Gemeng Biekerech

Appeler Itinéraire Site Web Contacter l’organisation

Gemeng Biekerech Offiziellen Account vun der Gemeng Biekerech ¦ Compte officielle de la commune de Beckerich

Lost and found 🎾Dëse Batch mat Porte-clé gouf gëschter bei der Sportshal fonnt. Ofzehuelen op der Gemeng.
13/10/2026

Lost and found 🎾

Dëse Batch mat Porte-clé gouf gëschter bei der Sportshal fonnt. Ofzehuelen op der Gemeng.

D’Jubiläumsausstellung vun der Millegalerie – nach bis den 18. Oktober ze entdecken!> 18 Kënschtler, 18 Welten, 18 Techn...
25/09/2026

D’Jubiläumsausstellung vun der Millegalerie – nach bis den 18. Oktober ze entdecken!
> 18 Kënschtler, 18 Welten, 18 Techniken

🇫🇷 L’exposition anniversaire de la millegalerie à découvrir jusqu’au 18 octobre !
> 18 artistes, 18 univers, 18 techniques

23/09/2026

📣 LEADER sicht dech!

Hues du Loscht, zesumme mat de Gemengen an engagéierte Leit d’Zukunft vun de Kierchen am ländleche Raum an de fënnef LEADER-Regiounen matzegestalten?

📍Mir engagéieren een/eng Chargé(e) de projet "D’Kierch am Duerf" am LEADER-Büro Wëlle Westen zu Réiden.

📑CDD, 20 Stonnen d’Woch fir 2 Joer

✔ Du koordinéiers de Projet „D'Kierch am Duerf“ a begleets Gemengen a lokal Acteuren dobäi, nei Perspektive fir Kierchen ze entwéckelen.

✔ Zesumme mat de Bedeelegten entwéckels du nei Iddien, ënnerstëtz lokal Initiativen a baus e staarke Reseau an de fënnef LEADER-Regiounen op.

✔ Du organiséiers a moderéiers Biergerbedeelegungen, Reuniounen an Eventer, entwéckels e Leitfaden a Kommunikatiounsmaterial, an iwwerhëls déi administrativ, finanziell a operationell Koordinatioun vum Projet.

🎓Du hues ee Bachelor an interesséiers dech fir dëse Projet? Da freeën mir eis op deng Kandidatur!

🔗Detailléierte Profil op: www.leader.lu/news

📨Schéck eis deng Kandidatur bis de 4. Oktober 2026 op [email protected]

Syndicat Intercommunal Kanton Réiden

BIEKERECH AN AKTIOUN – Entdeckt eis Veräiner!Dëse Samsden denn 19. September bréngt eis Gemeng sech a Beweegung: Biekere...
18/09/2026

BIEKERECH AN AKTIOUN – Entdeckt eis Veräiner!

Dëse Samsden denn 19. September bréngt eis Gemeng sech a Beweegung: Biekerech an Aktioun!
Komm bei d’Sportshal a léier déi villfälteg Veräiner aus eiser Gemeng kennen – vun Sport, Kultur an Engagement, fir jidereen ass eppes dobäi.

🕒15–19 Auer
🍴 Foodtrucken op der Plaz

Eis Veräiner weisen, wat se maachen, wien se sinn. Et gëtt Aktivitéiten, Presentatiounen, flott Momenter an eng super Geleeënheet, fir sech auszetauschen an nei Saachen ze entdecken.

🇫🇷 BECKERICH EN ACTION – Découvrez nos associations !

Ce samedi 19 septembre, notre commune se met en mouvement à l’occasion de Biekerech en Action !

Rendez-vous au hall sportif pour découvrir la diversité des associations de notre commune. Sport, culture, engagement… il y en aura pour tous les goûts !

🕒 De 15h00 à 19h00
🍴 Food trucks sur place

Nos associations vous présenteront leurs activités et vous feront découvrir ce qui les anime au quotidien. Au programme : activités, présentations, moments conviviaux et surtout une belle occasion d’échanger, de faire de nouvelles rencontres et de découvrir de nouvelles activités.

Venez nombreux et découvrez la richesse de la vie associative de notre commune !

31/08/2026

☕️Kaffiskränzchen / Seniorentreff
>> muer 01. September um 14:30 Auer an der Millespennchen
Kommt bis laanscht!
>> Mardi 1 septembre à 14h30 à la Millespennchen.
Passez nous voir si vous en avez l'occasion!

28/08/2026

🔔 RAPPEL – AVIS | Stroossespären
🔔 RAPPEL – AVIS AUX HABITANTS | Routes barrées

Am Kader vun den Aarbechte fir d’Erneierung vun der Strooss erënnere mir drun, datt verschidde Stroossen temporär fir den Trafic gespaart sinn:

📍 Biekerech – Hitten
📅 Vum 31. August ab 6:00 Auer bis den 1. September 2026 um 22:00 Auer
➡️ Eng Deviatioun geet iwwer Näerden an Ielwen.

