Centre d'Incendie et de Secours Hesper

Centre d'Incendie et de Secours Hesper Centre d'Incendie et de Secours Hesperange - Pompjeeën Gemeng Hesper a.s.b.l. Service d'incendie et de secours volontaire

Wei all Joer hunn d’Hesper Pompjeeën hiren traditionelle Meekranz gemaach an am CIS Hesper opgehaangen esou wei bei eise...
01/05/2026

Wei all Joer hunn d’Hesper Pompjeeën hiren traditionelle Meekranz gemaach an am CIS Hesper opgehaangen esou wei bei eisem Zenterchef, sengem Adjoint a bei eise Stammlokaler. 

Duerno hu mir an eiser Kasär zesumme vun dësem flotten Dag profitéiert.

Eis Sportsekipp de Moie bei der zweeter Editioun vum CGDIS Run 🏃🏼‍♂️🏃🏼‍♀️
01/03/2026

Eis Sportsekipp de Moie bei der zweeter Editioun vum CGDIS Run 🏃🏼‍♂️🏃🏼‍♀️

Buergbrennen 2026         #2026
22/02/2026

Buergbrennen 2026
#2026

Gëschter wor eis Jugendsektioun nees um Tour 👨🏼‍🚒👩🏼‍🚒15 vun eise Kanner a Juglendlechen hu gëschter zesummen mat 4 Monit...
01/02/2026

Gëschter wor eis Jugendsektioun nees um Tour 👨🏼‍🚒👩🏼‍🚒

15 vun eise Kanner a Juglendlechen hu gëschter zesummen mat 4 Moniteuren un der Wanterwanderung zu Bissen deelgeholl. Och wann d'Wieder net perfekt wor, koumen eis Junioren trotzdem drëchen un d'Ziel. Duerno hu se sech dunn mat enger gudder Bouché am Bissener Pompjeesbau gestäerkt, bevir et dunn nees zreck op Hesper gaang ass 🥾🍽️

Samschdes, den 21. Februar, lueden d'Hesper Pompjeeën nees op hiert traditionellt Buergbrennen an, fir zesumme mat iech ...
21/01/2026

Samschdes, den 21. Februar, lueden d'Hesper Pompjeeën nees op hiert traditionellt Buergbrennen an, fir zesumme mat iech "de Wanter ze verbrennen". ❄️🔥

D'Fest fënnt wei all Joer zu Fenteng hannert dem Kierfecht Richtung Kockelscheier statt. 

Ab 17:00 ass d'Hal wéi gewinnt fir iech op! A fir Gedrénks an Iessen ass natierlech och gesuergt! Nieft dem Gegrills gëtt et dëst Joer dann elo nei, eisen ungaresche Wëldgulasch aus lokale Bëscher! 🌭🍻 

De Fakelzuch bis bei d'Buerg geet um 19:30 beim Kierfecht lass. Kuerz drop setze mir dann eis Buerg a Flamen. 🔥🔥👨🏼‍🚒

Mir freeën eis op iech!🤩

#2026

Fuesjecken opgepasst, gläich ass et nees souwäit! De 14. Februar lueden d'Hesper Pompjeeën erëm op hire Fortissimo an.👨🏼...
19/01/2026

Fuesjecken opgepasst, gläich ass et nees souwäit!

De 14. Februar lueden d'Hesper Pompjeeën erëm op hire Fortissimo an.👨🏼‍🚒🥳🎊🎉 

Wou a wéini? Wéi ëmmer nees am Chalet zu Hesper am Park ab 19h00! 

Fir Gedrénks ass natierlech gesuergt, mat eiser traditioneller Happy Hour vun 19h bis 20h! 🍻🥂

Den DJ Fab versuergt iech de ganzen Owend mat beschter Musek fir dass dir och a beschter Fuesstëmmung danzen a feiere kënnt! 🎷🎶🕺 

Tickete ginn et just an der Oweskeess fir 10€ 💶

Wann dir Vältesdag also nach näischt virhutt, da kommt bis laanscht a feiert mat eis d'Fuesent! Mir freeën eis op Iech 🤩

De Moie fréi goufe mir op e Feier zu Izeg alarméiert. 🔥🚨 Op der Plaz ukomm, hu mir direkt mat zwee Otemschutzbinome Läsc...
07/01/2026

De Moie fréi goufe mir op e Feier zu Izeg alarméiert. 🔥🚨

Op der Plaz ukomm, hu mir direkt mat zwee Otemschutzbinome Läschmoossnamen iwwert eisen TMF an e Bannenugrëff virgeholl.
Am Ganze waren 14 Pompjeeë vun eis am Asaz. Am Laf vum Dag si mir dunn nach eng Kéier dohi gefuer fir puer Stonnen eng Brandwach ze garantéieren. 👨🏼‍🚒👨🏼‍🚒

Grousse Merci fir déi super Zesummenaarbecht un déi aner Zenteren a GISen, déi hei am Asaz waren, souwéi och un d'Streeekipp vun der Gemeng Hesper, déi dofir gesuergt hunn, dass d'Asazplaz net ze glat gouf. 💪🏼

D'Déngschtekipp vun den Hesper Pompjeeën an hier Amicale wënschen e gudde Rutsch an nëmmen dat Bescht fir dat neit Joer ...
31/12/2025

D'Déngschtekipp vun den Hesper Pompjeeën an hier Amicale wënschen e gudde Rutsch an nëmmen dat Bescht fir dat neit Joer 🍀🥂

E besonnescht Joer an der Geschicht vun den Hesper Pompjeeë geet op en Enn. Grousse Merci un dëser Plaz u jiddereen, deen eis dat ganzt Joer ënnerstëtzt a gehollef huet an zu dem flotte Joer bäigedroen hunn. De Merci gëllt awer och all eisen aktive Pompjeeën, déi Dag fir Dag hier Fräizäit an den Déngscht vun der Allgemengheet stellen🙏🏼🫶🏼

Mir freeën eis schonn op 2026! 🤩🥳

#2026

D'Hesper Pompjeeën an hier Asbl wënsche schéin a besënnlech Chrëschtdeeg. Passt op iech op a kommt gutt iwwert Feierdeeg...
24/12/2025

D'Hesper Pompjeeën an hier Asbl wënsche schéin a besënnlech Chrëschtdeeg. Passt op iech op a kommt gutt iwwert Feierdeeg 🎄🎄

Un dëser Platz awer och e grousse Merci un all eis Memberen, déi eis iwwer dat ganzt Joer ënnerstëtzen 🙏🏼🫶🏼

Dësen Donneschde goufe mir mat op e gréissere Brand um Houwald alertéiert. 🔥🔥Well op der Plaz nach vill Otemschutzdréier...
13/12/2025

Dësen Donneschde goufe mir mat op e gréissere Brand um Houwald alertéiert. 🔥🔥

Well op der Plaz nach vill Otemschutzdréier gebraucht goufen, goufe weider Otemschutzdréier vun eis nogeruff. Um Schluss ware mir insgesamt mat 16 Leit a 4 Gefierer am Asaz. 👨🏼‍🚒🚒

A gudder Zesummenaarbecht mat de Kolleegen aus der Stad, vu Réiser a vu Jonglënster konnt d'Feier geläscht ginn an en Iwwertriede vum Brand vermeit ginn. 🤝🏻💪🏼

Adresse

112, Allée De La Jeunesse Sacrifiée
Hesperange
5863

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Centre d'Incendie et de Secours Hesper publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Centre d'Incendie et de Secours Hesper:

Partager