07/06/2026
OPEN DAY GROUSSWISS
OFFIZIELL AWEIUNG 🤩 🎊
Nächste Samschdeg, den 13. Juni, gëtt d’Zone d’activités Grousswiss zu Biwer offiziell ageweit.
🕚 Um 11 Auer fänkt den offiziellen Deel u mat Festriede vum Buergermeeschter Marc Lentz, vum Wirtschaftsminister Lex Delles a vum Inneminister Léon Gloden.
Duerno offréiert d'Biwer Gemeng fir eng Stonn Iessen a Gedrénks, wou Dir musikalesch vun der Moselle Valley Brass Band encadréiert gitt.
Vun 10 bis 18 Auer maachen e groussen Deel vun den Entreprisen an der Zone d'activités Grousswiss hir Atelieren op fir hir Handwierk ze presentéieren.
📍 De komplette Programm fannt Dir ënnert:
👉 www.openbiwer.lu
Am Samstag, den 13. Juni 2026 öffnen die Betriebe ihre Türen für die Öffentlichkeit und geben exklusive Einblicke in ihre Arbeitswelt, ihre Technologien und ihre Leidenschaft für das Handwerk.