01/05/2026
De Schäffen- a Gemengerot huet déi traureg Matdeelung kritt, datt hire laangjärege Buergermeeschter Gust Stefanetti haut verscheet ass.
De Gust war vun 1982 bis 2016 Member vum Gemengerot. Vun 1985 bis 2000 war hie Schäffen, an am Joer 2000 ass de Gust Stefanetti Buergermeeschter vun eiser Gemeng ginn. 2016 huet hien aus gesondheetleche Grënn seng Demissioun misse ginn.
Am selwechte Joer huet de Gemengerot hien zum Éierebuergermeeschter vun eiser Gemeng ernannt.
Wärend 34 Joer huet hie sech mat voller Iwwerzeegung fir d’Wuel vun eiser Gemeng an hir Biergerinnen a Bierger agesat. Vill Projeten a wichteg Entwécklunge sinn an eiser Gemeng an där Zäit, besonnesch wärend senger Mandatszäit als Buergermeeschter, ëmgesat ginn.
Gust, mir soen dir Merci fir däin onermiddlechen Asaz. Rou a Fridden.