DP Maacher

DP Maacher Wëllkomm op der offizieller Facebook-Säit vun der DP Maacher.

Flotten Nomëtteg op der Schoulkiermes! 🏫Mir wënschen de Kanner an dem Léierpersonal elo schon eng schéin, verdéngte, gro...
10/07/2026

Flotten Nomëtteg op der Schoulkiermes! 🏫
Mir wënschen de Kanner an dem Léierpersonal elo schon eng schéin, verdéngte, grouss Vakanz! ☀️

🇱🇺 ‚Wou d’Rief laanscht d’Musel dofteg bléit’ ☀️ 🍇 De Virowend vu Nationalféierdag zu Gréiwemaacher. Mir wënschen haut j...
23/06/2026

🇱🇺 ‚Wou d’Rief laanscht d’Musel dofteg bléit’ ☀️ 🍇

De Virowend vu Nationalféierdag zu Gréiwemaacher. Mir wënschen haut jidderengem e flotten Nationalféierdag.

3x Vive 🇱🇺

5.316 Awunner zu Maacher a jiddereen soll sech hei Doheem fillen, Frënn fannen, sech an de Veräiner engagéiren, Fester f...
12/06/2026

5.316 Awunner zu Maacher a jiddereen soll sech hei Doheem fillen, Frënn fannen, sech an de Veräiner engagéiren, Fester feieren - ganz einfach een Deel vu Maacher sinn.
Haut war d‘Réception vun den Nouveaux Arrivants. ☺️

Haut war d‘Pressekonferenz vum PAP Pietert - e néie Quartier 🏘️ fir Maacher mat: 93 bis 105 Wunnméiglechkeeten fir bis z...
05/06/2026

Haut war d‘Pressekonferenz vum PAP Pietert - e néie Quartier 🏘️ fir Maacher mat:
93 bis 105 Wunnméiglechkeeten fir bis zu 300 Leit 👩🏼‍🤝‍👨🏽 opgedeelt an 45 Häiser 🏡 an 6 Résidencen an 1 néier Spillplaz 🏰 fir Kanner 👧🏼🧒🏽.

Mir freeën eis drop, wa geschwenn d‘Baggere rullen. 🏗️

Traditionellen Ousterpatt vun der DP Osten am Centre Machera 💙🐣Mir wënschen eech schéin Ousteren! 🌷🐰
04/04/2026

Traditionellen Ousterpatt vun der DP Osten am Centre Machera 💙🐣
Mir wënschen eech schéin Ousteren! 🌷🐰

Eng ganz flott AG vun der DP Maacher 💙
10/03/2026

Eng ganz flott AG vun der DP Maacher 💙

DP Maacher huet géint de Budget Rectifié 2025 an de Budget 2026 gestëmmt. Wisou? ➡️Bis Enn 2026 belafen d’Emprunten sech...
19/12/2025

DP Maacher huet géint de Budget Rectifié 2025 an de Budget 2026 gestëmmt.
Wisou?

➡️Bis Enn 2026 belafen d’Emprunten sech op bal 45 Milliounen.
Zënter 2016 ass quasi all Joer en Emprunt opgeholl ginn.

➡️ well e Gesamtkonzept feelt. Beispill: de Parking op Flohr oder de Réaménagement vun engem Deel vun der Tréier Strooss.

➡️ Wann een awer op d’Prioritéiten kuckt, stinn der 9 an der Erklärung, dovun sinn der bis elo just 2 ofgeschloss – an dat sinn déi, déi schonn an der viregter Legislaturperiod am Chantier waren. 3 Prioritéiten sinn an der Planung, bei 4 ass et roueg.
An eisen Aen missten dës Prioritéiten och prioritär behandelt ginn, well et
Verspriechen un d’Bierger waren.

➡️ Apropos Verspriechen: d’Emgestaltung vun der Op-/Offahrt vun der A1 um
Potaschbierg, Léisungen fir de Verkéiersfloss am Kreesverkéier Kummert, Asetzen
fir eng Bréck iwwer den Hafen direkt op d’A1… Dëst sinn alles Punkten, déi och
versprach goufen, mee wou nach näischt geschitt ass.

⬇️ Hei drënner fannt dir déi ganz d‘Stellungnahm vun der DP Fraktioun.

https://www.dp.lu/maacher/stellungnahm-zum-budget-vun-der-dp-2/

Haut de Moien waren d‘DP Conseilleren Claude Wagner, Patrick Frieden a Claire Sertznig sech den Dossier an d’Pläng iwwer...
02/12/2025

Haut de Moien waren d‘DP Conseilleren Claude Wagner, Patrick Frieden a Claire Sertznig sech den Dossier an d’Pläng iwwert den Ausbau vun den Tanken ukucken. 🔥

Als DP Maacher hunn mir zesumme mam Comité eis Bedénken an engem Bréif un de Schäfferot adresséiert.

Dir kennt och nach haut är Reklamatioun eraginn op der Maacher Gemeen. 🏢

Adresse

Grevenmacher

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque DP Maacher publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à DP Maacher:

Raccourcis

Partager