Piraten Gemeng Stengefort

Piraten Gemeng Stengefort Lëtzebuerg: modern & fair fir jiddereen

10/08/2026
20/07/2026
26/06/2026

😢 De brutale Doud vum 17 Joer ale Louis a Frankräich huet mech déif beréiert.

https://www.rtl.de/news/frankreich-louis-17-in-hinterhalt-gelockt-und-totgepruegelt-id31011890.html

E jonke Mënsch gouf an eng Fal gelackelt, brutal zesummegeschloen an ass e puer Deeg méi spéit un senge Blessure gestuerwen. Besonnesch erschreckend ass, datt de Louis an der Betreiung vun der franséischer Kanner- a Jugendhëllef war an d’Täter hien aus dësem Ëmfeld kannt hunn.

No den aktuelle Informatioune waren d’Täter franséisch Staatsbierger.

Wéi schütze mir eis Kanner a Jugendlecher besser?

Fir mech weist dëse Fall, datt mir an Europa iwwer e bessere Kannerschutz an eng Reform vum Jugendstrofrecht schwätze mussen. Bei besonnesch schwéieren a virsätzleche Gewaltverbrieche soll iwwerpréift ginn, ob den Alter vun der Strofmëndegkeet nach zäitgeméiss ass.

Wien esou Taten bewosst plangt an ausféiert, muss och entspriechend Verantwortung iwwerhuelen!

Meng Gedanke si bei der Famill an de Frënn vum Louis. Keen Elterendeel soll säi Kand op esou eng barbar Aart a Weis verléieren.

🕊️ Rou a Fridden.

06/05/2026

Den Index wäert am Juni falen, et dierf awer net Tripartite benotzt gi fir en ausfalen ze loossen.

27/04/2026

🦫 Nutria zu Lëtzebuerg – Déiereschutz muss Prioritéit hunn.

🦫Dës Déieren goufen viru laanger Zäit importéiert a sinn haut Deel vun eiser Natur. Ee mënschegemaachte Problem. Elo ginn dës Déieren agefaangen.

An duerno? Mir wëlle wëssen, ob d'ANF se dout mécht. 💀

❗ Dat wier fir eis net akzeptabel.

⚓🌱 Ëmweltmanagement däerf net automatesch heeschen, Déieren ze eliminéieren. Et brauch Léisungen, déi d’Liewe respektéieren.

Mir kënnen d’Ausbreedung reguléieren, ouni systematesch Déieren ëmzebréngen.
💜D’Piraten setzen sech fir eng Politik an, déi Déiereschutz eescht hëlt an no Alternativen sicht, amplaz op Doud ze setzen.


Adresse

Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Piraten Gemeng Stengefort publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Piraten Gemeng Stengefort:

Raccourcis

Partager