12/05/2026
Am Mount Abrëll hu mir eis am Bib fir Kids Bicher iwwert d'Villercher ugekuckt. Déi héiere mir jo elo nees mei dobaussen.
Am Buch 'Der Specht der ein Kolibri sein wollte' wëllt de klenge Spiecht onbedéngt e Kolibri sinn. Déi si schei faarweg, kënnen hannertsech fléien a kee reegt sech iwwert sie op dass sie ze vill Kaméidi maachen. Wou et awer dun ufänkt mat reenen, ass de klenge Kolibri frou dass en de Spiecht huet deem him elo eng dreschen Höl baue kann. De Spiecht mierkt dass hie genausou richteg ass wei en ass.
Den Hues Kasimir ass am Buch 'Kasimir hat einen Vogel' fläisseg am gaang Iessen ze sammele fir de Wanter. Am Wanter kommen eng Rei Deiere bei hien Iesse froe well se krank sinn oder net genuch hunn. Mee de Kasimir well absolut net deelen. Wou hien e Kuch baakt an eng Noss well uewen drop setzen, mierkt en dass et keng Noss ass mee en Ee. An aus dem Ee kennt e klenge Villchen. Am Ufank ass de Kasimir e genervt well de Villchen him alles duerchernee mécht. Mee no enger Zeit mierkt hie wei flott et ass net eleng ze sinn an zesummen ze spillen. Wei d'Fréijoer kennt, ass de Kasimir frou wann aner Deiere bei hien kommen an hie mécht Fester wou hien säin Iessen deelt.
Am Buch 'Der Zaunkönig' ass et drëm gaang dass d'Villercher wollten e Kinnek hunn. Fir teischt sollt deen de Kinnek ginn deen am héchste géing fléien an dono dee wou am déifsten kéint an de Buedem eragoen. Ee klenge Villchen huet déi aner ëmmer bedupst an deem hien sech z.b an de Plomme vum Adler verstoppt huet, esou net midd ginn ass beim Fléien an esou mei héicht konnt fléien wei den Adler. Dono huet hien sech an engem Mauslach verstoppt. Well déi aner Villercher genervt vun him waren, geet hien elo net mei bei sie mee hält sech elo éischter bei den Zénk op. Déi aner Villercher hunn hien dofir Zaunkönig gedeeft.
Am Grupp 7-10 hu mir eis och dat klengt Buch ‚Seelenvogel ugekuckt.
Am Buch geet et ëm e klenge Seelenvogel, dee ganz déif am Mënsch lieft. Hien huet vill kleng Tiräng an sech – an all Tirang stécht en anert Gefill: Freed, Trauregkeet, Roserei, Angscht, Léift…
Wann eppes am Liewe geschitt, mécht de Seelenvugel dee passende Tirang op. Sou weist hien eis, wéi mir eis fillen. Heiansdo ass et einfach, d’Gefiller ze erkennen, mee heiansdo si se verstoppt oder gemëscht.
All Mënsch huet eng räich bannenzeg Welt vu Gefiller, an et ass wichteg, drop ze lauschteren an se ze respektéieren