03/08/2026
🔵 Réckbléck op Mini Hesper 2026
No méi wéi 10 Joer huet Mini Hesper dëst Joer säi grousse Comeback gefeiert, an et war eng richteg Erfollegsgeschicht! 👏
Am Kader vun de Vakanzaktivitéiten konnten déi Jonk op spillerescher Aart entdecken, wéi eng Gemeng funktionéiert. Ob bei der Police, beim CGDIS, de Gemengeservicer oder verschiddenen aner Atelieren, kruten si en eenzegaartegen Abléck an den Alldag vun enger Gemeng a konnten selwer aktiv matmaachen.
Esou Projete stäerken net nëmmen d’Neigier an d’Kreativitéit vun eise Kanner, mee vermëttelen hinnen och schonn am jonken Alter Wäerter wéi Verantwortung, Biergerbedeelegung an Zesummenhalt.
E Projet wéi Mini Hesper kann nëmme geléngen, wann vill Acteuren un engem Strang zéien. Educateuren, Gemengenaarbechter an déi vill aner Partner hunn zesumme geschafft, fir de Kanner eng onvergiesslech Erfarung ze bidden. 💙
Mir hunn eis och gefreet, de Minister Claude Meisch begréissen ze kënnen, deen sech perséinlech e Bild dovu gemaach huet, ob déi jonk Biergerinnen a Bierger och fläisseg un hirer Mini-Gemeng geschafft hunn. 😉
E besonnesche Merci geet un eise Claude Lamberty, deen dëse Projet ëmmer um Häerz gedroen huet a sech mat vill Iwwerzeegung dofir agesat huet, Mini Hesper nees an d’Liewe zeréckzebréngen.