01/06/2026
Den Owend huet CSF Gemeng Suessem zesumme mat der Associatioun "Mäi Wëllen Mäi Wee" op eng informativ an interessant Konferenz mam Thema „Liewensenn an Dignitéit“ invitéiert.
Am Kultur- a Geschichtshaus „A Gadder“ kruten d’Participanten en Abléck an d’Aarbecht vun der Associatioun an an déi gesetzlech Kaderen zu Lëtzebuerg ronderëm d’Liewensenn. Dobäi goufen Themen ewéi Palliativfleeg, Patientenrechter, d’Patienteverfügung, d’Bestëmmunge fir d’Enn vum Liewen, Euthanasie an assistéierte Suizid erkläert an diskutéiert.
E wäertvollen Owend mat villen Informatiounen, Reflexiounen an engem oppenen Austausch, dee gewisen huet, wéi wichteg Dignitéit, Respekt a Mënschlechkeet bis zum Schluss sinn.