Pompjeeën Angelduerf

Pompjeeën Angelduerf CIS ANGELDUERF / POMPJEESFRËNN ANGELDUERF CIS ANGELDUERF / POMPJEESFRËNN ANGELDUERF

Den 1. Dësen Asazzenter gëtt säit dem 1. Januar 2020 vum Jean Colling geleet.

Juli 2018 ass de Corps grand-ducal d’incendie et de secours, kuerz CGDIS, a Kraaft getrueden. Dës komplett Ëmstrukturatioun vum Pompjeeswiesen huet sou munch Ännerunge mat sech bruecht. Sou koum et, datt aus de Pompjee Angelduerf de « Centre d’incendie et de secours Ingeldorf » (CIS Angelduerf) ginn ass. Den Asazzenter krut net nëmmen een neien Numm mee och eng nei Aufgabeverdeelung. Sou ass de CI

S Angelduerf do fir Mënschen an Déieren an Nout ze retten. Duerch stänneg Formatioune ginn d’Pompjeeën ëmmer op de lëschte Stand gesat, fir am Noutfall sou séier a professionell wéi méiglech handelen ze kënnen. De CIS Angelduerf besteet nach komplett aus fräiwëllege Pompjee, déi fir den Déngscht um Bierger selbstlos an ouni Entschiedegung hir Fräizäit hierginn, fir den Awunner vun der Gemeng an och vun den Nopeschgemengen zu all Dageszäit ze hëllefen. D’Reform vun de Rettungsdéngschter huet awer och mat sech bruecht datt all Asazzenter eng Amicale grënne muss. Dës Amicale ass do fir senge Memberen deen een oder anere Moment ënner Frënn z’erméiglechen. Dëst ass immens wichteg fir déi schéin a manner schéi Momenter aus dem Rettungsdéngscht mat Kolleegen ze beschwätzen an awer och eng Frëndschaft ze stäerken, déi ee brauch fir sech am Asaz op deen anere verloossen ze kënnen. Doduerch ass d’Amicale „Pompjëesfrënn Angelduerf a.s.b.l“ gegrënnt ginn. Dës Amicale steet ënnert der Leedung vun hirer Präsidentin dem Lis Lourenco. An dëser Amicale sinn awer net nëmme Pompjeeë vum CIS Angelduerf dran, mee och sou munch Pompjëesfrënn, déi sëlwer net am aktiven Déngscht dobäi sinn. Zu de gréisste Manifestatioun déi d’Pompjëesfrënn organiséieren, gehéiere ënner anerem d’Buergbrennen, Buergsonndeg an de Fakelzuch op national Feierdag. Et ass wichteg den Ënnerscheed tëschent dem CIS Angelduerf an de Pompjëesfrënn Angelduerf a.s.b.l ze maachen. De CIS Angelduerf ass een noutwennege Service, deen all Gemeng garantéiere muss. D’Pompjëesfrënn Angelduerf a.s.b.l sinn e Veräin, dee probéiert senge Membere e Merci fir hiert fräiwëllegt Engagement ze ginn. Wann’s och du interesséiert bass fir an de CIS Angelduerf oder an d'Pompjëesfrënn Angelduerf a.s.b.l ze kommen, dann zéck net an huel Kontakt iwwert eis Säit op.

✨️Übungsweekend / Teambuilding✨️De Weekend vum 27. a 28. Juni, war eisen Übungsweekend geplangt. Wéinst der Canicule hu ...
07/07/2026

✨️Übungsweekend / Teambuilding✨️

De Weekend vum 27. a 28. Juni, war eisen Übungsweekend geplangt. Wéinst der Canicule hu mir eis awer kuerzfristeg dozou entscheet, amplaz en Teambuilding-Weekend ze organiséieren. Sou konnte mir eis Kräften an eis Reserven schounen, falls et zu engem gréisseren Asaz géif kommen🚒

Fir operationell Pompjeeën ass den Teamgeescht ee vun de wichtegste Pilieren. Op all Asaz musse mir eis openeen verloosse kënnen an eis géigesäiteg blann vertrauen. Dofir leeë mir am CIS Angelduerf ganz vill Wäert op Kollegialitéit, Respekt an Zesummenalt🤝

Mir si méi wéi just eng Equipe – mir si wéi eng kleng Famill. Eng Famill, déi aus Mënsche mat de verschiddenste Backgrounden zesummegesat ass. Alter, Geschlecht oder Hierkonft spillen dobäi keng Roll. Jidderee gëtt mat agebonnen, jidderee gëtt respektéiert, a jidderee fënnt en oppent Ouer 🧑‍🤝‍🧑👭👫👬🖤

Genee dëse staarke Zesummenhalt mécht eis aus. Dëst erméiglecht et eis, als Team dobaussen de Leit an usprochsvolle Situatiounen déi beschtméiglech Hëllef ze leeschten.

