Jonk BAD Jonk BAD ass ee Studentencercel fir Lëtzebuerger Bibliothéikswiesen-, Archivistik- an Dokumentatiouns-Student*inne matenaner ze verbannen.

D'Jonk BAD, gegrënnt de 4. Juli 2015, ass ee Studentencercel fir Lëtzebuerger Studenten am Bibliothéikswiesen, der Archivistik an der Dokumentatioun. Eist Zil ass et d'Studente mateneneen ze verbannen a soumat eng Gemeinschaft ze bilden, déi zesumme flott Aktivitéiten ënnerhëlt an Informatiounen zu Studium a Beruff austauscht. Och bei der Sich no Stagen a Studentenjobs hëllefe mir gäre weider.

05/08/2026

D’Nationalarchive plënnere grad vum Helleggeescht-Plateau op de Belval. Keng alldeeglech Aktioun, wéi hir Direktesch Josée Kirps betount, schliisslech handelt et sech ëm Dokumenter, déi zum Deel aus dem Mëttelalter stamen.

Lauschtert de ganzen Interview hei: https://tinyurl.com/mtt5drm9

Fir dëse Summer hu mir eng Rëtsch vun eisen traditionellen BAD-Meets geplangt! Mir hoffen drop, vill bekannt Gesichter e...
20/07/2026

Fir dëse Summer hu mir eng Rëtsch vun eisen traditionellen BAD-Meets geplangt! Mir hoffen drop, vill bekannt Gesichter erëm ze gesinn an hoffentlech och e puer nei Leit begréissen ze kënnen!

Sot eis gäre Bescheed, wou dir kënnt dobäi sinn! Eng definitiv Umeldung iwwer [email protected] ass nëmme fir d'Visitt vun der Villa Faber an d'Iessen duerno (bis den 09.08.), esou wéi och den End of Season BAD-Meet am QoSQo (bis den 21.08.) erfuerderlech.

D'Bibliothèque nationale du Luxembourg huet eng Rëtsch emploi-étudiant Poste fir d'kommend Joer ausgeschriwwen! Wann dir...
18/07/2026

D'Bibliothèque nationale du Luxembourg huet eng Rëtsch emploi-étudiant Poste fir d'kommend Joer ausgeschriwwen! Wann dir motivéiert sidd, tëscht 10 a 15 Stonnen d'Woch am BAD-Beräich ze schaffen, dann ass dat heiten eng super Geleeënheet fir Beruffserfarung ze sammelen an dobäi Suen ze verdingen!

Dir MUSST dofir zu Lëtzebuerg am Secondaire oder Supérieur ageschriwwe sinn. Fir weider infos zum emploi-étudiant, kuckt iech di entspriechend Broschür vun der Maison de l'orientation un:
https://maison-orientation.public.lu/fr/publications/toutes/boost-jobs-etudiants.html

Liest d'Annonce ganz genau, nëmmen e puer erlaaben Owes an Weekend Aarbecht!
https://govjobs.public.lu/fr/rechercher-parmi-offres-emploi.html?q=Employ%C3%A9-%C3%A9tudiant&fbclid=IwY2xjawTIQ0ZleHRuA2FlbQIxMABicmlkETBhQmczc2J5eUtsMVUwVE9hc3J0YwZhcHBfaWQQMjIyMDM5MTc4ODIwMDg5MgABHp8zwAzq1MYbFPtrVReal8ZtTlXNhgG33EDk9t4NlPsrHUWYBR9vjxFFBB88_aem_oVLmqS2nsyw2Y4E1BkMCGw

Le Centre de gestion du personnel et de l'organisation de l'État a déménagé. Notre nouvelle adresse est: 10, avenue John F. Kennedy - L-1855 Luxembourg. Découvrez la diversité des métiers à la Fonction publique en consultant nos postes vacants pour...

En Donneschden de 16. Juli hu mir als Jonk BAD eng Visitt guidée duerch d'Ausstellung "Et Leeft" am Lëtzebuerg City Muse...
18/07/2026

En Donneschden de 16. Juli hu mir als Jonk BAD eng Visitt guidée duerch d'Ausstellung "Et Leeft" am Lëtzebuerg City Museum , vun der Curatrice vun der lëtzebuergescher Versioun, dem Sanja Simic, ugebuede kritt. D'Ausstellung zum Thema Menstruatioun, der Geschicht, dem Stigma ronderëm a villes méi, war net nëmmen immens léierräich, mee och visuell interessant a flott gestalt! Mir empfeelen d'Ausstellung jidderengem, mee leider "leeft et" just nach bis muer den 19. Juli.

D'Jonk BAD freet sech iwwert d'Nominatioun vum Corinne Schroeder als nei Direktesch vun den Nationalarchiven a gratuléie...
18/07/2026

D'Jonk BAD freet sech iwwert d'Nominatioun vum Corinne Schroeder als nei Direktesch vun den Nationalarchiven a gratuléiert zu deem neie Posten. Mir wënsche vill Freed op der neier Plaz an hoffen op eng weider gutt Zesummenaarbecht! 🥳🎉

🇱🇺 Nei Directrice vum Nationalarchiv
Mir freeën eis matzedeelen, dass d’Corinne Schroeder zukünfteg d’Direktioun vum Nationalarchiv wäert iwwerhuelen.

🇫🇷 Nouvelle directrice des Archives nationales
Nous avons le plaisir d’annoncer que Corinne Schroeder assurera prochainement la direction des Archives nationales.

D'Jonk BAD huet Gebuertsdag! 🎂 Haut feiere mir eis 11 Joer a soe jidderengem villmools Merci fir d'Ënnerstëtzung an all ...
04/07/2026

D'Jonk BAD huet Gebuertsdag! 🎂 Haut feiere mir eis 11 Joer a soe jidderengem villmools Merci fir d'Ënnerstëtzung an all dëse Joren. Halt an deenen nächsten Deeg d'Aen op an d'Ouere gespëtzt, et kommen dëse Summer eng Rëtsch Treffen op eis zou! 👀🎉

02/07/2026

Adresse

Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Jonk BAD publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager