Centre d'Incendie et de Secours Grosbous CIS-GR

Centre d'Incendie et de Secours Grosbous    CIS-GR Mir si e Veräin vun Fräiwëllegen déi alles dofir maachen fir Iech an Nout beschtméiglech ze hëllefen. Dat zesummen mat onser Amicale.

Mir sinn a setzen ons a fir:
Fräiwëllege Pompjee
First Responder
Jugendpompjeeën.

30/07/2026
Mat de ganz héijen Temperaturen ☀️🌡️, déi fir dës Woch ugekënnegt sinn, gi mir Iech gär e puer wichteg Recommandatioune ...
18/06/2026

Mat de ganz héijen Temperaturen ☀️🌡️, déi fir dës Woch ugekënnegt sinn, gi mir Iech gär e puer wichteg Recommandatioune mat op de Wee:
👉 Drénkt regelméisseg 🚰, och wann Dir nach kee Duuscht fillt (op d’mannst 1,5 Liter den Dag, am beschte Waasser)
👉 Vermeit et, ze laang an der direkter Sonn ze sinn ☀️, virun allem während de waarmste Stonnen
👉 Verzichtert op intensiv kierperlech Aktivitéiten 🤾 zur Mëtteszäit oder an de waarmste Phasen vum Dag
👉 Halen Är Dieren, Fënsteren an d’Rollueden 🪟 zou, soulaang et dobaussen méi waarm ass wéi dobannen
💡 Vergiesst net, och op déi méi vulnerabel Leit an Ärem Ëmfeld opzepassen (Famill, Noperen, asw.). Hëlt regelméisseg Kontakt op, suergt dofir datt si genuch drénken a kontrolléiert, ob d’Hëtzt hir Gesondheet negativ beaflosst.
➡️ Weider Recommandatiounen zu dësem Thema fannt Dir online op 👇
🔗https://santesecu.public.lu/fr/espace-citoyen/departement-sante/prevention/canicule.html

Staarke Weekend fir de CIS Grosbous !🚒Freideg den Owend hat eis Equipe eng Übung zum Thema Brandbekämpfung. Dobäi konnte...
08/06/2026

Staarke Weekend fir de CIS Grosbous !🚒

Freideg den Owend hat eis Equipe eng Übung zum Thema Brandbekämpfung. Dobäi konnte mir eis Kenntnisser verdéiwen.

Schonn e Sonndeg de Moien ëm 03:00 Auer konnt eis Permanence dat Geléiert an der Praxis uwenden. Si ass als Ofléisung op Lutzhausen gefuer, wou si bis de Moie mat Nohläscharbechte beschäftegt war.

Als verdéngten Ofschloss vun dësem intensive Weekend gouf eis Permanence-Ekipp vum LF mat frësche Croissanten um Stauséi belount. 🥐☕️

E grousse Merci un all eis Memberen fir hiren Asaz, hiert Engagement an hir Disponibilitéit! 👏🚒

03/06/2026
📣Jugendübung bei flotten Temperaturen bedéit üben mat Spiel an Spass.De Schlauch war haut ons Thematik. 📒✏️Natirlech eng...
30/05/2026

📣Jugendübung bei flotten Temperaturen bedéit üben mat Spiel an Spass.
De Schlauch war haut ons Thematik. 📒✏️
Natirlech eng kleng Wasserschlacht 🪣as nit ausbliewen🤣.

Hei e klenge Réckbléck an Form vu Fotoe vun eisem Dag bei de Pompjeeën 📸🚒E grousse Merci un iech alleguer, déi komm sidd...
12/05/2026

Hei e klenge Réckbléck an Form vu Fotoe vun eisem Dag bei de Pompjeeën 📸🚒
E grousse Merci un iech alleguer, déi komm sidd! Et huet eis immens gefreet, Iech en Abléck an eist Hobby an eis Passioun ze ginn. 👨‍🚒🔥
E ganz spezielle Merci un d’Agility fir de Catering – ouni iech wiere mir wierklech opgeschmass gewiescht! 🍽️🙏
Merci och un eis Nopesch-CIS’en fir d’Ausstellen vun de flotte Gefierer 🚒👏
E weidere grousse Merci un Technical Rescue Team LX fir d’Presentatioun vun der Übung 💪
Natierlech och e villmools Merci un eis Gemeng an un eis Sponsoren fir hir wäertvoll Ënnerstëtzung 🙏
Merci och un de Police Musée fir d’Ausstellen vum Passat 🚓
A zum Schluss nach e spezielle Merci un den Eric Di Millo fir déi flott Fotoen, déi hien iwwer de ganzen Dag gemaach huet 📸👏
Mir hoffen, Iech huet et gefall! 😊

09/05/2026

Muer ass et esou wäit! 🚒🔥
Een Dag bei de Pompjeeën zu Groussbus!

Komm laanscht! 😉

05/05/2026

🚒 Dag bei den Pompjeeën zu Groussbus 🚒
De Ronny hëlt iech mat op eng Rees duerch eis Fotogalerie 📸
Zanter 1847 ass vill geschitt am CIS Groussbus – 179 Joer Groussbusser Pompjeeë si schonn eng richteg Geschicht!
Wann s du och Deel vun der Geschicht vum CIS Groussbus wëlls ginn, da komm och den 10. Mee op de Dag vun de Pompjeeën um Prommenhaff.
Mir freeën eis op iech! 🔥👨‍🚒👩‍🚒

04/05/2026

🐄 Spill léiwer net mat enger Kou… dat kann schif goen 😜

Komm léiwer e Sonndeg bei eis! 🚒🔥
Een Dag bei de Pompjeeën zu Groussbus

Do bass de op der sécherer Säit 😉

Adresse

7, Rue De Buschrodt
Grosbous
L-9155

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Centre d'Incendie et de Secours Grosbous CIS-GR publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Centre d'Incendie et de Secours Grosbous CIS-GR:

Raccourcis

Partager