” zréck. Niewen den offensichtleche Beweeggrënn - de Schutz vu Kanner, vun eeler Leit an aner vulnerabele Persounen - geet et hei erëm eng Kéier drëms, dass d’Gemeng méi kloer a méi transparent informéieren a kommunizéieren misst!

A wéi sou oft wär dat Ganzt erëm am Tirang verschwonnen, wann déi Lénk Suessem net konsequent drop gehalen hätt dass d'K...
25/07/2026

A wéi sou oft wär dat Ganzt erëm am Tirang verschwonnen, wann déi Lénk Suessem net konsequent drop gehalen hätt dass d'Kordall-Etüd ëffentlech a kontrovers diskutéiert gëtt! Mir notéieren: hei am Land fuere mir einfach ouni Wäitsiicht riicht an d'Mauer an nennen dat dann Innovatioun... Ouni eis!

Bislang geizen die staatlichen Stellen mit Informationen zu einer großangelegten Studie, die auch Käerjeng, Differdingen und Petingen betrifft.

🇱🇺 Eis Canicule-Motioun — e klenge Schrëtt no vir.D'ganz Motioun ass net duerchkomm, mä ee Punkt schonn: de Schäfferot m...
23/07/2026

🇱🇺 Eis Canicule-Motioun — e klenge Schrëtt no vir.

D'ganz Motioun ass net duerchkomm, mä ee Punkt schonn: de Schäfferot muss elo e komplette Rapport iwwer seng Moossnamen virleeën a reegelméisseg driwwer berichten.

Fir eis e Succès an der Saach — de Klima gëtt am Gemengerot elo konkret diskutéiert, net méi mat Allgemengheeten. An d’Leit dobaussen, also DIR; gëtt ab elo och reegelméisseg informéiert!

Mir leeën de Fanger an d'Wonn. A mir bleiwen drun.

Méi Detailer am eischten Kommentar.

🇫🇷 Notre motion sur la canicule — un petit pas en avant.

L’ensemble de la motion n’a pas été adopté, mais un point important l’a été : le collège des bourgmestre et échevins devra désormais présenter un rapport complet sur les mesures mises en place et en rendre compte régulièrement.

Pour nous, c’est un véritable progrès : les conséquences du changement climatique sont désormais discutées de manière concrète au conseil communal, et non plus seulement de façon générale. Et les citoyens, c’est-à-dire vous, seront désormais informés régulièrement de l’évolution de la situation.

Nous continuons à mettre les problèmes en lumière et à demander des comptes. Et nous ne lâcherons pas le sujet.

Plus de détails dans le premier commentaire.

An den Kommentaren fannt der den Forums Beitrag aus dem Tageblatt vum Serge Urbany zum Thema Bascharager Contournement
06/07/2026

An den Kommentaren fannt der den Forums Beitrag aus dem Tageblatt vum Serge Urbany zum Thema Bascharager Contournement

A sengem Gast-Beitrag am Luxemburger Wort vu leschte Samschden, kënnt de Serge Urbany nach emol op d’Kordall-Etüd zréck....
17/06/2026

A sengem Gast-Beitrag am Luxemburger Wort vu leschte Samschden, kënnt de Serge Urbany nach emol op d’Kordall-Etüd zréck. Vill vun deene Kritikpunkte sinn och vun déi Lénk Suessem opgeworf ginn.

Eng nohalteg a laangfristeg Planung vum urbane Raum gesäit anescht aus…

Affaire à suivre!

Einfach neue Straßen zu bauen, genügt nicht als Verkehrskonzept, kritisiert Gastautor Serge Urbany.

13/06/2026

🇱🇺Ofschafung vun den Nuetsbusser, Privatiséierung vum Schoultransport a Chaos bei de Linnen. Nodeems den TICE leschte Summer seng Nuetsbusser ofgeschaaft huet, goufen d’Buslinnen Ufank 2026 nei organiséiert. Zënterhier ass villes méi schlecht ginn, an dat wat eemol en essentielle Service public am Minett war, gouf ruinéiert. Elo bezuele mir de Präis dofir.

Du wëlls owes erausgoen? – Domm gaang.

Du schaffs Schichten? – Domm gaang.

Däi Busarrêt ass verschwonnen? – Domm gaang.

Studenten.innen, Aarbechter.innen, eeler Awunner.innen a Famillje leiden all ënner Decisiounen, déi geholl goufen ouni richteg op déi Leit ze lauschteren, déi all Dag op dës Busser ugewise sinn.

Dat ass net just ee klenge Problem. Et ass e Verloscht u Mobilitéit, Sécherheet a gläichem Zougang zum ëffentleche Liewen.

D’Nuetsbusser mussen zeréckkommen. D’Linne mussen de Leit déngen, net der politescher Bequemlechkeet.

Wann s du es sat hues ignoréiert ze ginn, ënnerschreif d’Petitioun, deel deng Erfarung an hëllef eis Drock op den TICE an d’Gemengen am Süde vum Land auszeüben.
👉 Ënnerschreif eis Petitioun hei: https://tr.ee/Buses

🇫🇷Suppression des bus de nuit, privatisation du transport scolaire et chaos sur les lignes. Après que le TICE a supprimé ses bus de nuit l’été dernier, les lignes de bus ont été réorganisées début 2026. Depuis, beaucoup de choses se sont dégradées, et ce qui était autrefois un service public essentiel dans le Minett a été détruit. Aujourd’hui, nous en payons le prix.

Tu veux sortir le soir ? — Tant p*s pour toi.
Tu travailles en horaires décalés ? — Tant p*s pour toi.
Ton arrêt de bus a disparu ? — Tant p*s pour toi.

Les étudiant·e·s, les travailleurs et travailleuses, les personnes âgées et les familles souffrent tous de décisions prises sans réellement écouter celles et ceux qui dépendent chaque jour de ces bus.

Ce n’est pas juste un petit problème. C’est une perte de mobilité, de sécurité et d’égalité d’accès à la vie publique.

Les bus de nuit doivent revenir. Les lignes doivent servir la population, pas la commodité politique.

Si toi aussi tu en as assez d’être ignoré·e, signe la pétition, partage ton expérience et aide-nous à faire pression sur le TICE et les communes du sud du pays.

👉Signe notre pétition ici: https://tr.ee/Buses

Eisen Standpunkt zu der Etude de Mobilité Kordall.Mei Detailer am eischten Kommentar
04/06/2026

Eisen Standpunkt zu der Etude de Mobilité Kordall.
Mei Detailer am eischten Kommentar

27/05/2026

🇱🇺 D’Irina Holzinger kënnt nach emol op de leschte Gemengerot zréck an erkläert firwat déi Lénk Suessem enttäuscht doriwwer ass, wéi de Schäfferot mam politesche Diskurs hei an der Gemeng ëmgeet.

Link zum Original Audio an de Kommentarer

19/05/2026

🇱🇺 Hei, wéi versprach, e klengen Update zum Aarbechtsgrupp "Kommunikatioun", dee gëschter Owend zesummekomm ass. Et war ee konstruktiven a villverspriechenden Austausch: mir freeën eis op d'Suite an op de Suivie 😉

Adresse

Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque déi Lénk Suessem publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à déi Lénk Suessem:

Raccourcis

Partager