23/10/2026
🏛️ Cycle 4.1 op Besuch am Gemengenhaus
Haut de Mëtteg war de Cycle 4.1 op Besuch am Gemengenhaus.
D’Kanner kruten dobäi op eng einfach a konkret Manéier erkläert a gewisen, wéi eng Gemeng funktionéiert a wéi d’Aarbecht vum Schäfferot an de Gemengeservicer ausgesäit.
De Buergermeeschter an de Schoulschäffen hunn sech Zäit geholl, fir op déi vill Froen vun de Kanner anzegoen an hinnen en Abléck an den Alldag vun enger Gemeng ze ginn.
E flotten an interessante Besuch fir eis Schoulkanner 😊