Déi Gréng Nordstad

Déi Gréng Nordstad Regionalsektioun Nordstad vun déi gréng
Koordinator: Claude Feltgen
Kontakt: [email protected]

🚘 Haut leschten Ettelbrécker Gemengerot virun der SummervakanzAn d'Svenja Birchen huet direkt zwou Froen agereecht déi m...
13/07/2026

🚘 Haut leschten Ettelbrécker Gemengerot virun der Summervakanz

An d'Svenja Birchen huet direkt zwou Froen agereecht déi mam (stoende) Verkéier ze din hunn.

Eng Kéier freet d'Svenja no wéinst der Situatioun am Boulevard Grande Duchesse Charlotte. Hei hate mir scho virun 2 Joer op d'Problemer opmierksam gemaach, déi den CFL-Parking hannen an der Strooss veruersaacht, mä bis elo ass nach näischt zum Bessere geschitt.
Déi zweet Fro behandelt d'Falschparke beim Bistro Kaell an der Rue de Burden. Hei stinn deelweis d'Trottoire voll mat de Motorrieder vu Cliente vum Restaurant. Och war hei viru kuerzem ee klengt Freedefeier ofgeschoss ginn, wouzou mir méi Informatioune wëlle kréien.

De ganzen Ordre du jour an eis Froen a Schrëftform fannt der wéi ëmmer an de Kommentarer.

⛳ Mir hu gëschter eis Summersaison mat e bësse Minigolf lancéiert!
10/07/2026

⛳ Mir hu gëschter eis Summersaison mat e bësse Minigolf lancéiert!

01/07/2026

🏳️‍🌈

20/06/2026

🎉 D'Nordstad wëll fusionnéieren!

Déi 4 Nordstad-Gemengeréit hu leschte Méindeg d'Déclaration d'intention de fusionner gestëmmt. Eis 3 gewielte Vertrieder*innen hunn dee Vott ënnerstëtzt.

Lo ass et d'Aufgab iech alleguerten d'Grënn fir dës Fusioun méi nozebréngen. Mir huelen dat serieux an hunn och schonn eng ganz Rei Saachen dofir geplangt. Followed eis fir näischt ze verpassen!

🎉 D'Nordstadfusioun kënnt ëmmer méi no!Ee Méindeg gouf déi sougenannten 'Déclaration d'intention de fusionner' an de 4 N...
17/06/2026

🎉 D'Nordstadfusioun kënnt ëmmer méi no!

Ee Méindeg gouf déi sougenannten 'Déclaration d'intention de fusionner' an de 4 Nordstad-Gemengeréit gestëmmt. Dat heescht, nächsten a leschten Halt virun der Fusioun ass de Referendum am Hierscht 2027. Mir freeën eis schonn op interessant a spannend Diskussioune mat iech bis dohinner!

P.S.: Mir wëssen och net wisou de Frank esou schwätzt 🙃

Super happy driwwer ewéi sech eis Iddi entwéckelt huet 🇨🇻
16/06/2026

Super happy driwwer ewéi sech eis Iddi entwéckelt huet 🇨🇻

🔜 D'Nordstad kënnt ëmmer méi noEe Méinden ass den nächste wichtege Schratt a Richtung Nordstadfusioun. Dann treffe sech ...
13/06/2026

🔜 D'Nordstad kënnt ëmmer méi no

Ee Méinden ass den nächste wichtege Schratt a Richtung Nordstadfusioun. Dann treffe sech nämlech (quasi) gläichzäiteg déi 4 Gemengeréit a stëmmen driwwer of, ob si no de laange Verhandlungen déi lescht Joer tatsächlech fusionnéiere wëllen oder net. Wichteg dobäi ze wëssen ass, datt bei engem positive Vott an de 4 Gemengeréit d'Leit d'nächst Joer am Hierscht an engem Referendum dat lescht Wuert wäerten hunn.

Déi komplett Ordres du jour fannt dir wéi gewinnt an de Kommentarer!