Wann dir duerch eis kleng Fotogalerie kuckt, da gesitt dir net nëmmen de Spaass, dee mir zesummen haten, mee och de staarken Teamgeescht an de flotte Zesummenhalt, déi eis als CIS Angelduerf auszeechnen 🚒💙

✨Virowend vum Nationalfeierdag✨Den 22. Juni, um Virowend vum Nationalfeierdag, waren eis operationell Pompjeeën am Asaz,...
29/06/2026

✨Virowend vum Nationalfeierdag✨

Den 22. Juni, um Virowend vum Nationalfeierdag, waren eis operationell Pompjeeën am Asaz, fir d'Sécherheet wärend dem Fakelzuch zu Ierpeldeng-Sauer ze garantéieren🔥

Mat eisen dräi Gefierer - LF, TSF an MTW – souwéi mat mobilen Equippe ware mir ënnerwee a hunn dofir gesuergt, datt et all eisen Awunner, trotz de waarmen Temperaturen, gutt geet. Ausserdeem hu mir iwwerwaacht, datt déi néideg Sécherheetsofstänn souwuel tëscht de Participanten ewéi och tëscht de Fakelen an anere brennbare Géigestänn agehale goufen, fir e sécheren an ouni Tëschefall verlafende Fakelzuch ze garantéieren🚒

23/06/2026
✨ Remise des Médailles ✨E Méinden, de 15. Juni, huet zu Käerjeng d’Remise des Médailles 2026 stattfonnt. 🏅Dëst Joer gouf...
18/06/2026

✨ Remise des Médailles ✨

E Méinden, de 15. Juni, huet zu Käerjeng d’Remise des Médailles 2026 stattfonnt. 🏅

Dëst Joer goufen zwee Membere vum CIS Angelduerf ausgezeechent:

🥉 De Grég krut d’Médaille en Bronze fir 10 Joer aktiven Déngscht.
🥈 D’Anne gouf mat der Médaille en Argent fir 15 Joer aktiven Déngscht ausgezeechent.

Mir gratuléieren dem Grég an dem Anne ganz häerzlech a soe Merci fir hiert laangjäregt Engagement am Déngscht vun eise Biergerinnen a Bierger 💪
Mir wënschen hinnen och weiderhi vill flott, beräicherend a erfollegräich Joren am CGDIS!🚒

Merci fir ären alldeeglechen Asaz an Engagment! 👏

✨️ Brand zu Lëlz den 06. Juni 2026✨️Och den CIS Angelduerf gouf an enger spéiderer Phas op dëse Brand zu Lëlz alarméiert...
15/06/2026

✨️ Brand zu Lëlz den 06. Juni 2026✨️

Och den CIS Angelduerf gouf an enger spéiderer Phas op dëse Brand zu Lëlz alarméiert. Dëst an aller Fréi, géint 2:00 Auer, fir eng Brandwaach ze assuréieren an zesumme mat anere Sectiounen dofir ze suergen, datt d'Feier net nees oplodert an sech weider ausbreet.
Géint 8:15 Auer moies ass et fir eis Ekipp dunn nees zréck op Angelduerf gangen. Wou eis Memberen dunn hiere wuelverdingten Schlof konnte nohuelen.

Mir soen hinne Mercii fir hieren Asaz déi Nuecht💪

✨ ÉISCHT-HËLLEF-COURSEN / COURS DE PREMIERS SECOURS zu Angelduerf ✨📍 Fir Privatpersounen, Mataarbechter aus dem HORECA-S...
04/06/2026

✨ ÉISCHT-HËLLEF-COURSEN / COURS DE PREMIERS SECOURS zu Angelduerf ✨
📍 Fir Privatpersounen, Mataarbechter aus dem HORECA-Secteur, der Vente, dem Coiffeursberäich an all interesséiert Persounen
📍 Pour les particuliers, les professionnels de l’HORECA, de la vente, de la coiffure et toute personne intéressée

🇱🇺 Lëtzebuergesch 🇱🇺

An de kommende Méint ginn am CIS Angelduerf véier Éischt-Hëllef-Coursen ofgehalen.

