14/11/2025
Virun 2 Deeg durften eis Leit vum CIS un enger realistesch nogestallter Verkéiersaccident-Übung deelhuelen, zesumme mam CIS Kiischpelt.
Simuléiert gouf en Accident mat enger ageklemmter Persoun, déi sou schounend wéi méiglech, mee séier misst befreit ginn. D’Rettungsscheier koum zum Asaz, an d’Aarbecht um Gefier huet héich Konzentratioun verlaangt.🧐
Nieft der technescher Säit stoung och d’Patientebetreiung am Fokus, esou wéi se och am Eeschtfall sollt gemaach ginn.
Fir d’Realitéit nach méi nozekommen, gouf d’Alarméierung iwwert de 112 gemaach, an et war souguer en Dokter vum SAMU op der Plaz!
Dës Zesummenaarbecht war mega leieräich fir all déi Bedeelegt 💪
E grousse Merci un de CIS Kiischpelt fir d’Organisatioun an un all déi matgemaach hunn, esou bleiwe mir prett fir den Eeschtfall!