25/06/2024
DP- Stauséisektioun
Do wou nit nëmmen d‘Waasser blo ass
D’Stauséisektioun vun der DP iwwergräift d’Gemengen: Bauschelt, Buerschent, Esch-Sauer an d’Stauséigemeng. Eng etlich Memberen aus dëser regionaler Ekipp si kommunalpolitisch aktiv: aktuell ass eise Sektiounspresident Marco Koeune och de Buergermeeschter vun der Stauséigemeng, den Arny Jakobs an de Raymond Junker sinn am Schäfferot vun hire jeeweilige Gemengen. Den Antoine Nanquette, an de Jean-Paul Staudt si Gemengerotsmember.
Des dynamesch Sektioun gesäit hir Haaptaufgab am regionalem Zesummeschaffen, an dat well zënter 46 Joer. Et gëtt iwwert d’Gemengegrenzen ewech gekuckt, wéi een d‘Interessie vun de Bierger aus dëser „Waasserregioun“ am beschte bündelen kann. D’Waasser muss geschützt ginn, am Interessi vun eis all. Dëst soll ewer nit eleng op Käschte vum Bauerestand an eise Gemenge geschéien. Dofir musse finanziell Ureizer geschafe gi fir eis Ressourcen nohaltig ze schounen.
Besonnesch de Qualitéitswandertourissem ëm eise Stauséi läit de kommunale Vertrieder um Häerz. Duerfir ënnerstëtzt d’DP Stauséi d’Iddi vun enger Hängebréck, déi iwwert de Séi vun dem Centre Forestier Buerfelt an “a Bärel” bei Baschelt soll realiséiert ginn. Dës Iddi gouf well virun 21 Joer vum dem deemolige Schäffe vun der Stauséigemeng Aly Zeimen am Lëtzebuerger Journal virgestallt. D’Bréck géif di fréier Nopere rëm verbannen a wier e weideren Highlight fir d‘Regioun. Si géif di lokal Betriber, virun allem am Horesca-Beraïch, stäerken an de Waldentdeckungszenter um Buerfelt opwäerten.
De Comité vun der DP Stauséisektioun (2024) : Marco Koeune (President), Antoine Nanquette (Vizepresident), Jean-Paul Staudt (Sekretär), Fernand Schon (Tresorier), Charel Brack, Hubert Cox, Romain Heiles, Arny Jakobs, Raymond Junker, Romain Koeune, Laurent Roder, Bernard Roemen, Karin Schmol, Arthur Schockmel, Guy Schon, Aly Zeimen (Memberen).