Administration de la nature et des forêts

Administration de la nature et des forêts Dëse Site gëtt geréiert vun der Naturverwaltung (ANF) a soll d'Bierger*innen iwwer d'Aarbecht vun der Naturverwaltung informéieren.

Offiziellen Account vun der Naturverwaltung an hiren Naturschutzzenteren🌱
Compte officiel de l’Administration de la nature et forêts et de ses 5 centres nature et forêt 🌱 D’ANF garantéiert déi beschtméiglech Exaktheet vun den Informatiounen op dësem Site. D’ANF kann net responsabel gemaach ginn, wa verschidden Informatioune feelen oder Feeler hunn. D’ANF kann och net responsabel gemaach gi fir de

Gebrauch vun Informatiounen duerch aner Quellen. D’ANF kann net responsabel gemaach gi fir de Gebrauch vun den Informatiounen duerch aner Persounen. D'Weblinken op dësem Site kënnen op aner Sitte weiderleeden, déi net vun der ANF administréiert ginn. D’ANF ass just fir hiren eegene Contenu responsabel an net fir deen op anere Sitten, op déi eventuell weidergeleet gëtt.
-
Cette page est gérée par l’Administration de la nature et des forêts (ANF) et vise l'information du grand public sur les activités de l’Administration de la nature et des forêts. L’ANF assure au mieux l’exactitude des informations diffusées sur cette page. Cependant, sa responsabilité ne saurait être retenue notamment en cas d’omission d’une information, en cas d’erreurs ou en cas de lacunes dans les informations fournies. L’ANF ne saurait être tenu responsable de l'utilisation qui peut être faite par des tiers des informations fournies sur cette page. Les liens sur cette page peuvent conduire vers des sites qui ne sont pas gérés par l’Administration de la nature et des forêts. L’ANF n’est pas responsable des informations ou services fournis par ces sites.

“Vu Mëtt Juni bis elo, hate mir quasi kee Reen, dat hannerléisst seng Spueren” 🌲Direktor vun der Naturverwaltung, Michel...
12/08/2026

“Vu Mëtt Juni bis elo, hate mir quasi kee Reen, dat hannerléisst seng Spueren” 🌲

Direktor vun der Naturverwaltung, Michel Leytem, erkläert am Interview mat 100.7, wéi sech d'Dréchent op eis Bëscher auswierkt a wéi mir eis Bëscher fir d'Zukunft méi resilient maachen.

🎧 Méi zum Thema Bësch an den Auswierkunge vun der Dréchent fënns du am Interview um Radio 100,7:
🔗https://gd.lu/2QHzvd

🇫🇷 🧐Nous recherchons des salarié·es forestiers👉 Envie d'une carrière variée au sein d'une équipe et sur le terrain ?En t...
11/08/2026

🇫🇷 🧐Nous recherchons des salarié·es forestiers

👉 Envie d'une carrière variée au sein d'une équipe et sur le terrain ?
En tant que salarié ·es forestier au sein de l'Administration de la Nature, tu travailles là où d'autres viennent se reposer et joues un rôle actif dans l'entretien et la protection des forêts et de la nature.

🌿 Nous te proposons des journées de travail variées, avec des missions allant des travaux forestiers traditionnels à la sensibilisation du public.

📚 Tu bénéficieras également d’un large éventail de possibilités de formation pour développer tes compétences et évoluer.

📅 Postulez avant le 4 septembre 2026
🔗 Via ce lien : https://gd.lu/9J2TD5

-

🌲🧐Bëschaarbechter*innen gesicht👉 Loscht op en ofwiesslungsräiche Beruff am Team an um Terrain?Als Bëschaarbechter*in bei...
11/08/2026

🌲🧐Bëschaarbechter*innen gesicht

👉 Loscht op en ofwiesslungsräiche Beruff am Team an um Terrain?
Als Bëschaarbechter*in bei der Naturverwaltung schaffs du do, wou anerer hir Fräizäit verbréngen an dréis aktiv dozou bäi, Bëscher an Natur z’ënnerhalen an ze schützen.

🌿 Mir bidden dir en ofwiesslungsräichen Aarbechtsalldag, mat Aufgaben déi vu klassesche Bëschaarbechte bis hin zur Sensibiliséierung ginn.
📚 Dobäi profitéiers du vun enger grousser Auswiel u Formatiounen, fir deng Kompetenzen auszebauen an dech virun ze entwéckelen.

📅 Mell dech bis den 4. September 2026
🔗 Iwwer dëse Link: https://gd.lu/9J2TD5

-

11/08/2026

Mir präparéieren eppes fir iech. Bleift drun 🌳🎬

🌳D'Buch vu Meesebuerg léist sech weisen🌳 Am Kader vun der Campagne  "Arbres remarquables" stelle mir iech haut erëm ee v...
07/08/2026

🌳D'Buch vu Meesebuerg léist sech weisen🌳
Am Kader vun der Campagne "Arbres remarquables" stelle mir iech haut erëm ee vun de méi wéi 240 Arbres remarquables vir, déi den Ament offiziell als solch zu Lëtzebuerg ausgewise sinn.

📌D'Buch vu Meesebuerg
• Ongeféier 31 Meter héich
• Mat engem Stammëmfang vu ongeféier 3 Meter
• Arbre remarquable duerch hir interessant Morphologie an hir aussergewéinlech Dimensiounen

Wëlls du dozou bäidroen datt nach méi bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg unerkannt a protegéiert ginn? Da fëll de Formulaire aus a maach mat!
ℹ️ De Formulaire a weider Informatiounen zur Campagne fënns du op arbresremarquables.lu

-
🇫🇷Dans le cadre de la campagne « Arbres Remarquables », nous vous présentons aujourd'hui un des plus de 240 arbres remarquables actuellement reconnus officiellement comme tels au Luxembourg.

📌L'hêtre de Meysembourg
• Hauteur d'environ 31 mètres
• Circonférence de tronc de plus au moins 3 mètres
• Arbre remarquable à cause de la morphologie intéressante et de la dimension exceptionnelle

Envoyez-nous vos suggestions d’arbres à protéger.
ℹ️Vous trouverez le formulaire et de plus amples informations sur la campagne sur arbresremarquables.lu
-

👋 Den August an eisen NaturschutzzenterenOch am August bidden eis Naturschutzzentere Aktivitéiten un, bei deenen dir d'N...
01/08/2026

👋 Den August an eisen Naturschutzzenteren

Och am August bidden eis Naturschutzzentere Aktivitéiten un, bei deenen dir d'Natur erliewe kënnt:
🌿 Tëscht geféierte Wanderungen, kreativen Atelieren an Erfarungen am Terrain kriss du d’Geleeënheet, d‘Natur aus enger ganz neier Perspektiv z‘entdecken. Heiansdo geet et dobäi drëms, sech ze beweegen, selwer eppes ze schafen, awer och einfach ze verstoen, wat ronderëm ee geschitt.

Egal ob eleng, mat Frënn oder mat der Famill, bei eiser villfälteger Offer ass fir jiddereen eppes derbäi.

☀️ Sich dir eng Aktivitéit eraus a mell dech un, mir freeën eis op dech.
ℹ️ Méi Informatiounen iwwer eise Programm fënns du hei : https://gd.lu/b7Qlmk

-
En août aussi, nos Centres nature et forêt vous proposent des d'activités pour découvrir la nature :

🌿Entre randonnées guidées, ateliers créatifs et expériences pratiques en plein air, vous aurez l’occasion de découvrir la nature sous un tout nouvel angle. Il s’agit parfois de bouger, parfois de créer quelque chose de vos propres mains, et parfois simplement de comprendre ce qui se passe autour de vous.

Que ce soit seul, entre amis ou en famille, notre programme offre à chacun une expérience inoubliable en pleine nature.

☀️ Choisissez une activité et inscrivez-vous, nous avons hâte vous accueillir.
ℹ️Vous trouverez plus d'informations sur notre programme ici : https://gd.lu/b7Qlmk

🇱🇺 Grad de Summer ass eng schéin Zäit, fir vun eise Bëscher a vun der Natur ze profitéieren.Op ville Plaze gesäit een al...
31/07/2026

🇱🇺 Grad de Summer ass eng schéin Zäit, fir vun eise Bëscher a vun der Natur ze profitéieren.

Op ville Plaze gesäit een allerdéngs, wéi d’Dréchent an déi héich Temperaturen eise Bëscher zousetzen. Dat bréngt och eng Rei Gefore fir Natur a Mënsch mat sech, wéi gëscht op engem Point Presse erkläert gouf.

ℹ️ Dobäi kann ee scho mat e puer einfache Rotschléi Risike reduzéieren. Méi Informatiounen dozou fannt dir an eisem Post vun haut an hei : https://gd.lu/1SjXgR

--
🇫🇷 Profiter de la nature et des forêts en été, c’est beau.

En même temps, on voit de plus en plus souvent à quel point la sécheresse et les températures élevées endommagent nos forêts. Cela entraîne également des dangers pour la nature et les personnes, comme expliqué hier lors d’un point presse.

ℹ️ Certains gestes permettent déjà de réduire les risques. Découvrez-les dans notre post d’aujourd’hui et ici : https://gd.lu/1SjXgR

🌿 Hues du scho mol esou e Schëld gesinn?Wann's du vill an der Natur ënnerwee bass, bass du bestëmmt schonn emol esou eng...
29/07/2026

🌿 Hues du scho mol esou e Schëld gesinn?

Wann's du vill an der Natur ënnerwee bass, bass du bestëmmt schonn emol esou engem Schëld begéint. Dës markéieren den Ufank vun engem vun de villen Naturschutzgebidder hei zu Lëtzebuerg, also Zonen déi offiziell als protegéiert gëllen - zum Beispill fir spezifesch Aarten, Habitater oder sensibel Landschaften ze schützen.

