06/09/2026
D’Diskussioun ëm d’psychiatresch Betreiung vu Kanner a Jugendlechen zu Wooltz verdéngt virun allem eppes: Fakten an de richtege Kontext.
Zu Wooltz ass dëst Joer eng nei Struktur fir d’ambulant Dagesbetreiung vu Kanner a Jugendleche bis 18 Joer ageweit ginn. Do stinn aktuell méi wéi 10 Plazen zur Verfügung, an de CHdN huet en Agrément fir bis zu 15 Plazen.
Dës Struktur ass fir Kanner a Jugendlecher mat psychiatreschen oder psychologesche Problemer geduecht, déi dagsiwwer betreit, evaluéiert a begleet ginn.
Dobäi muss een e wichtegen Ënnerscheed maachen: Eng stationär Opnam mat Iwwernuechtung ass zu Wooltz net virgesinn. Déi Opnam iwwer Nuecht kann nëmmen an der dofir spezialiséierter Struktur um Kierchbierg gemaach ginn. Zu Wooltz handelt et sech also ëm eng ambulant Dagesbetreiung.
Gläichzäiteg ass Wooltz awer net einfach eng fakultativ Plaz an dësem Konzept. Wooltz ass als Klinikstanduert vum CHdN fir dës Betreiung virgesinn, an de CHdN huet d’Aufgab, dës Offer hei oprechtzeerhalen.
Well de Besoin an der Kanner- a Jugendpsychiatrie awer weider klëmmt, gouf schonn zanter enger Zäit no zousätzleche Kapazitéite gesicht.
An dësem Kontext ass et wichteg ze erënneren, datt déi fréier Buergermeeschtesch, d’Madame Weigel, zwee Joer am Verwaltungsrot vum CHdN souz an dobäi och Vizepresidentin war. Duerch dës Funktioun hat si e besonnesch direkten Abléck an d’Dossieren, d’Besoinen an d’Planunge vum CHdN.
Eng vun de Méiglechkeeten, déi zu Wooltz ënnersicht goufen, war dat fréiert ING-Gebai. Et huet sech awer erausgestallt, datt dëst Gebai net esou ëmgebaut ka ginn, wéi et fir eng medezinesch Struktur vun där Aart néideg wier.
Doropshi gouf och bei der Gemeng nogefrot, ob et eng aner Plaz oder en aneren Terrain zu Wooltz géif ginn.
Eng Léisung zu Wooltz wier prinzipiell méiglech, awer net an engem Zäitraum, deen dem aktuelle Besoin gerecht géif ginn. Do schwätze mir éischter vun enger Perspektiv vu ville Joren.
Well déi zousätzlech Plazen awer elo gebraucht ginn, huet de CHdN parallel no enger Léisung gesicht, déi méi séier realiséierbar ass.
Dës Méiglechkeet gouf zu Wëntger fonnt. Do sollen 15 zousätzlech Plazen geschaf ginn.
Dobäi muss ee ganz kloer soen:
Wëntger ersetzt Wooltz net.
D’Struktur zu Wëntger ass als Antenn vum CHdN ze verstoen. Si soll zousätzlech Kanner a Jugendlecher ophuelen a betreien, awer am Kader an am Numm vum Zentrum.
Wooltz bleift Klinikstanduert, an de CHdN huet och weiderhin d’Verpflichtung, déi entspriechend Offer zu Wooltz ze garantéieren.
Dofir ass et och wichteg, d’Diskussioun, déi am leschte Gemengerot gefouert gouf, an de richtege Kontext ze setzen.
Zu dësem Sujet goufen och parlamentaresch Froen gestallt. An den Äntwerte vun der zoustänneger Ministesch gouf d’Situatioun erkläert: D’Léisung zu Wëntger ass virun allem eng Äntwert op den dréngende Besoin u méi Plazen an op de Fait, datt zu Wooltz kuerzfristeg keng passend nei Infrastruktur konnt realiséiert ginn.
Wann een déi Informatiounen an d’Virgeschicht vum Dossier kennt, ass et dofir legitim ze froen, firwat am Gemengerot den Androck entsteet, wéi wann d’Offer einfach vu Wooltz ewechgeholl géif ginn.
Dat ass net de Fall.
An dësem Kontext däerf een och de Projet Schlasskéier net vergiessen.
Déi ursprénglech Iddi war, déi zwou ënnescht Etage fir de Parking vun der Gemeng separat ze realiséieren. Domat hätt ee mat dësem Deel vum Projet méi séier kënne virukommen, well d’Prozedure fir e kommunale Parking manner komplex sinn ewéi déi vun engem Spidolsbau.
Parallel dozou hätt de CHdN déi néideg Zäit gehat, fir seng méi komplex Planungs- a Geneemegungsprozedure fir de Spidolsdeel duerchzezéien.
D’Iddi war also ganz pragmatesch: éischt déi zwou ënnescht Etage bauen, an de CHdN hätt duerno, soubal seng Prozeduren ofgeschloss gewiescht wieren, op dëser Basis kënne weiderbauen.
Esou hätt een Zäit kënne gewannen.
Amplaz dovun ass de Parking zesumme mam Spidolsdeel an ee gemeinsame Projet agebonne ginn. Domat ass de kommunalen Deel och un déi vill méi komplex Prozeduren a Geneemegunge vun engem Spidolsprojet gebonne ginn.
D’Resultat ass, datt Schlasskéier däitlech Verspéidung kritt huet, obwuel et eng Méiglechkeet gi wier, zumindest mat engem Deel vum Projet méi fréi unzefänken.
Och dat gehéiert zur kompletter Geschicht.
Bei esou engem sensibelen Thema wéi der Kanner- a Jugendpsychiatrie sollt et virun allem dorëms goen, d’Leit korrekt ze informéieren an déi néideg Plazen esou séier wéi méiglech zur Verfügung ze stellen.
D’Kanner an hir Famillje brauchen eng funktionéierend Betreiung – zu Wooltz an, wou et néideg ass, och duerch zousätzlech Kapazitéiten an der Regioun.