Union Commerciale et Artisanale de Grevenmacher

Union Commerciale et Artisanale de Grevenmacher Wëllkomm op der offizieller Facebook Fanpage vun den Maacher Geschäftsleit!

27/07/2026
E grousse MERCI un all déi, déi eis Braderie zu Gréiwemaacher besicht hunn! 🧡Et war e flotte Dag mat vill gudder Stëmmun...
27/07/2026

E grousse MERCI un all déi, déi eis Braderie zu Gréiwemaacher besicht hunn! 🧡

Et war e flotte Dag mat vill gudder Stëmmung, schéine Begéinungen an engem liewege Stadkär. Merci un all d’Visiteuren, eis Memberen, Aussteller an all déi, déi dozou bäigedroen hunn, datt dësen Dag e Succès gouf.

Mir freeën eis schonn op déi nächst Geleeënheet, Iech erëm zu Gréiwemaacher begréissen ze däerfen! 🛍️ ✨
Bis geschwënn erëm zu Gréiwemaacher! 👋
💛 Zesumme liewe mir eis Stad.

E flotte Artikel vun eiser Presidentin Samantha am Tageblatt grad richteg virun eiser Braderie muer! 💙 Merci fir däin gr...
25/07/2026

E flotte Artikel vun eiser Presidentin Samantha am Tageblatt grad richteg virun eiser Braderie muer! 💙 Merci fir däin groussen Asaz fir eis Geschäfter zu Maacher. Kommt laanscht a genéisst d’Braderie! ☀️🛍️

🚨 SPONTAN OP D’BRADERIE? 🚨Fir muer ass ganz kuerzfristeg eng Plaz (3 x 3 m) op eiser Braderie zu Maacher fräi ginn, well...
25/07/2026

🚨 SPONTAN OP D’BRADERIE? 🚨

Fir muer ass ganz kuerzfristeg eng Plaz (3 x 3 m) op eiser Braderie zu Maacher fräi ginn, well ee Participant aus gesondheetleche Grënn leider huet missten ofsoen.

✨ Hues du Produiten, Konschtwierker, Handaarbechten oder soss eppes, wat s du gär géifs presentéieren a verkafen? Da ass dat elo deng Chance!

📩 Mell dech direkt bei eis per Facebook-Noriicht.

👉 Kenns du een, dee spontan Zäit a Loscht hätt? Da markéier en oder deel dëse Post – esou fanne mir vläicht nach séier dee passende Stand.

Mir freeën eis op dech! ☀️

22/07/2026

💥💥💥

🎉 Gewënner vun eisem Familljendag 🎉Eise Familljendag vum 13. Juni war e grousse Succès! 🥳 Mir freeën eis, datt esou vill...
16/07/2026

🎉 Gewënner vun eisem Familljendag 🎉

Eise Familljendag vum 13. Juni war e grousse Succès! 🥳 Mir freeën eis, datt esou vill Kanner mat vill Begeeschterung deelgeholl hunn an hir Stempelkaarte gefëllt hunn.

Ënnert allen komplett ausgefëllte Stempelkaarten hu mir elo 4 glécklech Gewënner gezunn. 🎁

✨ Gewonnen huet:
🎁 Mathieu Klocka
🎁 Ben Engel
Dës 2 Gewënner kënnen hire Präis beim Eicatcher ofhuelen.
✨ 2 weider Gewënner:
🎁 Moris Wagner
🎁 Vinia Remiche Tanson
kënnen hire Präis am Kannerbuttek ofhuelen.

Mir bieden d’Elteren de Gewënn direkt am jeeweilege Geschäft ofzehuelen.

E grousse Merci geet un den Eicatcher an de Maacher Kannerbuttek fir déi flott Kaddoen, déi si gesponsert hunn. 💝 Mat esou enger Ënnerstëtzung konnt eise Familljendag nach méi besonnesch ginn.

Merci och un all d’Familljen, déi dobäi waren an dësen Dag zu engem flotte gemeinsame Moment gemaach hunn. Mir freeën eis schonn op déi nächst Editioun! ❤️

28/06/2026

🌞 Kommt op Maacher a genéisst e flotte Shopping-Nomëtteg an der Foussgängerzon! 🛍️
📅 Sonndeg, den 28. Juni
🕓 Vun 14:00 bis 18:00 Auer
📍 Zentrum vu Maacher
Profitéiert vun attraktive Summer-Remisen, entdeckt déi nei Kollektiounen an ënnerstëtzt eis lokal Geschäfter. Eng entspaant Ambiance, flott Offeren an de Summerfeeling waarden op Iech! 🎉🌴
👉Shoppt lokal a verbréngt e gemittlechen Nomëtteg an der Muselmetropol! ✨
👉

🎉👨‍👩‍👧‍👦 Familljendag – 2. Editioun zu Maacher! 👨‍👩‍👧‍👦🎉Den 13. Juni ass et nees esou wäit: d’UCAG invitéiert Iech häerz...
29/05/2026

🎉👨‍👩‍👧‍👦 Familljendag – 2. Editioun zu Maacher! 👨‍👩‍👧‍👦🎉

Den 13. Juni ass et nees esou wäit: d’UCAG invitéiert Iech häerzlech op déi zweet Editioun vun eisem Familljendag an der Foussgängerzon zu Maacher! 🥳

Vun 10:00 bis 18:00 Auer erwaart Iech e flotten Dag voller Spaass, Spill an Animatioun fir kleng a grouss Kanner. 🎈✨
Ënner anerem kënnt Dir Iech op eng grouss Kloterwand freeën an op vill aner Aktivitéiten, déi mat vill Engagement vun de Guiden a Scouten vu Maacher organiséiert ginn. 🙌

Natierlech ass och fir d’Wuel gesuergt 🌭🥤
➡️ Iesstand vun der Amicale Guiden a Scouten
➡️ Gedrénksstand vum CSG ⚽
➡️ an natierlech och e Stand vun der UCAG

Kommt laanscht a verbréngt mat eis e flotte Familljendag am Häerz vu Maacher! ☀️
Mir freeën eis op Iech! ❤️

22/04/2026

🚗 Maacher Oldtimer-Dag – 5. Editioun!

Den 25. Abrëll 2026 verwandelt sech Gréiwemaacher an eng richteg Rees an d’Autosgeschicht.

Vun 11:00 bis 18:00 Auer kënnt dir an der Foussgängerzon, op der Moartplaz, der Schiltzeplaz an um Schweinsmoart (Parking Machera) vill Oldtimer aus dem leschte Joerhonnert entdecken.

👀 Kommt laanscht a bewonnert legendär Gefierer aus verschiddene Generatiounen.
👨‍👩‍👧‍👦 Och fir d’Famill ass gesuergt:
🎈 Kanneranimatioun
🍔 Iessen & Gedrénks

E flotte Rendez-vous fir Autosfans, Famillen an all déi, déi Nostalgie gär hunn.

📅 25.04.2026
🕚 11:00 – 18:00
📍 Gréiwemaacher

Mir freeën eis op äre Besuch! 🚗✨

Adresse

Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Union Commerciale et Artisanale de Grevenmacher publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager