Déi Gréng Déifferdeng

Déi Gréng Déifferdeng Mir schafen Zukunft // Nous créons l'avenir // Criamos o futuro 🍀👨🏻👵🏾👩🏼‍🦰👨🏿‍🦳👩🏾‍🦱

Déi Déifferdenger Geheimwaff géint de Klimawandel: De City Tree - Mär sinn der Meenung, dat ass eng deier MogelpackungOp...
30/07/2026

Déi Déifferdenger Geheimwaff géint de Klimawandel: De City Tree - Mär sinn der Meenung, dat ass eng deier Mogelpackung

Op fënnef verschidde Plazen an eiser Gemeng stinn di sougenannte "City Trees", déi sollen hëllefen d’Canicule méi erträglech ze maachen. Et gëtt behaapt si wieren den equivalent vun 81 richtege Beem an d’Temperatur wier bis zu 10 Grad manner an hirer Ëmgéigend. Wäit gefeelt. Gitt probéiert et selwer, an där wäert feststellen: nix - näischt - nada!

An dat fir de stolze Präis vun 62.160 € Lokatioun pro Joer fir déi 5 "City Trees". Iwwer déi ganz Lafzäit vu 5 Joer klammen d'Käschten op ronn 334.000 €, Installatioun an Transport mat agerechent. Fir déi Zomm kann ee vill richteg Beem planzen, déi wierklech e positiven Impakt op eist Klima hätten.

Duerfir fuerdere mer: Méi echt Gréng an eiser Stad a manner deier Technologie déi näischt bréngt.

---

L’arme secrète différdangeoise contre le changement climatique : le City Tree - une coquille vide aux coûts excessifs

Sur cinq différentes places dans notre commune sont implantés les soi-disant « City Trees » qui sont supposés apaiser les effets de la canicule. On prétend qu’ils représentent l'équivalent de 81 arbres réels et que la température ambiante y baisse de 10 degrés. Loin de là. Essayez vous-même et vous allez constater : rien du tout !

Et tout cela pour le prix exorbitant de 62 160 € de location par an pour les 5 « City Trees ». Sur l'ensemble des 5 années de location, la facture atteint environ 334 000 €, installation et transport compris. À ce prix-là, on pourrait planter de vrais arbres qui auraient un impact réel sur notre environnement.

Par conséquent, nous réclamons : plus de verdure authentique dans notre ville et moins de technologie coûteuse inefficace.

Diffbeach 🏖️2026 zu DéifferdengSchéi Wieder☀️ cool Leit a mega Stëmmung 💃🥂
25/07/2026

Diffbeach 🏖️2026 zu Déifferdeng
Schéi Wieder☀️
cool Leit a mega Stëmmung 💃🥂

🏛️ D'Phasen 2 an 3 vun Aquasud, 🅿️ déi nei Parktariffer, 🏡 en neit Konzept an eise Maison-Relaisen a vill aner wichteg D...
15/07/2026

🏛️ D'Phasen 2 an 3 vun Aquasud, 🅿️ déi nei Parktariffer, 🏡 en neit Konzept an eise Maison-Relaisen a vill aner wichteg Dossiere stoungen haut um Ordre du jour vum Gemengerot.

🌻 Als Déifferdenger Gréng hu mir eis op eng konstruktiv Aart a Weis abruecht, mat konkrete Kritiken a Propositiounen, ënnert anerem zu:

🏊 Aquasud – Phasen 2 an 3

⚽ Stade Jos Haupert: Mir hunn de Réckzuch vum Punkt gefrot an och accordéiert kritt, well den Dossier net komplett war an de Projet nach net ofgeschloss ass.

🅿️ Den neie Parktariffer, wou mir op eng méi gerecht an nohalteg Mobilitéit gepocht hunn.

📋 Vill weider Themen, déi eis Gemeng an hir Awunner direkt betreffen.

🎥 Lauschtert eis engagéiert Interventiounen an e puer Deeg ënnert dësem Link:

https://www.youtube.com/watch?v=lAR0gqYCbRY
☀️ Domadder verabschide mir eis elo an eng wuelverdéngte Summerpaus.

🌞 Mir wënschen Iech all e schéine Summer a freeën eis, Iech no der Vakanz nees mat Neiegkeete vun eiser politescher Aarbecht fir Déifferdeng um Lafenden ze halen.
📸 Dës Foto weist d'Interventioun vun eiser Conseillère Manon Schütz wärend der Gemengerotssëtzung vun haut.

📋 D'Gemengeconseilleren Laura Pregno, Manon Schütz a Paulo Aguiar si haut zesumme komm, fir de kommende Gemengerot virze...
10/07/2026

📋 D'Gemengeconseilleren Laura Pregno, Manon Schütz a Paulo Aguiar si haut zesumme komm, fir de kommende Gemengerot virzebereeden.

Um Ordre du jour stinn e puer wichteg Dossieren fir Déifferdeng:
🏊 D'Ëmgestaltung vun Aquasud
🏘️ Bezuelbare Wunnraum
🎣 De Fëschweiher zu Lasauvage
🅿️ Déi nei Parkingtariffer

Mir analyséieren all Dossier grëndlech a bereeden eis vir, fir konstruktiv Virschléi am Interessi vun de Biergerinnen a Bierger ze maachen.

Hutt Dir Froen oder Bemierkungen? Da schreift eis gär an d'Kommentaren.

