21/10/2026
🇱🇺 De 14. Oktober goufen am Kader vun enger klenger Zeremonie d'Donen aus den Erléiser vun de Manifestatiounen MultiCulti, Bartreng beweegt sech an dem Wantermaart offiziell iwwerreecht.
Dank der Ënnerstëtzung vun de ville Visiteuren, Participanten an engagéierte Fräiwëllege konnt eng Zomm vu méi wéi 16.000 Euro gesammelt ginn, déi elo sechs Associatiounen an hire wäertvollen Aktivitéiten zeguttkënnt.
D'Done goufen un déi follgend Associatioune verdeelt:
• TamTam White and Friends – 2.000 € (MultiCulti)
D'Associatioun setzt sech dofir an, Kanner aus finanziell benodeelegte Familljen eng Freed ze maachen, andeems si hinnen ënner anerem Chrëschtkaddoe méiglech mécht.
• ZAK! – Zesummen aktiv – 3.445,67 € (Bartreng beweegt sech)
D'Associatioun fërdert d'Inklusioun vu Mënsche mat enger intellektueller Behënnerung duerch gemeinsam sportlech, sozial a kulturell Aktivitéiten.
• ALGSO – 3.445,67 € (Bartreng beweegt sech)
D'Association Luxembourgeoise des Groupes Sportifs Oncologiques ënnerstëtzt Mënschen, déi u Kriibs erkrankt sinn oder waren, duerch ugepasste Sportaktivitéiten, déi hir kierperlech a psychesch Gesondheet stäerken.
• LuxRollers – 1.445,66 € (Bartreng beweegt sech)
De Rollstullbasketballveräin setzt sech fir Inklusioun am Sport an a fërdert duerch seng Aktivitéiten den Teamgeescht an d'Zesummenhalen.
• Télévie – 4.337 € (Bartreng beweegt sech)
Den Télévie sammelt Spenden, fir d'Kriibsfuerschung z'ënnerstëtzen, besonnesch am Beräich vu Leukämie an anere Kriibserkrankungen.
• Lëtzebuerger Déiereschutzliga – 1.700,50 € (Wantermaart)
D'Associatioun engagéiert sech fir de Schutz an d'Wuelbefanne vun Déieren, këmmert sech ëm Déieren an Nout a setzt sech fir e respektvollen Ëmgang mat hinnen an.
E grousse Merci un all déi Leit, déi duerch hir Participatioun, hir Hëllef an hiren Engagement zu dësem flotte Resultat bäigedroen hunn.
Zesumme kënne mir eppes beweegen!
🤝 ❤️ 🤝
🇬🇧 On 14 October, a small ceremony was held to officially present the donations raised through the MultiCulti, Bartreng beweegt sech and Winter Market events.
Thanks to the support of the many visitors, participants and dedicated volunteers, more than €16,000 was raised to support six associations and their valuable work.
The donations were distributed among the following associations:
• TamTam White and Friends – €2,000 (MultiCulti)
The association is dedicated to bringing joy to children from financially disadvantaged families, including by providing them with Christmas presents.
• ZAK! – Zesummen aktiv – €3,445.67 (Bartreng beweegt sech)
The association promotes the inclusion of people with intellectual disabilities through shared sporting, social and cultural activities.
• ALGSO – €3,445.67 (Bartreng beweegt sech)
The Luxembourg Association of Oncological Sports Groups supports people who are undergoing or have undergone cancer treatment by offering adapted physical activities that promote their physical and mental well-being.
• LuxRollers – €1,445.66 (Bartreng beweegt sech)
This wheelchair basketball club promotes inclusion in sport and encourages team spirit and solidarity through its activities.
• Télévie – €4,337 (Bartreng beweegt sech)
Télévie raises funds to support cancer research, particularly in the fields of leukaemia and other forms of cancer.
• Lëtzebuerger Déiereschutzliga – €1,700.50 (Winter Market)
The association is committed to animal protection and welfare, caring for animals in need and promoting the respectful treatment of animals.
A heartfelt thank you to everyone who contributed to this wonderful result through their participation, support and dedication.
Together, we can make a difference!
🤝 ❤️ 🤝
🇫🇷 Le 14 octobre, une cérémonie a été organisée afin de remettre officiellement les dons issus des recettes des événements MultiCulti, Bartreng beweegt sech et du Marché d’hiver.
Grâce au soutien des nombreux visiteurs, participants et bénévoles engagés, plus de 16 000 euros ont pu être récoltés au profit de six associations, afin de soutenir leurs précieuses actions.
Les dons ont été répartis entre les associations suivantes :
• TamTam White and Friends – 2 000 € (MultiCulti)
L’association s’engage à apporter de la joie aux enfants issus de familles financièrement défavorisées, notamment en leur permettant de recevoir des cadeaux de Noël.
• ZAK! – Zesummen aktiv – 3 445,67 € (Bartreng beweegt sech)
L’association favorise l’inclusion des personnes présentant une déficience intellectuelle à travers des activités sportives, sociales et culturelles organisées en commun.
• ALGSO – 3 445,67 € (Bartreng beweegt sech)
L’Association Luxembourgeoise des Groupes Sportifs Oncologiques accompagne les personnes atteintes ou ayant été atteintes d’un cancer en proposant des activités physiques adaptées, contribuant à leur bien-être physique et psychologique.
• LuxRollers – 1 445,66 € (Bartreng beweegt sech)
Ce club de basketball en fauteuil roulant œuvre en faveur de l’inclusion dans le sport et encourage, à travers ses activités, l’esprit d’équipe et la solidarité.
• Télévie – 4 337 € (Bartreng beweegt sech)
Le Télévie collecte des fonds pour soutenir la recherche contre le cancer, notamment dans les domaines de la leucémie et d’autres maladies cancéreuses.
• Lëtzebuerger Déiereschutzliga – 1 700,50 € (Marché d’hiver)
L’association s’engage pour la protection et le bien-être des animaux, prend en charge les animaux en détresse et sensibilise au respect de ces derniers.
Un grand merci à toutes celles et ceux qui, par leur participation, leur aide et leur engagement, ont contribué à ce beau résultat.
Ensemble, nous pouvons faire la différence !