06/03/2026
Déi Gréng hunn am Gemengerot proposéiert, datt d’Gemeng hir Aktivitéiten am Zesummenhang mat der Peter-Mailand-Prozessioun soll astellen. Als CSV droe mir dëse Virschlag net mat.
D’Prozessioun selwer gëtt vun der Pôr organiséiert, net vun der Gemeng. D’Gemeng organiséiert am Kader vun der Steeseler Päischtkiermes Aktivitéiten fir d’ganz Bevëlkerung – wéi z.B. d’traditionell Bowle no der Prozessioun.
Fir eis ass dofir kloer: Et mécht kee Sënn, vun der Gemeng ze verlaangen, si soll eppes astellen, wat si ni selwer organiséiert huet.
Steesel steet fir Respekt, Zesummeliewen a fir eis lokal Traditiounen. Mir sinn der Meenung, datt onnéideg Kulturdebatten eis Gemeng net weiderbréngen.