🚙Äntwerten zu Halterungen fir d'Valorlux-Tuten u Luuchtepotoen an zum Vitesse-Problem an den 30er ZonenNieft der Fro zu ...
09/06/2026

🚙Äntwerten zu Halterungen fir d'Valorlux-Tuten u Luuchtepotoen an zum Vitesse-Problem an den 30er Zonen

Nieft der Fro zu de Fussballsterrainen hat d'Svenja Birchen nach zwou weider Froen fir eis mat an de leschten Ettelbrécker Gemengerot matgeholl.
Eng Kéier ass et zu méiglechen Halterunge fir déi Blo Tuten un de Luuchtepotoe gaangen. Dat ass eng Approche, déi bis elo an e puer Gemengen am Land ausprobéiert gëtt fir dem Problem entgéint ze wierken, datt d'Tuten duerno iwwerall leien, just net do wou se sollen.
Déi ganz Äntwert kann ee sech hei ulauschteren: https://grenglokal.lu/content/uploads/sites/28/2026/06/260522-Fro-Valorlux.mp3

An dann ass et nach ëm de leider alldeegleche Problem vun der ze héicher Vitesse am Stroossentraffic gaangen, spezifesch an der Waarkener Strooss. Hei gouf et d'Informatioun vun der Gemeng, datt ee geschwënn als éischt Gemeng am Land eng baulech Mesure aféiere wäert fir d'Geschwindegkeet ze begrenzen, dat awer net an der Waarkener Strooss.
Méi Informatiounen dozou hei am Audio: https://grenglokal.lu/content/uploads/sites/28/2026/06/260522-Fro-Vitesse.mp3

⚽ D'Fussballsterrainen am Däich si besser ewéi hire RuffVirun 3 Woche war ee Facebook-Post iwwer d'Qualitéit vun den Ett...
06/06/2026

⚽ D'Fussballsterrainen am Däich si besser ewéi hire Ruff

Virun 3 Woche war ee Facebook-Post iwwer d'Qualitéit vun den Ettelbrécker Fussballsterrainen hei am Land e bësse viral gaangen. Mir hunn dat als Ophänker geholl gehat fir am Gemengerot mol eng Kéier méi genau ze froen, wéi et ëm d'Terraine steet, an ob et schonn eppes Neies gëtt a punkto geplangte syntheteschen Terrain.

Déi ganz Diskussioun kann een hei nolauschteren: https://grenglokal.lu/content/uploads/sites/28/2026/05/260522-Fro-Fussballterrains.mp3

04/06/2026

⚽Villbenotzte Sportsterrain beim LTEtt verschwënnt geschwënn - Mir setzen eis weiderhi fir déi Jugendlech an

Mir bedaueren et immens, datt geschwënn de Sportsterrain beim LTEtt duerch ë.a. ee Parking ersat wäert ginn. Mir hätten eis hei esouwuel vun der Gemeng, ewéi awer och vum Ministère méi Asaz a Kreativitéit gewënscht fir dës immens wichteg Plaz méi laang ze erhalen. Dat esou wuel am Hibléck op déi aktuell Diskussioun ëm d'Screen-Life-Balance vun de Kanner a Jugendlechen, ewéi och dorobber, datt d'Gemeng Ettelbréck eng "kannerfrëndlech Stad" wëll ginn.

De Sportsterrain soll am Kader vum Réaménagement vum gesamte Campus vun der aler Ackerbauschoul Plaz maachen. Et soll zwar een neie Sportsterrain op de Campus kommen, mä wéini dee fäerdeg gëtt, an ob en iwwerhaapt fir d'Effentlechkeet opgeet konnt een eis bis elo net soen. De Chantier soll Ufank nächst Joer lass goen a fréistens fir d'Rentrée 2032 fäerdeg sinn.

Adresse

Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Déi Gréng Nordstad publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Déi Gréng Nordstad:

Raccourcis

Partager