🇱🇺 Haut gouf um Woiwer de Photovoltaik Carport ageweit. ☀️🚗  Mat dobäi waren d‘Manon Schütz an d‘Laura Pregno, eis gréng...
06/07/2026

🇱🇺
Haut gouf um Woiwer de Photovoltaik Carport ageweit. ☀️🚗 Mat dobäi waren d‘Manon Schütz an d‘Laura Pregno, eis gréng Vertriederinnen am Gemengerot. 🌻
Desse Projet fir weider erneierbar Energie ze produzéieren an direkt am Quartier Woiwer ze verbrauchen ass e Puzzlestéck 🧩 vu villen am Projet Net0Cities an zur Klimaneutralitéit. 🌍

🇫🇷
Le parking couvert photovoltaïque a été inauguré aujourd'hui à Woiwer. ☀️ 🚘 Manon Schütz et Laura Pregno, les représentantes de ‚déi Gréng‘ au conseil municipal, étaient présentes. 🌻 Ce projet, qui vise à produire davantage d'énergie renouvelable et à la consommer directement dans le quartier Woiwer, s'inscrit dans le cadre du projet Net0Cities et contribue à la neutralité climatique. 🌍

25/06/2026

🇱🇺 Jonk Leit verdéngen eng fair Chance um Aarbechtsmarché. 💼💚❤️

Mir hunn eis mam OGJ, der jonker OGBL, getraff fir iwwer den Accès vu Jonken op d’Aarbechtswelt ze schwätzen.

Am Mëttelpunkt stoungen d’Erausfuerderungen, mat deenen Jonker haut beim Start an d’Aarbechtsliewe konfrontéiert sinn: den Iwwergang vun der Schoul oder Uni an d’Beruffswelt, d’Qualitéit vun éischten Aarbechtsplazen, d’Situatioun vu Stagen, d’Roll vun der ADEM, prekär Aarbechtsverhältnisser, Diskriminéierung bei Bewerbungen an den Impakt vun der KI op d’Aarbechtswelt.

Fir eis ass kloer: Jonk Leit brauchen eng fair Chance um Aarbechtsmarché. Den Accès op eng gutt Aarbecht dierf net vum Zoufall, vu Kontakter oder vum soziale Background ofhänken.

Merci dem OGJ fir den oppenen a konstruktiven Austausch. Eis Reunion huet kloer gewisen: Dëst Thema beschäftegt vill Jonker a brauch méi politesch Opmierksamkeet. 💚❤️✊

🇫🇷 Les jeunes méritent une véritable chance sur le marché du travail. 💼💚❤️

Nous avons rencontré l’OGJ, la jeunesse de l’OGBL, pour échanger sur l’accès des jeunes au monde du travail.

Au centre de nos discussions figuraient les défis auxquels les jeunes sont aujourd’hui confronté·e·s au moment d’entrer dans la vie professionnelle : la transition entre l’école ou l’université et le monde du travail, la qualité des premiers emplois, la situation des stages, le rôle de l’ADEM, les conditions de travail précaires, les discriminations dans les processus de candidature ainsi que l’impact de l’IA sur le monde du travail.

Pour nous, une chose est claire : les jeunes ont besoin d’une chance équitable sur le marché du travail. L’accès à un bon emploi ne doit pas dépendre du hasard, des contacts ou du milieu social.

Merci à l’OGJ pour cet échange ouvert et constructif. Il a clairement montré que ce sujet préoccupe beaucoup de jeunes et mérite davantage d’attention politique. 💚❤️✊

🇬🇧 Young people deserve a fair chance in the labour market. 💼❤️💚

We met with OGJ, the youth section of OGBL, Luxembourg’s largest trade union, to discuss young people’s access to the world of work.

At the centre of our discussion were the challenges young people face today when entering professional life: the transition from school or university into work, the quality of first jobs, the situation of internships, the role of ADEM, precarious working conditions, discrimination in recruitment processes, and the impact of AI on the world of work.

For us, one thing is clear: young people need a fair chance in the labour market. Access to a good job must not depend on luck, personal contacts, or social background.

Thank you to OGJ for the open and constructive exchange. It clearly showed that this topic matters to many young people and deserves more political attention. 💚❤️✊

🇱🇺✨ Schéinen Nationalfeierdag 2026✨🇱🇺
23/06/2026

🇱🇺✨ Schéinen Nationalfeierdag 2026✨🇱🇺

Youth & Culture – JUKOWO 2026 🎨Mir waren zu villen op der Präisiwwerreechung vu Youth & Culture JUKOWO dobäi.👏 Häerzlech...
22/06/2026

Youth & Culture – JUKOWO 2026 🎨

Mir waren zu villen op der Präisiwwerreechung vu Youth & Culture JUKOWO dobäi.

👏 Häerzlech Gratulatioun un all déi jonk Kënschtlerinnen a Kënschtler fir hir Kreativitéit, hiert Talent an hiren Asaz.

🙏 E grousse Merci un de Service Jeunesse vun der Stad Differdange fir dës flott Manifestatioun, déi de Jonken eng Stëmm an eng Plattform gëtt

💚🌻
07/03/2026

💚🌻

Haut de Mueren 💚 Kongress 🌻Och mat Déifferdeng Gréngen
07/03/2026

Haut de Mueren 💚 Kongress 🌻
Och mat Déifferdeng Gréngen

Adresse

Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Déi Gréng Déifferdeng publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Déi Gréng Déifferdeng:

Raccourcis

Partager