Freedom Not Fear Luxembourg

Freedom Not Fear Luxembourg D'Demonstratioun wärt um 14h op der Gare zu Lëtzebuerg ufänken, vun wou aus mer dann wärten en Ëmzuch bis an d'Uewerstaat maachen. SWIFT) musse verhënnert bzw.

An ganz Europa gëtt all Joer eng Freedom Not Fear (Freiheit statt Angst) Demonstration organiséiert vir géint d'verdachtsonofhängeg Iwwerwaachung vun all Bierger ze protestéieren. D'Facebook Event:
https://www.facebook.com/events/1494026164161239/

Eisen Twitter Account:
https://twitter.com/fnfLU


Eis Fuederungen
==========


En Ofbau vun der momentaner Iwwerwaachung! E Stopp vun der Vorratsdaten

speicherung

Nach ëmmer ginn a Lëtzebuerg d’Kommunikatiouns- a Verbindungsdonnéeën vun all Telefon, Handy an Internetverbindung ouni Verdacht fir 6 Méint gespäichert. Dës Praxis ass en schwéieren Agrëff an d’Privatsphär, d’informationell Selwerbestëmmung an ass inkompatibel mat der Onscholdsvermuddung. D’Vorratsdatenspeicherung ass an Däitschland an Tschechien dowéinst schonn als verfassungswiddereg erklärt ginn. Mir fuerderen d’lëtzebuerger Regierung an eis EU-Députéiert op, d’Vorratsdatenspeicherung ze stoppen. Géint Iwwerwaachung, och op EU Niveau! D’lëtzebuerger Regierung muss sech an der EU fir méi Privatsphär an Dateschutz asetzen. Projete wéi den Austausch vu Passagéierdaten tëscht der EU an den USA (PNR – Passenger Name Record) oder den Informatiounsaustausch mat Drëttlänner ouni Kontrollméiglechkeeten (z.B. gestoppt ginn. Fuerschungsprojeten, déi d’Ziel hunn weider Iwwerwaachungsmesurë géint all EU Bierger op ze bauen (z.B. INDECT) dierfen net vun der EU finanzéiert ginn! E Stopp vun weideren Iwwerwaachungsmesuren! Schülerdatebank

Den Gesetzprojet iwwert d’Schülerdatebank geséit vir Profiler vu Schüler ze erstellen. Et ass op kee Fall akzeptabel, datt esou detailléiert Profiler vun net kriminellen Persounen erstallt gëtt. Dowéinst fuerderen mir en direkten Stopp vum Projet! ACTA 2.0

Mat groussen Campagnen huet d’europäesch Bevëlkerung gewisen, dat se net mat ACTA averstanen ass an huet et gepackt d’Ofkommen ze kippen. Dëse Wonsch gëllt et ze respektéieren. All weider Texter déi Elementer vun ACTA erëmhuelen mussen ofgeleent ginn! Vernetzung vun Datebanke mat perséinlechen Informatiounen

D’Regierung plangt ëmmer méi Datebanke mat ëmmer méi perséinlechen Informatiounen, déi och ënnereneen verbonn solle ginn. Nieft dem geplangten nationalen a kommunale Persouneregister solle Schüler a Studenten an der Schülerdatebank kategoriséiert ginn a biometresch Donnéeën op enger elektronescher Carte d’Identité gespäichert ginn. Besonnesch kritesch ass d’Vernetzung vun Datebanken, déi fir d’Erstelle vu ganze Perséinlechkeetsprofiler benotzt kënne ginn. Mir fuerderen en Iwwerdenke vun der aktueller Politik an d’Iwwerschaffe vun de Gesetzprojeten an dësem Beräich! Videoiwwerwaachung am ëffentlechen Raum

Den ëffentlechen Raum gëtt ëmmer méi staark a permanent videoiwwerwaacht. Technologien ewéi beispillsweis biometresch Gesiichtserkennung bréngen eng Rëtsch Geforen mat sech déi d’Politik thematiséieren muss. Eng Verbreedung vun der Videoiwwerwaachung am ëffentlechen Raum muss verhënnert ginn. Et muss méiglech sinn, sech onageschränkt am ëffentleche Raum ze beweegen ouni iwwerwaacht ze ginn! Zensur am Internet

Et muss weider méiglech sinn, seng Meenung frei an anonym auszedrécken. Et dierf net ob Drock vu groussen Firmen eng Zensur vum Internet agefouert ginn! Eng Evaluatioun vun den momentanen Iwwerwaachungsmesuren! D’Bierger an den ëffentlechen Raum ginn ëmmer méi iwwerwaacht. Beweiser fir eng erhéichten Sécherheet existéieren awer net! Mir fuerderen dowéinst eng Iwwerpréifung vun de momentanen Iwwerwaachungssystemer. Rechter schützen! Milliounen Datesätz ginn dagdeeglech vu privater an ëffentlecher Stell gesammelt. Dës Datesammlerei muss gestoppt, den Datenaustausch tëscht Administratiounen an Drëttlänner hannerfrot an d’informationell Selwerbestëmmung gestärkt ginn. D’Perséinlechkeetsrecht, d’Recht iwwer informationell Selwerbestëmmung an d’Onscholdsvermuddung gouffen staark vernoléissegt. Dës Rechter mussen nees méi respektéiert ginn an dierfen net weider ënnert dem Deckmantel vun der Bekämpfung vun Kriminialitéit an Terrorismus léiden.

Make Orwell fiction again!
30/07/2026

Make Orwell fiction again!

23/07/2026

Ob von Ray-Ban oder Meta: KI-Brillen mit Kamera verkaufen sich gut. Blinde profitieren davon, doch Datenschützer und Bürgerrechtler warnen vor Gefahren.

Researchers Detail How AI Systems Can Enable Authoritarianism
23/07/2026

Researchers Detail How AI Systems Can Enable Authoritarianism

A new preprint study of authoritarianism-enabling AI presents another set of evidence of the gaps in safeguards, writes Tim Bernard.

Staatlech Videoiwwerwaachung ob der Escher GareElo gett dorunner geschafft am Areal em Escher Gare den staatlichen Video...
13/07/2026

Staatlech Videoiwwerwaachung ob der Escher Gare

Elo gett dorunner geschafft am Areal em Escher Gare den staatlichen Videoiwwerwaachungssystem VISUPOL z‘installeieren. Och wann déi ëmmer méi verbreet Notzung vun dëse Iwwerwaachungssystemer wäitgeend als selbstverständlech ugesi gëtt, ass si aus dateschutzrechtlecher Siicht net onproblematesch. Sief et, well d’Kontroll iwwer säin eegent Bild net méi vollstänneg ginn ass, oder well och onverdächteg Persoune - am Wëssen ëm déi dauernd Opzeechnung - hiert Verhalen änneren, all Videoopnam stellt am Grondsaz en Agrëff an d’Perséinlechkeetsrecht vum betraffene Bierger duer.

An Zaiten fun KI, automatiseierter biometrescher Gesiichts- an Beweegungserkennung entsteet eng Iwwerwaachungsinfrastruktur dei emmer mei dicht gett. Dacks gëtt de Biergerinnen a Bierger d’Videoiwwerwaachung vum ëffentleche Raum als Allheilmëttel bei der Bekämpfung vun der Kriminalitéit duergestallt. Dobäi soll drun erënnert ginn, datt DP, CSV an Greng dei elo Visupol am Escher Schäfferot decideiert hun nach virun e puer Joeren eng am Escher Gemengerot fun den Lenken proposeiert Motioun d‘Idee vum fréiere CSV-Innenminister Halsdorf fir Visupol ob Esch ze kreien nach aus Dateschutzgrënn a sécherheetspolitesche Grënn ofgeleent haten. (Déi Lénk, Interpellation sur la vidéosurveillance, Esch-sur-Alzette, le 14 avril 2010)

Et gett Zait Datenschutz, Grond- an Fraiheetsrechter erem mei eescht ze huelen. 1984 war keng Gebrauchsuweisung!

Novelle des deutschen Bundespolizeigesetzes: „Überwachung von Telekommunikation, Zugriff auf Fluggastdaten, Aufenthaltsv...
11/07/2026

Novelle des deutschen Bundespolizeigesetzes: „Überwachung von Telekommunikation, Zugriff auf Fluggastdaten, Aufenthaltsverbote – der Gesetzentwurf liest sich wie eine Anleitung zum Überwachungsstaat“ (Clara Bünger, innenpolitische Sprecherin von Die Linke im Bundestag)

"Die Bundesregierung will die Befugnisse der Bundespolizei massiv ausweiten. Das ist ein klarer Schritt in Richtung autoritärer Kontrolle, den Die Linke ablehnt. Richtig wäre das Gegenteil: Eine klare Begrenzung der Aufgaben und Befugnisse der Bundespolizei auf ihre grenz- und bahnpolizeilichen Au...

Wie man verschwindet: Der Aufstieg der Anti-Überwachungs-Mode
26/06/2026

Wie man verschwindet: Der Aufstieg der Anti-Überwachungs-Mode

Lesen Sie unseren Bericht über adversarielle Mode. Wir haben die führenden Modestücke gegen Überwachung getestet, darunter Reflectacles, AntiAI Clothing, Yelo Pomelo, Cap_able Design, Oogaly und RiotAssembly.

Totalitär staatlech Masseniwwerwachung made in China. W.e.g. net an Europa importeieren. Stop the surveillance mania!
11/06/2026

Totalitär staatlech Masseniwwerwachung made in China. W.e.g. net an Europa importeieren. Stop the surveillance mania!

Chinas gigantisches digitales Überwachungssystem scheint wie eine "...

AI-Powered Surveillance Is Turning the United States into a Digital Police State. Now is the Time to Stop It.
26/05/2026

AI-Powered Surveillance Is Turning the United States into a Digital Police State. Now is the Time to Stop It.

Gideon Epstein, Technology for Liberty Policy Counsel at the ACLU of Massachusetts on how the federal government is building Big Brother.

Mehrere Bundesländer nutzen die Software „Gotham“ des US-Konzerns Palantir, hinter dem Broligarchen wie CEO Alex Karp un...
26/05/2026

Mehrere Bundesländer nutzen die Software „Gotham“ des US-Konzerns Palantir, hinter dem Broligarchen wie CEO Alex Karp und Peter Thiel stehen. Ihre Software liefern sie nicht nur der US-Deportationsbehörde ICE und jedem US-Geheimdienst, der danach fragt, sondern zu den Militärs auch in Kriegsgebiete.

Constanze Kurz (CCC) und Franziska Görlitz (GFF) informieren euch, wie Datenanalysen und Palantir-Software bei der deutschen Polizei genutzt werden und warum das gefährlich ist, was das Bundesverfassungsgericht und die Grundrechte damit zu tun haben, und was wir tun können, um gegen solche Datenanalyse vorzugehen.

https://youtu.be/wM7_nI9ZLCE?

Immer mehr neue Palantir-GesetzeFrüher nannte man sie Big-Data-Analysen, heute ist es „KI“-basierte Ermittlungsarbeit. Und die „KI“ ist bei der Polizei in De...

Adresse

Luxembourg

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Freedom Not Fear Luxembourg publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager