17/08/2026
Mat engem Metalldetekter schaffen oder Metallfëschen ass just erlaabt, wann een eng Formatioun gemaach huet an eng Autorisatioun vum Kulturministère huet. Dee Rappell mécht den Institut fir archeologesch Recherche, kuerz INRA. Wien erwëscht gëtt, muss mat zolitte Strofe rechnen.
Zu Waasser oder am Buedem gëtt et sou munches ze entdecken. Metall-Detektorismus gëtt et zënter de 70er Joren. De private Gebrauch vun den entspriechende Geräter ass awer reglementéiert.
De private Gebrauch vu Metalldetekteren ass am Grand-Duché reglementéiert.