24/08/2021
Ab dem 𝟐𝟏. 𝐒𝐞𝐩𝐭𝐞𝐦𝐛𝐞𝐫 ass et erëm esou wäit! De 𝐰é𝐜𝐡𝐞𝐧𝐭𝐥𝐞𝐜𝐡𝐞𝐧 𝐂𝐨𝐝𝐢𝐧𝐠 𝐀𝐭𝐞𝐥𝐢𝐞𝐫 fir Kanner tëscht 𝟖 𝐚𝐧 𝟏𝟐 𝐉𝐨𝐞𝐫 fänkt nees un. Dëst Kéier ënnert dem Thema "𝙆𝙡𝙚𝙣𝙜 𝙎𝙥𝙞𝙡𝙡𝙚𝙧 𝙨𝙚𝙡𝙬𝙚𝙧 𝙥𝙧𝙤𝙜𝙧𝙖𝙢𝙢é𝙞𝙚𝙧𝙚𝙣”🎮
Wärend engem Trimester kriss du vum Patrick aus dem BASE1 Makerspace & Code Club Luxembourg all Dënschden gewisen, wéis du mat der Computer-Sprooch “𝐒𝐜𝐫𝐚𝐭𝐜𝐡” an dem Microsoft “𝐌𝐚𝐤𝐞𝐂𝐨𝐝𝐞 𝐀𝐫𝐜𝐚𝐝𝐞” deng eege kleng Spiller programméiere kanns.
🔷Den Atelier ass op 𝐥ë𝐭𝐳𝐞𝐛𝐮𝐞𝐫𝐠𝐞𝐬𝐜𝐡 a 𝐠𝐫𝐚𝐭𝐢𝐬, a fënnt am Forum Geesseknäppchen statt.
🔷Du brauchs keng Virkenntnisser a keen eegene Computer, just Virwëtz a gutt Laun 😊
🔷Umellung via www.bee-creative.lu/coding-fir-kids