📍 Schweech
📅 Vum 2. September ab 6:00 Auer bis den 3. September 2026 um 22:00 Auer
🚧 Kräizerbucherstrooss: tëscht den Haiser Nr. 36 an Nr. 54
🚧 Sëllerstrooss: tëscht den Haiser Nr. 2 an Nr. 14
➡️ Eng Deviatioun geet iwwer Rippweiler a Sëll.

☎️ Fir weider Informatioune steet eisen technesche Service Iech um 26 669-152 zur Verfügung.

Mir soen Iech Merci fir Äert Versteesdemech.

🇫🇷 Dans le cadre des travaux de renouvellement de la chaussée, nous vous rappelons que plusieurs routes seront temporairement fermées à la circulation :

📍 Beckerich – Huttange
📅 Du 31 août à 6h00 au 1er septembre 2026 à 22h00
➡️ Déviation via Noerdange et Elvange

📍 Schweich
📅 Du 2 septembre à 6h00 au 3 septembre 2026 à 22h00
🚧 Kräizerbucherstrooss : entre les maisons n° 36 et n° 54
🚧 Sëllerstrooss : entre les maisons n° 2 et n° 14
➡️ Déviation via Rippweiler et Saeul

☎️ Pour toute information complémentaire, notre service technique reste à votre disposition au 26 669-152.

Merci de votre compréhension et veuillez nous excuser pour les désagréments occasionnés par ces travaux.

📢 D’Gemeng Biekerech stellt an!📢 La Commune de Beckerich recrute !Mir sichen een Assistant administratif (m/f/d) fir eis...
21/08/2026

📢 D’Gemeng Biekerech stellt an!
📢 La Commune de Beckerich recrute !

Mir sichen een Assistant administratif (m/f/d) fir eist Gemengesekretariat.

📋 CDD vu 6 Méint
⏱️ 40 Stonnen/Woch
📅 Effet immédiat

Interesséiert? All Informatiounen zur Plaz an d’Online-Kandidatur fannt Dir hei:
https://app.skeeled.com/offer/c/6a87fbd4a7e3fe90e7660c57?language=fr&show_description=true

⏳ D’Kandidature kënne bis den 18. September 2026 agereecht ginn.

🇫🇷 Nous recherchons un(e) assistant(e) administratif(ve) (m/f/d) pour renforcer notre secrétariat communal.

📋 CDD de 6 mois
⏱️ 40 heures/semaine
📅 Entrée en fonction immédiate

👉 Toutes les informations concernant le poste ainsi que la candidature en ligne sont disponibles ici :
https://app.skeeled.com/offer/c/6a87fbd4a7e3fe90e7660c57?language=fr&show_description=true

⏳ Les candidatures peuvent être déposées jusqu’au 18 septembre 2026.

❗ Ugestousse Kaz zu Näerden❗ Chat percuté à NoerdangeDës Kaz gouf zu Näerden an der Dikrecherstrooss, vis-à-vis vum Vers...
17/08/2026

❗ Ugestousse Kaz zu Näerden
❗ Chat percuté à Noerdange

Dës Kaz gouf zu Näerden an der Dikrecherstrooss, vis-à-vis vum Versis, ugestouss.

Leider ass eis de Besëtzer aktuell net bekannt. Dofir deele mir dës Foto an der Hoffnung, datt een d'Kaz erkennt oder weess, wiem se gehéiert.

Wann Dir Informatiounen hutt, mellt Iech w.e.g. bei eis, fir datt mir de Besëtzer informéiere kënnen.

Aus Respekt virum Déier a sengem Besëtzer soe mir Iech villmools Merci fir Är Mathëllef an och fir d'Deele vun dësem Post. 🙏

🇫🇷 Ce chat a malheureusement été percuté à Noerdange, dans la Dikrecherstrooss, en face du Versis.

À l’heure actuelle, nous ne connaissons pas son propriétaire. Nous partageons donc cette photo dans l’espoir que quelqu’un reconnaisse le chat ou sache à qui il appartient.

Si vous avez des informations, n’hésitez pas à nous contacter afin que nous puissions prévenir son propriétaire.

Par respect pour l’animal et son propriétaire, nous vous remercions sincèrement pour votre aide ainsi que pour le partage de cette publication. 🙏

Adresse

6, Dikrecherstrooss
Beckerich
L-8523

Heures d'ouverture

Lundi 08:30 - 12:00
Mardi 08:30 - 12:00
Mercredi 08:30 - 12:00
14:15 - 17:45
Jeudi 08:30 - 12:00
Vendredi 08:30 - 12:00

Téléphone

23 62 21-1

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Gemeng Biekerech publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Gemeng Biekerech:

Partager