déi Lénk Diddeleng

déi Lénk Diddeleng Informations de contact, plan et itinéraire, formulaire de contact, heures d'ouverture, services, évaluations, photos, vidéos et annonces de déi Lénk Diddeleng, Organisation politique, Luxembourg.

29/07/2026

Mir sinn haut op e Kommentar opmierksam gemat ginn, deen eng Persoun geschriwwen huet, déi 2023 op eiser Lëscht fir d'Gemengewale kandidéiert huet.

Mir distanzéieren eis heimat formell an an aller Kloerheet vum Inhalt vun dem Kommentar. Ënnert engem Artikel iwwer de Prison en Amalgame tëschent Net-Lëtzebuerger a Krimineller ze maachen ass inakzeptabel. Ze schreiwen, Leit ouni Pabeieren kinnten an der Wüst oder um Schlauchboot am Mëttelmier ausgesat ginn, ass mënscheveruechtend. Virun allem wëssend, wéivill Leit all Joer op der Flucht viru Krich, Honger oder Verfollegung hiert Liewe loossen.

Als Lénk setze mir eis an fir sécher Fluchtweeëer, déi reell Méiglechkeet fir Flüchtlingen an immigréiert Mënschen, sech hei e séchert Liewen opzebauen, an eng oppe Gesellschaft.

Haut woar dee leschte Gemengerot virun der Summerpaus:👩‍⚕️ Den Titel vum 1. Eirebierger vun der Stad Diddeleng wäert un ...
10/07/2026

Haut woar dee leschte Gemengerot virun der Summerpaus:

👩‍⚕️ Den Titel vum 1. Eirebierger vun der Stad Diddeleng wäert un d'Dr. Marie-Claire Theisen-Aspesberro goen. D'Carole huet haut hirt sozialt Engagement ervirgestrach, dat wäit iwwer hire Beruff als Kannerdoktesch erausgeet. Säit 64 Joer ënnerstëtzt d'Dr. Theisen Familljen an alle Beräicher - onofhängeg vun Nationalitéit, Kultur, Konstellatioun oder sozialem Hannergrond. Dat Engagement wäert am Hierscht vun der Gemeng geéiert ginn.

📈 Mir hunn haut och fir déi 2. Konventioun mam Liser am Kader vum observatoire social gestëmmt. Virun allen d'Permakris Logement bedéngt, dass d'Gemeng sou vill wéi méiglech Données brauch zum Bestand an och de Besoins. Mir hunn dobäi probéiert, Akzenter ze definéieren an de Fuerscher mat op de Wee ginn, sech mat engem méigleche Mietspiegel pro Quartier zu Diddeleng ze befaassen.

💰 Mir hunn haut souwuel ordinär Subsiden fir d'Veräiner, wéi och extraordinärer fir Organisatiounen matgestëmmt. Frou si mer, dass op eis Initiativ hin de Subside fir Passerell asbl konnt gehéicht ginn, déi eng enorm wichteg Aarbecht leescht am Beräich vu juristescher Ennerstëtzung fir Geflüchteter.

⚽️ Mir hunn och den Devis fir den Neibau vun der Sportshal Deich / Buvette F91 matgestëmmt. De Projet schaaft eng flott Synergie tëschent dem Fussballveräin op der enger Säit an der Schoul a Maison relais op der anerer.

Du hues Froen oder Remarquen zu eiser Aarbecht am Gemengerot? Schreiw eis eng DM oder schwätz mat eis moar op der Pride 🏳️‍🌈 an der Stad.

03/07/2026
19/06/2026
13/06/2026

🇱🇺Ofschafung vun den Nuetsbusser, Privatiséierung vum Schoultransport a Chaos bei de Linnen. Nodeems den TICE leschte Summer seng Nuetsbusser ofgeschaaft huet, goufen d’Buslinnen Ufank 2026 nei organiséiert. Zënterhier ass villes méi schlecht ginn, an dat wat eemol en essentielle Service public am Minett war, gouf ruinéiert. Elo bezuele mir de Präis dofir.

Du wëlls owes erausgoen? – Domm gaang.

Du schaffs Schichten? – Domm gaang.

Däi Busarrêt ass verschwonnen? – Domm gaang.

Studenten.innen, Aarbechter.innen, eeler Awunner.innen a Famillje leiden all ënner Decisiounen, déi geholl goufen ouni richteg op déi Leit ze lauschteren, déi all Dag op dës Busser ugewise sinn.

Dat ass net just ee klenge Problem. Et ass e Verloscht u Mobilitéit, Sécherheet a gläichem Zougang zum ëffentleche Liewen.

D’Nuetsbusser mussen zeréckkommen. D’Linne mussen de Leit déngen, net der politescher Bequemlechkeet.

Wann s du es sat hues ignoréiert ze ginn, ënnerschreif d’Petitioun, deel deng Erfarung an hëllef eis Drock op den TICE an d’Gemengen am Süde vum Land auszeüben.
👉 Ënnerschreif eis Petitioun hei: https://tr.ee/Buses

🇫🇷Suppression des bus de nuit, privatisation du transport scolaire et chaos sur les lignes. Après que le TICE a supprimé ses bus de nuit l’été dernier, les lignes de bus ont été réorganisées début 2026. Depuis, beaucoup de choses se sont dégradées, et ce qui était autrefois un service public essentiel dans le Minett a été détruit. Aujourd’hui, nous en payons le prix.

Tu veux sortir le soir ? — Tant p*s pour toi.
Tu travailles en horaires décalés ? — Tant p*s pour toi.
Ton arrêt de bus a disparu ? — Tant p*s pour toi.

Les étudiant·e·s, les travailleurs et travailleuses, les personnes âgées et les familles souffrent tous de décisions prises sans réellement écouter celles et ceux qui dépendent chaque jour de ces bus.

Ce n’est pas juste un petit problème. C’est une perte de mobilité, de sécurité et d’égalité d’accès à la vie publique.

Les bus de nuit doivent revenir. Les lignes doivent servir la population, pas la commodité politique.

Si toi aussi tu en as assez d’être ignoré·e, signe la pétition, partage ton expérience et aide-nous à faire pression sur le TICE et les communes du sud du pays.

👉Signe notre pétition ici: https://tr.ee/Buses

24/04/2026
Haut woar nees Gemengerot. Mir hunn déi wichtegst Punkten zesummegefaasst.
13/02/2026

Haut woar nees Gemengerot. Mir hunn déi wichtegst Punkten zesummegefaasst.

Och wa mir frou sinn, dass de Schäfferot an Zukunft de Sozialdialog wëll méi seriö huelen, sou si mir awer verwonnert iw...
03/02/2026

Och wa mir frou sinn, dass de Schäfferot an Zukunft de Sozialdialog wëll méi seriö huelen, sou si mir awer verwonnert iwwer d'Virgoe vun der LSAP, eng Charte z'ënnerschreiwen a gläichzäiteg déi majoritär Gewerkschaft auszeschléissen:

"Ebenso unverständlich ist die Haltung der Stadt Düdelingen, die diesen Schritt mitträgt, obwohl die gewerkschaftlichen Mehrheitsverhältnisse innerhalb der Gemeinde bekannt sind. In der Beamtendelegation stellen OGBL-Mitglieder die Mehrheit, in der Salariatsdelegation ist der OGBL allein vertreten. Damit wird ausgerechnet jene Gewerkschaft ausgeschlossen, die den überwiegenden Teil der betroffenen Beschäftigten repräsentiert."

Der OGBL reagiert mit großem Unverständnis auf seinen Ausschluss von der Unterzeichnung einer Charta zwischen FGFC und der Stadt Düdelingen und sieht darin eine Reaktion auf seine legitime Forderung nach Beteiligung an den Verhandlungen zum Gehälterabkommen im öffentlichen Dienst.

Dieser Ausschluss untergräbt die Glaubwürdigkeit des Sozialdialogs, da ausgerechnet der OGBL als größte und in der Gemeinde mehrheitlich vertretene Gewerkschaft außen vor gelassen wird, obwohl sie viele betroffene Beschäftigte repräsentiert.

▶️ Mehr Infos: https://tinyurl.com/mpencr5w

Adresse

Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque déi Lénk Diddeleng publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager