31/07/2026
Gemengerot vum 15.Juli 2026
☀️🌳 Eis Motioun fir eng méi resilient Gemeng gouf ugeholl!
Hëtztwellen ginn ëmmer méi heefeg. Mir hu gefuerdert, datt d'Gemeng elo e Plang fir Hëtzteresilienz ausschafft. D'Zil ass kloer: eis Dierfer un de Klimawandel upassen an d'Liewensqualitéit fir all AwunnerInnen verbesseren.
🌳 méi Beem, Gréngflächen a Schied am ëffentleche Raum,
💧 e bessere Zougang zu Drénkwaasser,
🧱 Entsigelung a méi Plaz fir Natur,
🏡 klimafrëndlech Bauprojeten an eng Architektur, déi sech un déi nei klimatesch Realitéiten upasst.
Solidaritéit tëscht Noperen a Schutz fir vulnérabel Persounen.
Mir freeën eis, datt dës Motioun – an enger ugepasster Form – vun alle Parteien ausser dem ADR ugeholl gouf. Elo muss dëse Plang mat konkrete Mesuren ëmgesat ginn.
🏡 Eng nohalteg Entwécklung vum Quartier Käl-Nord
Zougestëmmt: - der Convention cadre mam Ministère du Logement et de l’Aménagement du territoire -dem PDP vum zukünftege Quartier Käl-Nord.
Fir eis ass dëse Projet e Schrëtt an déi richteg Richtung: abordabele Wunnraum, Gréngflächen, sécher Weeër fir Foussgänger a Vëloen, manner Autosverkéier.
Konform mat de Klima-a Biodiversitéitsziler vun der Gemeng
🏊 Bébés nageurs bleiwen erhalen
Mir hunn och d'Convention mam Schwammclub Monnerech matgestëmmt. Et ass eis wichteg, datt d'Kuren « Bébés nageurs » och an Zukunft ugebuede kënne ginn.
☀️ D'Energietransitioun däerf net um Budget scheiteren.
De Budget fir d'Subsiden op Photovoltaikanlagen ass schonn ausgeschöpft. Fir eis ass dat dat falscht Signal. Wien haut an erneierbar Energie investéiert, soll net Méint op seng Ënnerstëtzung waarden. Dofir hu mir eng Budgetserweiderung gefuerdert. Leider gouf dës Propositioun net ugeholl.
🍎 Liewensmëttel retten amplaz verschwenden
Eis Propose: nach dëst Joer eng Informatiounscampagne iwwer d'Aktioun « Gielt Band » ze organiséieren. Esou kënnen d'Friichte vun den ëffentleche Beem vun de Bierger gepléckt ginn, amplaz ongenotzt um Buedem ze landen.
💚 Mir setzen eis weider konsequent fir eng nohalteg, sozial an awunnerfrëndlech Gemeng an – mat méi Natur an eisen Dierfer, enger konsequenter Energietransitioun a Léisungen, déi d'Liewensqualitéit vun allen Awunner stäerken.