08/08/2026
📰🗞️
Eis Gemeng huet et nees an d’Zeitung gepackt, an dat wéinst enger Affär déi sech elo schonn zum zweete Mol widderhëlt. 🚫
Mir sinn enttäuscht vu verschiddene Membere vun der Majoritéit. 😔
Si hu sech bei eis iwwert genau dës Affär opgereegt an deemools kloer gesot, datt si eng Verlängerung net méi géife matdroen, sollt et dozou kommen. 🙌🏻
Elo gëtt dës Verlängerung awer nees matgedroen, ouni datt si hir eigentlech Meenung äusseren an dozou stinn. 🤐
Verschidde Gemengevertrieder schéngen dobäi ze vergiessen, datt een als Gemengeconseiller net an éischter Linn do ass, fir seng Partei ze vertrieden, mee fir all eis Biergerinnen a Bierger.
Schummt Iech!. 🫵🏼
Jiddereen, deen Hëllef brauch, soll a muss déi och kréien. ☝🏻
Mee sozial Hëllef däerf net op Käschte vu Fairness, Transparenz a Gläichbehandlung goen. Si muss am Respekt vun all eise Biergerinnen a Bierger a mat der néideger Transparenz no bausse erfollegen. 🫶🏻
Genee dofir hate mir den 8. Dezember eng konkret Propos gemaach, wéi een eis Wunnengen fair, transparent an no klore Krittäre kéint un déi Leit verdeelen, déi se wierklech brauchen.
Mir stinn nach ëmmer zu där Propos. 💪🏼
Well sozial Hëllef an Transparenz si kee Widdersproch.
Am Géigendeel, si gehéieren zesummen. 🫱🏻🫲🏼