LSAP Osten

LSAP Osten Circonscription Est du LSAP

E grousse Merci un all eis Memberen a Fräiwëlleger, déi dese Weekend um Floumaart vun der LSAP Iechternach mat vill Enga...
02/08/2026

E grousse Merci un all eis Memberen a Fräiwëlleger, déi dese Weekend um Floumaart vun der LSAP Iechternach mat vill Engagement an enger super Stëmmung mat organiséiert an ugepaakt hunn. 🌹

Haut geet et weider mam Ben on Tour !
23/07/2026

Haut geet et weider mam Ben on Tour !

18/07/2026
Muer geet et lass mam “Ben on Tour”. Muer si mir zu Wëntreng an e Freideg zu Betzder.  Kommt all laanscht a bréngt gär F...
08/07/2026

Muer geet et lass mam “Ben on Tour”. Muer si mir zu Wëntreng an e Freideg zu Betzder.
Kommt all laanscht a bréngt gär Famill, Kolleegen oder soss Interesséierter mat.
Mir géifen eis freeën Dech op eisem Tour ze begéinen!

Felicitatioun Ben!Vill Erfolleg, Courage a Freed bei dëser neier Aufgab!
11/06/2026

Felicitatioun Ben!
Vill Erfolleg, Courage a Freed bei dëser neier Aufgab!

Changement dans les rangs du groupe politique LSAP : Ben Streff a prêté serment au cours de la séance publique du 9 juin 2026.

Den 11. Mee hate mir eis Retreat zu Jonglënster an der Hall Op de Fréinen.An de Workshops hu mir eis Prioritéite fir den...
19/05/2026

Den 11. Mee hate mir eis Retreat zu Jonglënster an der Hall Op de Fréinen.

An de Workshops hu mir eis Prioritéite fir den Osten weider präziséiert. Donieft krute mir eng Formatioun am Fotoe maachen an hunn den Owend gemittlech bei enger Pizza ofgeschloss. 🍕

E grousse Merci un all eis Sektiounsvertrieder, déi dobäi waren!🌹

Den 1. Mee, um internationalen Dag vun der Aarbecht, waren eis Bezierksmemberen aus dem Osten bei eisen zwou Gewerkschaf...
03/05/2026

Den 1. Mee, um internationalen Dag vun der Aarbecht, waren eis Bezierksmemberen aus dem Osten bei eisen zwou Gewerkschaften LCGB an OGBL zu Réimech an an der Stad ënnerwee.

Zesumme mat de Gewerkschafte gouf den Dag am Zeeche vun der Solidaritéit an dem Asaz fir d’Rechter vun den Aarbechter verbruecht.🌹

Haut huet eis déi trauereg Noriicht erreecht, dat eise fréiere Bezierkspresident, Gust Stefanetti verstuerwen ass. Wären...
01/05/2026

Haut huet eis déi trauereg Noriicht erreecht, dat eise fréiere Bezierkspresident, Gust Stefanetti verstuerwen ass. Wärend ville Joren huet hien sech an der Partei um lokalen a nationale Plang engagéiert. Säi Wierken wäert nach laang Zäit seng Spueren hannerloossen. Mir drécken der Famill eist häerzlechst Bäileed aus. Gust, Mir wäerten dech net vergiessen a weider an dengem Sënn schaffen!

D’LSAP Mäertert-Waasserbëlleg huet déi traureg Matdeelung kritt, datt hire laangjärege Buergermeeschter a Sektiounspresident, de Gust Stefanetti, haut verscheet ass.

De Gust war vun 1982 bis 2016 Member vum Gemengerot. Vun 1985 bis 2000 war hie Schäffen, an am Joer 2000 ass hien zum Buergermeeschter vun eiser Gemeng ginn. 2016 huet hien aus gesondheetleche Grënn seng Demissioun misse ginn.

Wärend 34 Joer huet hie sech mat vollem Asaz fir d’Wuel vun eiser Gemeng an hir Biergerinnen a Bierger agesat. Vill Projeten an Entwécklunge sinn an eiser Gemeng a senger Zäit als Buergermeeschter ëmgesat ginn. 2016 huet de Gemengerot de Gust zum Éierebuergermeeschter vun der Gemeng ernannt.

De Gust war zënter 1982 Member vun der LSAP an huet als Bezierkspresident an Organisationssekretär vun der LSAP vill Verantwortung iwwerholl.

Kolleg Gust, mir soen dir Merci fir däin Asaz am Numm vun eiser ganzer LSAP-Sektioun Mäertert-Waasserbëlleg.

Rou a Fridden.

Adresse

Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque LSAP Osten publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à LSAP Osten:

Raccourcis

Partager