📅 Cours op Lëtzebuergesch 🇱🇺
• 12.07.2026 + 19.07.2026 (2 Sonndeger) https://cours.cgdis.lu/page/module/3815/FRE/index.html?cache=no

📅 Coursen op Franséisch 🇫🇷
• 13.07.2026 + 20.07.2026 (https://cours.cgdis.lu/page/module/3816/FRE/index.html?cache=no)
• 17.08.2026 + 24.08.2026 (https://cours.cgdis.lu/page/module/3818/FRE/index.html?cache=no)
• 28.09.2026 + 05.10.2026 (https://cours.cgdis.lu/page/module/3819/FRE/index.html?cache=no)

Déi franséisch Coursen fannen all Kéiers Méindes statt a si besonnesch praktesch fir Persounen aus dem HORECA-Secteur, dem Coiffeursberäich an/oder der Vente. Natierlech ass awer jiddereen häerzlech wëllkomm!

━━━━━━━━━━━━━━━━━━
🇫🇷 Français 🇫🇷

Au cours des prochains mois, quatre cours de premiers secours seront organisés au CIS Ingeldorf.

📅 Cours en luxembourgeois 🇱🇺
12.07.2026 + 19.07.2026 (2 dimanches) https://cours.cgdis.lu/page/module/3815/FRE/index.html?cache=no

📅 Cours en français 🇫🇷
• 13.07.2026 + 20.07.2026 (https://cours.cgdis.lu/page/module/3816/FRE/index.html?cache=no)
• 17.08.2026 + 24.08.2026 (https://cours.cgdis.lu/page/module/3818/FRE/index.html?cache=no)
• 28.09.2026 + 05.10.2026 (https://cours.cgdis.lu/page/module/3819/FRE/index.html?cache=no)

Les cours en français auront lieu les lundis et ont été organisés dans l’objectif de toucher les personnes travaillant dans le secteur HORECA, la coiffure et/ou la vente. Bien entendu, toute personne intéressée est la bienvenue.

❤️ Aider à sauver des vies !

Säitdeem den Éischt Hëllefs Cours den 1. Juli 2018 vum CGDIS nei organiséiert gouf, entsprécht dëse Cours lo och a Lëtzebuerg dem Modell vum europäeschen First-Aid-Cours. Dat heescht, dass de Cours sech elo zu gutt 2/3 op praktesch Inhalter stëtzt an déi theoretesch Deeler mëttlerweil é...

03/06/2026
✨️ Marche Internationale zu Dikrech ✨️De Weekend war d’Marche Internationale zu Dikrech. 6 Memberen aus dem CIS Angeldue...
01/06/2026

✨️ Marche Internationale zu Dikrech ✨️

De Weekend war d’Marche Internationale zu Dikrech. 6 Memberen aus dem CIS Angelduerf waren um Start. D'Mina, d'Chiara an de Sven souwuel wei den Tom an d'Lis - mam Lia👶 a Lou🐶 - hunn op béiden Deeg jee 20 km zeréckgeluecht, während de J***y e Samschdeg déi 40 km getrëppelt ass 🥾☀️🌳

Dobäi hunn verschiddener och eis nei Sportstrikoten gedroen an domat eise CIS no baussen hin exzellent representéiert🎽

Top Leeschtung vu jidderengem! 💪

✨️ Éischte Mee ✨️Nodeems mir en Donnerschden Owend mat der Hexenuecht an de verlängerte Weekend gestart hunn, ass et gës...
02/05/2026

✨️ Éischte Mee ✨️
Nodeems mir en Donnerschden Owend mat der Hexenuecht an de verlängerte Weekend gestart hunn, ass et gëschter viru gaangen mat der Éischt Meefeier🌿
Mir soen der Amicale Pompjeeën Ettelbréck villmools mercii fir dee flotte Weekend🥰

Dëst Joer starte mir eise verlängerte Weekend vum 1. Mee zesumme mat der Amicale Pompjeeën Ettelbréck🥳Haut den Owend ste...
30/04/2026

Dëst Joer starte mir eise verlängerte Weekend vum 1. Mee zesumme mat der Amicale Pompjeeën Ettelbréck🥳
Haut den Owend steet déi traditionell Hexenuecht um Programm🧙‍♀️🧹

Adresse

15, Rue Du Berger
Erpeldange
9161

Téléphone

+352497715976

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Pompjeeën Angelduerf publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Pompjeeën Angelduerf:

Raccourcis

Partager