Fokus Suessem

Fokus Suessem Eng nei Partei, eng nei Aart und Weis Politik zemachen

05/08/2026
01/08/2026

đŸ€” | Wou bleiwen dĂ©i etablĂ©iert Parteien, wann et drĂ«ms geet, den Index wierklech mĂ©i sozial gerecht ze maachen?

😠 | Virun allem d’Parteien aus dem lĂ©nke Spektrum huelen dĂ©i sozial Gerechtegkeet gĂ€r fir sech an Usproch. Mee wann et drĂ«ms geet, eng offensichtlech sozial Schiflag am aktuellen Indexsystem konkret unzegoen, bleift et erstaunlech roueg.

✅ | Mir hunn dofir schonn am September 2022 e sozialen Index gefuerdert. Net d’Ofschafe vum Index. Net d’VerrĂ©ckelen oder d’Aussetze vun Indextranchen. Mee en Index, dee mĂ©i sozial gerecht wier a besonnesch de Leit mat mĂ©i klengen Akommes zeguttkĂ«nnt.

📌 | Eis Propos lĂ€it zĂ«nter 2022 um DĂ«sch.
Wéi e sozialen Index konkret kéint ausgesinn, hu mir deemools am Detail erklÀert. Den RTL huet den 14. September 2022 doriwwer bericht.

Hei de Link:

https://infos.rtl.lu/news/luxembourg/la-solution-de-fokus-pour-reduire-lecart-entre-petits-et-gros-salaires-1965579

28/07/2026
14/07/2026

Fokus vermësst eng Politik mat WÀitsiicht a Verstand. Dat huet d'Partei e Méindeg den Owend ënnerstrach, wéi se hire Bilan gezunn huet.

22/06/2026

đŸ˜€ | De Claude Meisch verstoppt sech alt nees hannert der Autonomie vun de Gebaier an et feelt un enger klorer Kommunikatioun.

đŸ„” | Et gĂ«tt kee Schoul-Klima-Check an et feelen Informatiounen iwwert d’ZoustĂ€nn an de KlassesĂ€ll , Containeren an an de „Maison relais“ bei grousser HĂ«tzt.

❌ | Et feelt op villen Platzen un drĂ©ngend nĂ©idege SanĂ©ierungen, un zousĂ€tzleche KlassesĂ€ll a Schied an de SchoulhĂ€ff.

Eis Fuerderungen hu mir als Communiqué public gemaach. Dir fannt en an eise Kommentarer a geschwënn op https://fokusletzebuerg.lu/artikel/pressemitteilungen/

Adresse

Belvaux
4426

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Fokus Suessem publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message Ă  Fokus Suessem:

Raccourcis

Partager