04/08/2026
Mir Pirate soe kloer: STOPP CHATKONTROLL!
🚨 Masseniwwerwaachung ënnergrueft eis Demokratie!
🚨 Mir däerfen net de Wee vu China, Russland a Nordkorea agoen.
Fir Chatkontroll ëmzesetzen, misst eng wirksam Verschlësselung ëmgaange ginn. Genee déi Technologie, déi eis Banken, eis Entreprisen, eis Infrastrukturen an eis privat Kommunikatioun schützt.
Dat bedeit am Endeffekt, datt eis digital Kommunikatioun net méi wierklech privat ass. SMSen, iMessages, WhatsApp, Signal, Facebook Messenger an aner Messagerie-Déngschter géifen ënner Drock geroden, fir Messagen ze kontrolléieren oder Sécherheetsmechanismen auszebauen.
Déi, déi eis dat als méi Sécherheet verkafen, vergiessen eng einfach Realitéit: Eng Hannerdier fir d'Autoritéiten ass och eng Hannerdier fir Krimineller, Hacker a friem Geheimdéngschter.
Terroristen a professionell Krimineller wäerten ëmmer aner Weeër fannen, fir ze kommunizéieren. Déi Leit, déi de Präis bezuelen, sinn déi honnertdausende Bierger, Entreprisen an Administratiounen, déi op sécher Kommunikatioun ugewise sinn.
A gläichzäiteg gëtt iwwer ëmmer méi streng Identitéitskontrollen am Internet diskutéiert. Fir Zougang zu soziale Netzwierker ze kréien, kéinten d'Leit sech an Zukunft mat offiziellen Identitéitsdokumenter mussen ausweisen. Chatkontroll op där enger Säit, Identitéitskontrollen op Facebook, Instagram, TikTok oder WhatsApp op där anerer Säit: Schrëtt fir Schrëtt gëtt den Internet méi iwwerwaacht an eis Privatsphär méi kleng.
Eng fräi Demokratie baséiert op Vertrauen an op Grondrechter. Net op Generalverdacht, Masseniwwerwaachung an ëmmer méi Kontroll.
Mir PIRATEN setzen eis dofir kloer géint all Versuch an, d'Verschlësselung ze schwächen oder eng generell Iwwerwaachung vun eiser privater Kommunikatioun anzeféieren.
🔒 Staark Verschlësselung schützt eis Fräiheet.
🔒 Staark Verschlësselung schützt eis Wirtschaft.
🔒 Staark Verschlësselung schützt eis kritesch Infrastrukturen.
🔒 Staark Verschlësselung schützt eis Demokratie.
Är privat Kommunikatioun ass net verhandelbar.