05/06/2026
An der 2. Gemengerotsitzung ennert der Présidence vun eiser neier Buergermeschtesch Nadine Braconnier vum 05. Juni goufen gleich zwee gréisser Projets présentéiert an unanime vum Gemengerot gestëmmt.
Projet 1: Alentours mat Shared Space ronderem eis neit Gemengenhaus zu Käerjeng - Investissement: 3.120.000€
Projet 2: Renovatioun vun der aler Post zu Kéinzeg wou nierwt dem Sall vun der Kéinziger Fräschen an der Chorale zwou nei Wunnengen integréiert ginn - Investissement: 1.730.000 €.