Piraten Gemeng Péiteng

Piraten Gemeng Péiteng D'Piratepartei Lëtzebuerg setzt sech säit der Grënnung am Oktober 2009 fir Biergerrechter an, e verbesserten Dateschutz a méi Privatsphäre fir Privatpersounen.

Mir fuerdere méi Transparenz vum Staat, fräien Zougang zu Informatiounen a Bildung. Doriwwer raus fuerdere mer eng grondleeënd Reform vum Urheberrecht a Patentwiesen. Als Verfechter vum selbstbestëmmte Liewen setzen sech d'Piraten och fir d'Recht op sozial Participatioun, fir d'Chancegläichheet vun alle Mënschen a fir eng Neutralitéit vum Staat géigeniwwer de Glawengemeinschaften an. Als Member vu

n enger internationaler Beweegung hellt d'Piratepartei Lëtzebuerg aktiv un internationale Konferenzen an Aktiounen deel. Grondleeënd Prinzip ass d'Basisdemokratie, déi all Member et erlaabt aktiv d'Zukunft vun der Partei mat ze bestëmmen.

📞 Problemer an der Gemeng? Et muss een se einfach a séier melle kënnen! Dofir fuerdere mir Piraten zu Péiteng en Helpdes...
11/08/2026

📞 Problemer an der Gemeng? Et muss een se einfach a séier melle kënnen! Dofir fuerdere mir Piraten zu Péiteng en Helpdesk oder eng Servicetelefonsnummer 24/24h.

10/08/2026
⚠️ Minett-Kompost: D’Tageblatt gräift de Sujet op, mir waarden nach ëmmer op Äntwerten!Den 29. Juni hu mir 13 konkret Fr...
08/08/2026

⚠️ Minett-Kompost: D’Tageblatt gräift de Sujet op, mir waarden nach ëmmer op Äntwerten!

Den 29. Juni hu mir 13 konkret Froen zu Minett-Kompost un de Péitenger Schäfferot geriicht. Mir wollte wëssen, wéi déi grouss Investitioune begrënnt ginn, firwat d’Käschte vum Verwaltungsgebai vun 11 op 14,66 Milliounen Euro geklomme sinn, wéi d’Tariffer sech entwéckelen a wat mam behandelte Presswaasser geschitt.

Elo gräift d’Tageblatt de Sujet op a schreift, datt Minett-Kompost jorelaang bewosst schwéier belaascht Waasser an d’Kanalisatioun an an d’Natur gepompelt huet an datt d’Regierung elo agräift.

Zënter méi wéi engem Mount hu mir nach ëmmer keng Äntwerte kritt. Bei engem ëffentleche Syndikat an engem Projet vun dëser Gréisst ass dat net akzeptabel. Mir fuerderen endlech vollstänneg Äntwerten an transparent Informatioune fir de Gemengerot an d’Ëffentlechkeet.

Mir bleiwen um Dossier! 🏴‍☠️

https://www.tageblatt.lu/Luxemburg/Das-Umweltministerium-zieht-beim-Minett-Kompost-die-Reissleine-67383.html

🏛️ Zwou Klassen am Gemengerot? Conseillere vun der Majoritéit däerfe Presentatioune maachen, déi aner Gemengeconseillere...
05/08/2026

🏛️ Zwou Klassen am Gemengerot?

Conseillere vun der Majoritéit däerfe Presentatioune maachen, déi aner Gemengeconseillere kréien déi schrëftlech Dokumenter dozou awer net zur Verfügung gestallt an däefen och keng Froe stellen oder eng Reaktioun dozou ofginn.

Fir eis ass kloer: All gewielte Member vum Gemengerot muss Zougang zu deene selwechten Informatiounen hunn. 🏴‍☠️

https://petange.lu/2026-72408-pirate-partei-bech-froen-zur-transparenz-an-der-kommunication-reponse/

30/07/2026

⚠️ Den Inneminister bestätegt ee Verstouss géint d'Marchésgesetz zu Péiteng.

An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°4258 huet den Inneminister bestätegt, datt d'Gemeng Péiteng beim Bau vum Parking beim Wellnesshotel am Dhoil zu Rodange d'Reegele vum Gesetz iwwert d'Marchés publics net agehalen huet.

🤔 An elo? Bleift dëse Verstouss ouni Konsequenzen fir de Projet, dee mat der Briechtstang vun der CSV-LSAP-Koalitoun duerchgesat gëtt?

📄 Genee dat wëlle mir mat enger neier parlamentarescher Fro opgekläert hunn.

⚓ D'Piraten setzen sech fir Transparenz, Rechtsstaatlechkeet an dofir, dass d'Reegelen vu jidderengem agehale ginn. Och zu Rodange. ✅

E Gesetz, dat net konsequent duerchgesat gëtt, verléiert u Glafwierdegkeet.

Haut am Wort. Ze kaafen an der Librairie oder op wort.lu
24/07/2026

Haut am Wort. Ze kaafen an der Librairie oder op wort.lu

Die Gemeinde hat einen öffentlichen Auftrag ohne Ausschreibung vergeben. Die Piraten üben harsche Kritik, der Schöffenra...
23/07/2026

Die Gemeinde hat einen öffentlichen Auftrag ohne Ausschreibung vergeben. Die Piraten üben harsche Kritik, der Schöffenrat reagiert.
Piraten sehen „Favoritismus“ und „Vetternwirtschaft“
Nach der Vorstellung im Gemeinderat benutzte Rätin Paula Couto (Piratepartei) in einer Nachricht an das „Luxemburger Wort“ den Begriff „Favoritismus“. Anschließend stellte sie eine schriftliche Frage an den Schöffenrat.
„Gab es eine Ausschreibung oder wurde die Firma direkt angeschrieben?“, fragte Rat Chris Bernard (Piratepartei) bereits in der damaligen Ratssitzung. Bürgermeister Jean-Marie Halsdorf (CSV) antwortete, es sei dieselbe Firma beauftragt worden, die auch ein bestehendes Parkhaus in der Rodanger Rue Jos Moscardo errichtete, das architektonisch gesehen starke Ähnlichkeiten aufweist.

https://www.wort.lu/luxemburg/sueden/innenministerium-ruegt-petingen-wegen-verstosses-gegen-vergaberecht/159036193.html?fbclid=IwY2xjawTO9MVleHRuA2FlbQIxMQBzcnRjBmFwcF9pZBAyMjIwMzkxNzg4MjAwODkyAAEe7XBzSZN_1p5APdMnQRXbjwRblis1h01gNMAkuvUZBtj64p5I66JOV1uEw2U_aem_-cUZc64zJkWbenbH0c9MgQ

Adresse

Luxembourg

Téléphone

+352206066

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Piraten Gemeng Péiteng publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Piraten Gemeng Péiteng:

Raccourcis

Partager