JS Dudelange

Itinéraire

JS Dudelange "Dëst ass eng Säit fir all Mënsch, deen déi jonk Sozialisten vun Diddeleng (JSD) ënnerstëtzen an Informatiounen iwwert eis an ons Aktivitéiten erhale wëll.

Mär sinn ëmmer op fir nei Iddien an Är Uleien. Fir Diddeleng!"

30/07/2026

‼️ LAST AFTERWORK OF THE SEASON ‼️

Nom grousse Succès vun eisem Afterwork den 8. Mee an der Wäinstuff zéie mär weider duerch Diddeleng!

Freideg, den 31. Juli
Ab 17:00 Auer
📍 Café De Good Fellow

☀️An d’Sonn schéngt och nees richteg matzespillen – also gëtt dobausse mat engem Outdoor-Bar gefeiert!
🎧 DJ SNPY an DJ SAMØ leeë vum Balcon aus op.
🍔 Vun der Veggie-Optioun bis bei déi legendär Ćevapčićien – de Baba ass um Grill. (If you know, you know. 😉)

Eise leschten Afterwork vun der Saison – also déi perfekt Geleeënheet, fir nach eng Kéier zesummen unzestoussen, gutt Musek ze genéissen an a gemittlecher Atmosphär zesummen an d’Gespréich ze kommen.

Kommt laanscht a bréngt ee mat deen ee matbréngt - mär freeën eis op Iech!

-

🇫🇷‼️ DERNIER AFTERWORK DE LA SAISON ‼️

Après le grand succès de notre Afterwork du 8 mai à la Wäinstuff, nous poursuivons notre tournée à travers Dudelange !

🗓️Vendredi 31 juillet
🕠À partir de 17h00
📍 Café De Good Fellow

☀️ Le soleil sera une nouvelle fois de la partie – l’Afterwork se déroulera donc en terrasse avec un Outdoor-Bar!
🎧 DJ SNPY et DJ SAMØ mixeront depuis le balcon.
🍔 Des options végétariennes aux légendaires Ćevapčićis – Baba sera aux commandes du barbecue.

Notre dernier Afterwork de la saison est l’occasion idéale de trinquer une dernière fois ensemble, de profiter d’une bonne ambiance musicale et de passer un moment convivial autour d’un verre.

Passez nous voir… et venez accompagné ! Nous nous réjouissons de vous retrouver !

D’Jonk Sozialisten Diddeleng wënscht iech e Schéinen Nationalfeierdag 🇱🇺
23/06/2026

D’Jonk Sozialisten Diddeleng wënscht iech e Schéinen Nationalfeierdag 🇱🇺

04/05/2026
🌹 Generalversammlung 2026 – Jusos DiddelengDe 26. Mäerz 2026 hunn d’Jonk Sozialisten Diddeleng hir Generalversammlung of...
27/03/2026

🌹 Generalversammlung 2026 – Jusos Diddeleng

De 26. Mäerz 2026 hunn d’Jonk Sozialisten Diddeleng hir Generalversammlung ofgehalen – e wichtege Moment fir zeréckzekucken, awer virun allem fir no vir ze kucken.

Mer soe villmools Merci fir de flotte, conviviale Moment virun der AG zesumme mat Memberen aus der Diddelenger Sektioun!

D’Motivatioun ass grouss, an d’Loscht sech anzebréngen nach méi!

Eis nei Exekutiv:
• Lisa Benasstutti & Edi Pacarada – Co-President:innen
• Dylan Ferreira – Tresorier
• Noël Lessinger – Sekretär
• Laura Oé – Member vun der Exekutiv (Social Media & Eventer)

Zesumme wëlle mir méi Präsenz weisen, méi Leit mobiliséieren an aktiv d'Zukunft vun eiser Stad matgestalten.

👉 Loscht matzemaachen? Schreif eis!
👉 Loscht op Politik déi no bei de Leit ass? Komm dobäi!

🌹 Zesumme fir e soziaalt, gerecht a modernt Diddeleng.

Adresse

Dudelange
3542

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque JS Dudelange publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager