Ministry of Finance, Luxembourg

Ministry of Finance, Luxembourg page of Luxembourg's Ministry of Finance / Ministère des Finances

Official Facebook presence of the Ministry of Finance of the Grand-Duchy of Luxembourg.

28/07/2026

🌱Wat versteet een ënnert Nohaltege Finanzen?

🛰️Op Besuch bei HITEC Luxembourg S.A. zu Mamer.E beandrockende Lëtzebuerger Betrib, deen aktiv ass an de Satellittesyste...
23/07/2026

🛰️Op Besuch bei HITEC Luxembourg S.A. zu Mamer.

E beandrockende Lëtzebuerger Betrib, deen aktiv ass an de Satellittesystemer, der Kommunikatioun an dem intelligenten Transport.

Kontinuéierlech Innovatioun haut ass de Schlëssel fir nohaltege Wuesstem muer.
Fir HITEC. An och fir eist Land.

©️Ministère des Finances, Luxembourg

Gouvernement luxembourgeois

De Minister Gilles Roth huet sech mam zukünftegen Executive Director bei der Asiatescher Entwécklungsbank, Shantanu Mitr...
17/07/2026

De Minister Gilles Roth huet sech mam zukünftegen Executive Director bei der Asiatescher Entwécklungsbank, Shantanu Mitra, ausgetosch.

Haapttheme vun der Entrevue waren:

🤝 Déi laangjäreg Partnerschaft tëscht Lëtzebuerg an der Bank an der hir Roll bei der Mobiliséierung vu privatem Kapital

🏦 D'Entwécklung vum Finanzsecteur, e Kärberäich vum Engagement vu Lëtzebuerg bei der Bank

🌐 Eng staark Gouvernance bannent multilateralen Institutiounen

©️Ministère des Finances, Luxembourg

Asian Development Bank | Gouvernement luxembourgeois | LHoFT

🏠„Booster fir de Wunnengsbau. Méi bauen. Méi erschwénglech. Méi Wunnengen.“ De Finanzminister Gilles Roth an de Logement...
16/07/2026

🏠„Booster fir de Wunnengsbau. Méi bauen. Méi erschwénglech. Méi Wunnengen.“

De Finanzminister Gilles Roth an de Logementsminister Claude Meisch hunn e neie Moossname-Pak fir de Wunnengsbau virgestallt.

👉Weider Infoen: https://gd.lu/7f9l76

Ministère du Logement et de l'Aménagement du territoire | Gouvernement luxembourgeois

15/07/2026
Ech hunn un de Reunioune vum Eurogrupp an dem ECOFIN zu Bréissel  deelgeholl 🇪🇺Eis Diskussiounen hunn sech op de market ...
10/07/2026

Ech hunn un de Reunioune vum Eurogrupp an dem ECOFIN zu Bréissel deelgeholl 🇪🇺

Eis Diskussiounen hunn sech op de market integration and supervision package , déi international Roll vum Euro, d'Recommandatioune vum Europäesche Semester 2026 an den ekonomeschen Impakt vun neien Technologien op de Finanzsecteur konzentréiert.

De Conseil huet och säi Mandat fir déi nächst Reunioun vun de G20-Finanzministeren an de Gouverneure vun den Zentralbanke virbereet, déi Enn August stattfënnt.

Zousätzlech hunn ech un der Presentatioun vun der European Tech Champions Initiative vun der Europäescher Investitiounsbank deelgeholl.

🇮🇪 Ech wënschen Irland vill Erfolleg bei senger presidency Presidence vum Conseil vun der Europäescher Unioun ënnert dem Motto: „Ní neart go cur le chéile“ – „Stäerkt duerch Eenheet.“

©️European Union

Ministry of Finance, Luxembourg Gouvernement luxembourgeois

Ech hat e produktiven Austausch mam Arthur Mensch, CEO vu Mistral AI, um Bord vum Treffe vun den europäesche Finanzminis...
09/07/2026

Ech hat e produktiven Austausch mam Arthur Mensch, CEO vu Mistral AI, um Bord vum Treffe vun den europäesche Finanzministeren zu Bréissel.
Mir hunn eis iwwert d'Zukunft vun der kënschtlecher Intelligenz an d'Méiglechkeeten, déi si fir Lëtzebuerg an Europa bitt, diskutéiert.



©️Ministère des Finances, Luxembourg

Ministry of Finance, Luxembourg | Gouvernement luxembourgeois

09/07/2026

⛽️ Vum 1. August u gëtt de Brennes ëm 15 Cent de Liter méi bëlleg. Dat bis Enn 2026. Och den Diesel fir eis Bauere gëtt ëm 15 Cent de Liter manner deier.

„Dëst ass eng gutt Noriicht fir d’Leit. Mir stäerken heimadder d’Kafkraaft. Mir ënnerstëtzen eis Landwirtschaft. A mir festegen eise Matenee. De Lëtzebuerger Modell funktionéiert“, sou de Gilles Roth.

D’Chamber huet haut gréng Luucht gi fir dës Tripartite-Entlaaschtungen aus dem Resilienzpak 2026.

Als Erënnerung: Vum 1. Juli 2026 u gëllt schonn eng Entlaaschtung vu 5 Cent de Liter um Bensinn an och um Diesel. Dat direkt op der Pompel.

Gouvernement luxembourgeois

🪙Een historeschen Dag zu Bordeaux!Zesumme mam Grand-Duc Guillaume a mam Zentralbank-Chef Gaston Reinesch konnt de Finanz...
07/07/2026

🪙Een historeschen Dag zu Bordeaux!
Zesumme mam Grand-Duc Guillaume a mam Zentralbank-Chef Gaston Reinesch konnt de Finanzminister Gilles Roth bei der éischter Prägung vun de neie Lëtzebuerger Euro-Mënze mam Portrait vum neie Staatschef an den Ateliere vun der Monnaie de Paris dobäi sinn.

Déi aacht nei Mënze kommen den 13. Juli 2026 no a no an den Ëmlaf.

De Minister huet ënnerstrach:
„Déi nei gelonge Mënze sti fir d'Kontinuitéit vun eisem Land an eiser Dynastie. Si verkierperen eisen nationale Mateneen an eis gemeinsam Zukunft an Europa. Si erlaben net just den Austausch vu Wueren a Servicer, mä och vu Vertrauen an Identitéit, Zouversiicht an Zukunft. E grousse Merci un alleguer eis Partner!“

©️SIP/Sophie Margue/Emmanuel Claude

Cour Grand-Ducale | Gouvernement luxembourgeois | Monnaie de Paris

E gudden Austausch mam  Dimon, President a CEO vun JPMorganChase.Mat méi wéi 50 Joer Presenz zu Lëtzebuerg an engem neie...
06/07/2026

E gudden Austausch mam Dimon, President a CEO vun JPMorganChase.

Mat méi wéi 50 Joer Presenz zu Lëtzebuerg an engem neien Haaptsëtz, deen um Kierchbierg entsteet, schwätzt d’Engagement vun JPMorgan fir eis Finanzplaz fir sech selwer.

💬 Mir hunn eis iwwer déi global wirtschaftlech Perspektiven, digital Finanzen, kënschtlech Intelligenz an eis gemeinsam Prioritéite fir oppen a kompetitiv Kapitalmäert ausgetosch.

©️Ministère des Finances, Luxembourg

J.P. Morgan | Ministry of Finance, Luxembourg | Gouvernement luxembourgeois

Adresse

Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Ministry of Finance, Luxembourg publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager