15/08/2026
⚠️ Damp vu Bëschbränn och zu Lëtzebuerg
Duerch déi aktuell Bëschbränn am Héije Venn an an der Äifel kann et och zu Lëtzebuerg zu Damp a Geroch vu Verbranntem kommen.
Et gëtt recommandéiert, Fënsteren an Dieren zouzeloossen an Aktivitéiten dobaussen ze limitéieren, besonnesch fir Kanner, eeler Leit a Persoune mat Otemweeërproblemer.
Weider Informatiounen am Artikel vun RTL Lëtzebuerg:
De Grond ass keen direkte Brand zu Lëtzebuerg, ma kënnt vu méi wäit nërdlech vum Grand-Duché, nämlech aus dem Grenzgebitt tëscht der Belsch an Däitschland.