23/03/2024
Haut de Mueren huet den uerdentleche Kongress vun der LSAP Süden zu Déifferdeng stattfonnt. E stoung ganz am Zeechen vun den Europawalen, a Präsenz vun eisen LSAP-Kandidate Marc Angel (Co-Spëtzekandidat), Liz Braz a Mars di Bartolomeo. An dëse Walen gëtt et wichteg, sozialistesch Iddien ze verdeedegen an no vir ze bréngen!🇪🇺
Um Kongress gouf och en neie Comité fir déi nächst zwee Joer approuvéiert. Déi nei Exekutiv besteet aus: Laura Valli (Co-Presidentin), Jimmy Skenderovic (Co-President), Fabio Spirinelli (Sekretär), Jerry Bucari (Trésorier).
Merci un d'Sektioun Déifferdeng fir de flotten Accueil!
🌹🌹