🤔 Si hëllefen dobäi, sech séier ze orientéieren, erënneren awer och un déi elementar Reegelen déi op där jeeweileger Plaz gëllen. Well Natur genéisse bedeit och, se ze respektéieren a Récksiicht ze huelen.

➡️ An eisem Post fënns du e puer Beispiller, wat déi eenzel Symboler bedeiten.

Méi Informatiounen iwwer Naturschutzgebidder zu Lëtzebuerg : https://gd.lu/bDKxgs

-

🇫🇷 As-tu déjà vu ce type de panneau ?

Si tu te promènes souvent dans la nature, tu l'as certainement déjà croisé : ce type de panneau marque le début d'une des nombreuses zones protégées au Luxembourg, c'est-à-dire de zones profitant officiellement d'un statut de protection - par exemple pour préserver certaines espèces, des habitats ou des paysages sensibles.

🤔 Ces panneaux aident à s’orienter rapidement tout en rappelant les règles essentielles qui s'appliquent dans la zone concernée. Car profiter de la nature, c'est aussi la respecter.

➡️ Dans notre post d'aujourd'hui, nous revenons sur l'explication de certains symboles sur ces panneaux.

Plus d'informations sur les zones protégées au Luxembourg https://gd.lu/bDKxgs

🌳D'Eeche vu Munzen loosse sech weisen🌳 🇱🇺Am Kader vun der Campagne  "Arbres remarquables" stelle mir iech haut erëm e pu...
24/07/2026

🌳D'Eeche vu Munzen loosse sech weisen🌳

🇱🇺Am Kader vun der Campagne "Arbres remarquables" stelle mir iech haut erëm e puer vun de méi wéi 240 Arbres remarquables vir, déi den Ament offiziell als solch zu Lëtzebuerg ausgewise sinn.

📌D'Eeche vu Munzen
• Ongeféier 22.5 Meter héich
• Mat engem Stammëmfang vu bis zu 2,29m
• Arbres remarquables duerch hir imposant Héischt an de beandrockende Stammëmfang

Wëlls du dozou bäidroen datt nach méi bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg unerkannt a protegéiert ginn? Da fëll de Formulaire aus a maach mat!

ℹ️ De Formulaire a weider Informatiounen zur Campagne fënns du op arbresremarquables.lu
-
🇫🇷Dans le cadre de la campagne « Arbres Remarquables », nous vous présentons aujourd'hui un des plus de 240 arbres remarquables actuellement reconnus officiellement comme tels au Luxembourg.

📌Les chênes de Munshausen
• Hauteur d'environ 22.5 mètres
• Circonférence de tronc de 2.29 mètres
• Arbres remarquables à cause de leur hauteur et de leur circonférence de tronc impressionantes

Envoyez-nous vos suggestions d’arbres à protéger.
ℹ️Vous trouverez le formulaire et de plus amples informations sur la campagne sur arbresremarquables.lu

-

🌿Ministère de l'Environnement, du Climat et de la Biodiversité
-

🇱🇺 🎓 45 nei Jeeërinnen a Jeeër Dëse Méinden huet den Ëmwelt-, Klima- a Biodiversitéitsminister, de Serge Wilmes, d'Juegd...
23/07/2026

🇱🇺 🎓 45 nei Jeeërinnen a Jeeër

Dëse Méinden huet den Ëmwelt-, Klima- a Biodiversitéitsminister, de Serge Wilmes, d'Juegddiplomer u 45 Kandidatinnen a Kandidaten iwwerreecht. No enger usprochsvoller Formatioun, déi theoretesch a praktesch Fachkenntnisser kombinéiert, hunn si hir Examen erfollegräich ofgeschloss.

Déi nei diploméiert Jeeërinnen a Jeeër iwwerhuelen eng wichteg Roll fir eng nohalteg Gestioun vum Wëld, de Schutz vun de Bëscher an den Erhalt vun eisem ekologesche Gläichgewiicht.

👏 Gratulatioun un déi nei Jeeërinnen a Jeeër a vill Erfolleg bei hirem Asaz fir d'Natur an d'Biodiversitéit!
-
🇫🇷 🎓 45 nouveaux chasseurs diplômés

Ce lundi, le ministre de l’Environnement, du Climat et de la Biodiversité, Serge Wilmes, a remis les diplômes de chasse à 45 candidates et candidats. Après une formation exigeante combinant enseignement théorique et pratique, ils ont réussi avec succès leurs examens.

Les nouveaux chasseurs diplômés joueront désormais un rôle important dans la gestion durable de la faune sauvage, la protection des forêts et la préservation de notre équilibre écologique.

👏 Félicitations aux nouveaux chasseurs et beaucoup de succès dans leur engagement en faveur de la nature et de la biodiversité !
-

Adresse

81, Avenue De La Gare
Diekirch
L-9233

Heures d'ouverture

Lundi 08:00 - 17:00
Mardi 08:00 - 17:00
Mercredi 08:00 - 17:00
Jeudi 08:00 - 17:00
Vendredi 08:00 - 17:00

Téléphone

+35224756600

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Administration de la nature et des forêts publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager