CIS Bettembourg - Centre d'Incendie et de Secours Bettembourg

CIS Bettembourg - Centre d'Incendie et de Secours Bettembourg CIS Bettembourg - Centre d'Incendie et de Secours Bettembourg

Rappel!
16/08/2026

Rappel!

++ ℹ🇱🇺 Méiglech Gerochsbelästegung duerch Brand an der Belsch ++

Bedéngt duerch de grousse Vegetatiounsbrand an den Hautes Fagnes (B) an der aktueller Wandrichtung besteet iwwert déi nächst Stonnen d'Méiglechkeet vun enger Gerochsbelästegung an och vun Damp an der Loft. Dës steet an direktem Zesummenhang mam Brand an der Belsch a net mat engem Feier zu Lëtzebuerg.

Sollt dëst de Fall sinn, ass et d'Recommandatioun, d'Fënsteren an d'Dieren zouzehalen an d'Belëftung auszeschalten.

++ ℹ🇫🇷 Possibilité d'odeur de fumée suite à incendie en Belgique ++

En raison du feu de végétation actuellement en cours dans les Hautes Fagnes (B) et compte tenu de la direction actuelle du vent, des odeurs de feu ainsi que la présence de fumée dans l’air pourraient être constatées au cours des prochaines heures.
Cette situation est directement liée à l’incendie en Belgique et non à un incendie au Luxembourg.

Si vous constatez une odeur de fumée ou de la fumée dans l’air, il est recommandé de maintenir les fenêtres et les portes fermées et de couper les systèmes de ventilation.

Bettembourg

++ ℹ🇱🇺 Méiglech Gerochsbelästegung duerch Brand an der Belsch ++Bedéngt duerch de grousse Vegetatiounsbrand an den Haute...
15/08/2026

++ ℹ🇱🇺 Méiglech Gerochsbelästegung duerch Brand an der Belsch ++

Bedéngt duerch de grousse Vegetatiounsbrand an den Hautes Fagnes (B) an der aktueller Wandrichtung besteet iwwert déi nächst Stonnen d'Méiglechkeet vun enger Gerochsbelästegung an och vun Damp an der Loft. Dës steet an direktem Zesummenhang mam Brand an der Belsch a net mat engem Feier zu Lëtzebuerg.

Sollt dëst de Fall sinn, ass et d'Recommandatioun, d'Fënsteren an d'Dieren zouzehalen an d'Belëftung auszeschalten.

++ ℹ🇫🇷 Possibilité d'odeur de fumée suite à incendie en Belgique ++

En raison du feu de végétation actuellement en cours dans les Hautes Fagnes (B) et compte tenu de la direction actuelle du vent, des odeurs de feu ainsi que la présence de fumée dans l’air pourraient être constatées au cours des prochaines heures.
Cette situation est directement liée à l’incendie en Belgique et non à un incendie au Luxembourg.

Si vous constatez une odeur de fumée ou de la fumée dans l’air, il est recommandé de maintenir les fenêtres et les portes fermées et de couper les systèmes de ventilation.

Bettembourg

++ First Aid Course in Bettembourg ++The Corps grand-ducal d’incendie et de secours (CGDIS) is organizing a free first a...
11/08/2026

++ First Aid Course in Bettembourg ++

The Corps grand-ducal d’incendie et de secours (CGDIS) is organizing a free first aid course in english in Bettembourg.

Learn how to respond to accidents and medical emergencies, how to make a standardized emergency call, and how you can help save lives!

The course takes place over 16 hours:
31.08.2026: 08:00–17:00
01.09.2026: 08:00–17:00

Register now:
https://cours.cgdis.lu/page/module/3864/DEU/index.html?cache=no

17/07/2026

D'Amicale vun de Beetebuerger Pompjeeën invitéiert op den 3. Pompjeesquiz, Samschdes den 21. November 2026. Mell deng Equipe elo un!

++ Erhéichte Risiko vu Vegetatiounsbränn ++Mat den unhalend héijen Temperaturen an der domat verbonnener Drëchent ass de...
13/07/2026

++ Erhéichte Risiko vu Vegetatiounsbränn ++

Mat den unhalend héijen Temperaturen an der domat verbonnener Drëchent ass de Risiko vu Vegetatiounsbränn aktuell op engem ganz héije Niveau. Heiduerch kënne scho kleng Brandquellen zu engem gréissere Vegetatiounsbrand féieren.

Dofir ass et wichteg, opzepassen, fir eventuell Bränn ze vermeiden!

- Maacht kee Feier am Fräien! Wann dir a kontrolléierte Beräicher grillt, denkt dru Waasser oder e Feierläscher prett ze hunn.
- Geheit keng Zi******en oder Äsche vum Grill an d'Natur.
- Geheit keng Glasfläschen an d'Natur.
- Stellt är Gefierer net an d'Wiss oder op Felder

Fir dass d'Rettungsdéngschter séier op hier Plaz kommen, ass et wichteg, dass dir just op virgesinne Plaze parkt an net op Bëschweeër oder Accès'en an d'Bëscher.

Wann et zu engem Feier kënnt ass et wichteg, direkt den 112 unzeruffen!

++ Eischt Hëllef Cours zu Beetebuerg ++De CGDIS organiséiert vum 5. op de 6. September 2026 e gratis Eischt Hëllef Cours...
26/06/2026

++ Eischt Hëllef Cours zu Beetebuerg ++

De CGDIS organiséiert vum 5. op de 6. September 2026 e gratis Eischt Hëllef Cours zu Beetebuerg am Asazzenter.

Dir kënnt iech vun elo un umellen ënnert: https://cours.cgdis.lu/page/module/3847/DEU/index.html?cache=no

Léier Liewe retten - maach en 1. Hëllef Cours

++ Erhéichte Risiko vu Vegetatiounsbränn ++Mat den unhalend héijen Temperature klëmmt de Risiko vu Vegetatiounsbränn kon...
24/06/2026

++ Erhéichte Risiko vu Vegetatiounsbränn ++

Mat den unhalend héijen Temperature klëmmt de Risiko vu Vegetatiounsbränn kontinuéierlech a wäert Enn der Woch e ganz héije Niveau erreechen. Scho kleng Brandquelle kënnen dann duergoen, fir e Brand auszeléisen.

Dofir ass et wichteg, opzepassen, fir eventuell Bränn ze vermeiden!

- Maacht kee Feier am Fräien! Wann dir a kontrolléierte Beräicher grillt, denkt dru Waasser oder e Feierläscher prett ze hunn.
- Geheit keng Zi******en oder Äsche vum Grill fort.
- Geheit keng Glasfläschen an d'Natur.
- Stellt är Gefierer net an d'Wiss oder op Felder

Wann et zu engem Feier kënnt ass et wichteg, direkt den 112 unzeruffen!

++ Virowend Nationalfeierdag 🇱🇺 ++Wéi all Joers war den CIS Bettembourg och dëst Joer nees um Virowend Nationalfeierdag ...
23/06/2026

++ Virowend Nationalfeierdag 🇱🇺 ++

Wéi all Joers war den CIS Bettembourg och dëst Joer nees um Virowend Nationalfeierdag zu Beetebuerg dobäi, dëst esou wuel mat de Jugendpompjeeën ewéi och mat eisen aktive Memberen.

Mir wënschen iech all e schéine Nationalfeierdag.

🇱🇺 Vive de Grand-Duc 🇱🇺 Vive Lëtzebuerg 🇱🇺

23/06/2026
++ Vigilance rouge ab e Méindeg 12:00 ++Opgrond vun der unhaalender Hëtzt an am Bléck vun de sëllege Festivitéiten rondr...
20/06/2026

++ Vigilance rouge ab e Méindeg 12:00 ++

Opgrond vun der unhaalender Hëtzt an am Bléck vun de sëllege Festivitéiten rondrëm Nationalfeierdag, gëlt ab e Méindeg 12:00 Auert’ Alerte rouge.

Et ass dofir de Rappel op sech an op anerer opzepassen:
- drénkt reegelméisseg Waasser (min. 1,5L pro Dag)
- haalt iech net an der Sonn op
- bedeckt äre Kapp an denkt u Sonnecrème
- kuckt no vulnérabelen an eelere Leit, grad ewéi och no Kanner
- loosst keng Kanner oder Déieren am Auto zeréck - och net fir puer Minutten.
- mat der Hëtzt klëmmt och de Risiko vu Vegetatiounsbränn - passt op!

Am Noutfall gëlt den 112 unzeruffen.

Adresse

2-4, Rue J./H. Polk
Bettembourg
3275

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque CIS Bettembourg - Centre d'Incendie et de Secours Bettembourg publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager