07/02/2026
Dysfonctionnementer an de Ministère kuckt no?
Quell: Wort.lu
Beim CNA gesi mir Problemer, déi net vun haut op muer entstane sinn an och net nëmmen op den aktuelle DP Minister zeréckzeféieren sinn.
Dat gëtt op d’Zäit vu „déi Gréng“ virdrun zereck.
Déi selwecht Mustere kenne mir scho: Superdreckskëscht & RGTR Elektrobus Skandaler?
Weisou net maache wei bei eis? Wann eppes net funktionéiert, an ja mir Pirate si net Feelerfräi, e Rapport an d’Feeler op den Dësch leen?
Ganz Transparent, live am Stream.
Genee dat erwaarde mir och vun der Regierung.
D´Problemer transparent ze maachen an ze léisen.