Ministère de l'Environnement, du Climat et de la Biodiversité

Ministère de l'Environnement, du Climat et de la Biodiversité Official account of the Luxembourgish Ministry for Environment, Climate and Biodiversity 🇱🇺

🇱🇺 🌿 D'Natur ass eis Liewensgrondlag. Si ze schützen an ze erhalen ass essenziell fir eis Gesondheet, eis Sécherheet an ...
08/08/2026

🇱🇺 🌿 D'Natur ass eis Liewensgrondlag. Si ze schützen an ze erhalen ass essenziell fir eis Gesondheet, eis Sécherheet an eis Liewensqualitéit.

Zesumme si vill wichteg Schrëtt gemaach ginn, fir Lëtzebuerg méi nohalteg a méi resilient ze gestalten.

⚙️ ... administrativ Prozedure vereinfacht, ënner anerem mam Prinzip „Silence vaut accord“, „Natur auf Zeit“ an der Standardiséierung vun Autorisatiounsprozeduren.

🚗 ... de Klimabonus weiderentwéckelt.

🤝 ... mam Klimasozialplang eng méi gerecht ekologesch Transitioun gefërdert.

🌲 ... mam Bësch- a Juegddësch gouf fir d'éischte Kéier en Accord tëscht Privatbëschbesëtzer, Jeeër, Naturschutzorganisatiounen a staatlechen Acteure geschaf.

💧 ... de Renaturéierungsdësch lancéiert, fir eis Drénkwaasserressourcen a Gewässer besser ze schützen.

🌍 ... eng nei Klimaadaptatiounsstrategie ausgeschafft, déi zesumme mat Vertrieder aus der ganzer Gesellschaft entstanen ass.

👩‍🎓 ... de Programm Climate Youth Delegates ausgebaut, fir dee Lëtzebuerg op internationalem Niveau unerkannt gouf.

💶 ... mat der Climate Nexus Strategie d'Roll vu Lëtzebuerg als wichtegen Acteur am Beräich Klimafinanzéierung gestäerkt.

🌱 ... d'Naturschutzgesetz moderniséiert, fir de Besoine vun de Baueren, Wënzer a Geméisproduzente besser Rechnung ze droen.
-

🇱🇺🌿 Nëmmen nach e puer Deeg!🌼 Natierlech Wisen a 💧 Fiichtgebidder schützen eis Waasserressourcen, fërderen d'Biodiversit...
07/08/2026

🇱🇺🌿 Nëmmen nach e puer Deeg!

🌼 Natierlech Wisen a 💧 Fiichtgebidder schützen eis Waasserressourcen, fërderen d'Biodiversitéit, späicheren CO₂ a maachen eis Natur méi resilient géint d'Auswierkunge vum Klimawandel.

Nach bis de 15. August 2026 kënne Gemengen, Naturparken, Verwaltungen, ëffentlech Ariichtungen an agreéiert Associatiounen hir Projeten am Kader vum Appel à projets "Herbages 2026" a "Zones humides 2026" areechen a vun enger finanzieller Ënnerstëtzung profitéieren.

📧 [email protected]
-
🇫🇷 🌿 Plus que quelques jours !

🌼 Les prairies naturelles et 💧 les zones humides protègent nos ressources en eau, favorisent la biodiversité, stockent du CO₂ et rendent notre nature plus résiliente face aux effets du changement climatique.

Jusqu'au 15 août 2026, communes, parcs naturels, administrations, établissements publics et associations agréées peuvent soumettre leurs projets dans le cadre des appels à projets « Herbages 2026 » et « Zones humides 2026 » et bénéficier d'un soutien financier.

📧 [email protected]
-

🇱🇺 🌍 Lëtzebuerg trëtt der Coalition to Grow Carbon Markets bäiLëtzebuerg ass zesumme mat der 🇹🇷 Türkei an 🇬🇭 Ghana der C...
06/08/2026

🇱🇺 🌍 Lëtzebuerg trëtt der Coalition to Grow Carbon Markets bäi

Lëtzebuerg ass zesumme mat der 🇹🇷 Türkei an 🇬🇭 Ghana der Coalition to Grow Carbon Markets bäigetrueden. Mat dësem Schrëtt wiisst d'Koalitioun op 14 Memberstaaten an ënnersträicht déi ëmmer méi staark international Dynamik.
D'Koalitioun setzt sech dofir an, privat Investissementer fir de Klimaschutz ze mobiliséieren an dobäi héich Standarde fir Ëmweltintegritéit, Transparenz a sozial a natierlech Co-Beneficer ze garantéieren.

Mat der Ënnerstëtzung vun der Luxembourg Sustainable Finance Initiative (LSFI) wäert Lëtzebuerg sech aktiv an der Koalitioun engagéieren, fir nohalteg Klimafinanzéierung ze stäerken an d'Ziler vum Paräisser Klimaaccord virunzebréngen.

Méi Informatiounen op: coalitiontogrowcarbonmarkets.org
-
🇬🇧 🌍 Luxembourg joins The Coalition to Grow Carbon Markets

Luxembourg has joined the Coalition to Grow Carbon Markets, alongside 🇹🇷 Türkiye and 🇬🇭 Ghana. With these new members, the Coalition now brings together 14 governments, reflecting growing international momentum behind this initiative.
The Coalition is committed to mobilising private investment for climate action while ensuring high standards of environmental integrity, transparency, and social and nature-related co-benefits.

With the support of the Luxembourg Sustainable Finance Initiative (LSFI), Luxembourg will play an active role in the Coalition, helping to strengthen sustainable climate finance and advance the goals of the Paris Agreement.

More information on: coalitiontogrowcarbonmarkets.org
-

🇱🇺 🌱 Däin Engagement fir d'Natur verdéngt Unerkennung!Setz du dech fir de Schutz vun der Biodiversitéit an Natura 2000-G...
30/07/2026

🇱🇺 🌱 Däin Engagement fir d'Natur verdéngt Unerkennung!

Setz du dech fir de Schutz vun der Biodiversitéit an Natura 2000-Gebidder an? Da maach mat beim Europäeschen Natura 2000 Award 2026!

D'Europäesch Kommissioun zeechent mat dësem Präis Initiativen aus, déi sech fir de Schutz vun der Natur asetzen.
Nei an dëser Editioun ass d'Kategorie „Stied a Gemengen“, déi lokal Projeten am urbane Kontext an de Mëttelpunkt stellt.

📅 Asendeschluss: 30. September 2026

🔗 Méi Informatiounen: environment.ec.europa.eu
-
🇫🇷 🌱 Ton engagement pour la nature mérite d’être reconnu !

Tu t’engages pour la protection de la biodiversité au sein des sites Natura 2000 ? Alors participe au Prix européen Natura-2000 2026 !

La Commission européenne récompense, à travers ce prix, des initiatives qui contribuent à la protection de la nature. Cette édition introduit une nouvelle catégorie, « Villes et communes », qui met à l’honneur les projets locaux menés en milieu urbain.

📅 Date limite de candidature : 30 septembre 2026

🔗 Plus d’informations : environment.ec.europa.eu
-

🇱🇺 🌍♻️ Wéi kann Europa gläichzäiteg méi kompetitiv, méi resilient a méi nohalteg ginn?Genee dës Fro stoung am Mëttelpunk...
25/07/2026

🇱🇺 🌍♻️ Wéi kann Europa gläichzäiteg méi kompetitiv, méi resilient a méi nohalteg ginn?

Genee dës Fro stoung am Mëttelpunkt vum informelle Conseil vun den EU-Ëmweltministeren, un där den Ëmwelt-, Klima- a Biodiversitéitsminister Serge Wilmes den 23. a 24. Juli zu Dublin, deelgeholl huet.

Am Virfeld vun der COP31 huet de Minister ënnerstrach, dass elo virun allem konkret Klimaschutzmoossnamen an hir Ëmsetzung am Fokus stoe muss. D'Kreeslafwirtschaft an d'Dekarboniséierung sinn net nëmme gutt fir d'Ëmwelt, Si stäerken och eis Onofhängegkeet a schafen nei wirtschaftlech Chancen.

„An enger ëmmer méi fragmentéierter Welt muss Europa weider mam gudde Beispill virgoen, staark Partnerschafte bauen a weisen, dass Klima- an Ëmweltschutz konkret Virdeeler fir eis Biergerinnen a Bierger, eis Wirtschaft an eis Sécherheet bréngen", esou de Minister Serge Wilmes.
-
🇬🇧🌍♻️ How can Europe become more competitive, more resilient and more sustainable at the same time?

This was precisely the question at the heart of the informal meeting of EU Environment Ministers, attended by Luxembourg's Minister for the Environment, Climate and Biodiversity, Serge Wilmes, in Dublin on 23 and 24 July.

Ahead of COP31, the Minister stressed that the focus must now be on delivering concrete climate action and ensuring the effective implementation of existing commitments. The circular economy and decarbonisation are not only good for the environment; they also strengthen our independence and create new economic opportunities.

💬 "In an increasingly fragmented world, Europe must continue to lead by example, build strong partnerships and demonstrate that climate and environmental action brings tangible benefits to our citizens, our economy and our security," said Minister Serge Wilmes.
-

🇱🇺 💧🌿 Renaturéiere fir besser ze schützenMéi Plaz fir eis Baachen a Flëss bedeit net nëmme méi Biodiversitéit an e besse...
22/07/2026

🇱🇺 💧🌿 Renaturéiere fir besser ze schützen

Méi Plaz fir eis Baachen a Flëss bedeit net nëmme méi Biodiversitéit an e bessere Schutz vun eise Waasserressourcen. Et ass och eng konkret Investitioun an d'Sécherheet esou wéi an d'Liewensqualitéit vun de Mënschen. Natierlech Waasserleef hëllefen, Iwwerschwemmungsrisiken ze reduzéieren, Hëtztwellen ofzeschwächen an d‘Gemenge méi resilient géintiwwer de Follge vum Klimawandel ze maachen.

Beim zweeten nationale „Renaturéierungsdësch“ zu Munneref goufen 51 konkret Mesurë virgestallt, fir d'Renaturéierunge vun de Waasserleef zu Lëtzebuerg ze beschleunegen. D'Mesurë stäerken d'Zesummenaarbecht tëscht Staat, Gemengen an de betraffenen Acteuren, vereinfachen d'Prozeduren a fërderen eng méi séier Ëmsetzung vu Projeten um Terrain.

🌊 Wa mir d‘Waasser an d‘Natur schützen, schütze mir gläichzäiteg och d'Mënschen.
-
🇫🇷 💧🌿 Renaturer pour mieux protéger

Redonner davantage d’espace à nos ruisseaux et à nos rivières, ce n’est pas seulement renforcer la biodiversité et mieux protéger nos ressources en eau. C’est aussi un investissement concret dans la sécurité et la qualité de vie des citoyens. Des cours d’eau plus naturels contribuent à réduire les risques d’inondation, à atténuer les effets des vagues de chaleur et à rendre les communes plus résilientes face aux conséquences du changement climatique.

Lors de la deuxième table ronde nationale « Renaturéierungsdësch » à Mondorf-les-Bains, 51 mesures concrètes ont été présentées afin d’accélérer la renaturation des cours d’eau au Luxembourg. Ces mesures renforcent la coopération entre l’État, les communes et les acteurs concernés, simplifient les procédures et favorisent une mise en œuvre plus rapide des projets sur le terrain.

🌊 En protégeant l’eau et la nature, nous protégeons aussi les personnes.
-
Mondorf-les-Bains

🇱🇺 🌳 Holz aus den ëffentleche Bëscher: eng lokal Ressource fir eng nohalteg ZukunftDéi ëffentlech Bëscher zu Lëtzebuerg ...
20/07/2026

🇱🇺 🌳 Holz aus den ëffentleche Bëscher: eng lokal Ressource fir eng nohalteg Zukunft

Déi ëffentlech Bëscher zu Lëtzebuerg maache ronn 50 % vun eiser Bëschfläch aus. Mat enger neier Orientatioun fir d'Vermaartung vum Holz aus dëse Bëscher sëtzt de Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit op Nohaltegkeet, Transparenz a Fairness.

✅ Prioritéit fir nohalteg a zertifizéiert Acteure
✅ Kuerz Transportweeër
✅ Benotzung vum Holz jee no Qualitéit
✅ Eng fair Bezuelung vun den ëffentleche Bëschbesëtzer

Dës Approche dréit dozou bäi, de Klimaschutz, d'Biodiversitéit an d'Kreeslafwirtschaft ze fërderen.

🤝 D'Ënnerstëtzung vum Syvicol ass e wichtegen Hiewel, fir d'Gemengen an dëser Demarche ze begleeden an eng kohärent an effizient Ëmsetzung sécherzestellen.
-
🇫🇷 🌳 Le bois des forêts publiques : une ressource locale pour un avenir durable

Les forêts publiques luxembourgeoises représentent environ 50 % de la surface forestière du pays. Avec une nouvelle orientation encadrant la commercialisation du bois issu de ces forêts, le ministère de l’Environnement, du Climat et de la Biodiversité mise sur la durabilité, la transparence et l’équité.

✅ Priorité aux acteurs engagés dans des démarches durables et certifiées
✅ Des distances de transport réduites
✅ Une utilisation du bois adaptée à sa qualité
✅ Une rémunération équitable des propriétaires forestiers publics

Cette approche contribue à renforcer la protection du climat, la préservation de la biodiversité et l’économie circulaire.

🤝 Le soutien du Syvicol constitue un levier important pour accompagner les communes dans cette démarche et assurer une mise en œuvre cohérente et efficiente.
-

🇱🇺 🗑️Wat geschitt mat eisem Offall dee méi schwiereg ze entsuergen ass? ♻️🎓Den 1. Juli waren eng Ronn 40 Schüler*innen a...
18/07/2026

🇱🇺 🗑️Wat geschitt mat eisem Offall dee méi schwiereg ze entsuergen ass? ♻️

🎓Den 1. Juli waren eng Ronn 40 Schüler*innen aus dem Lycée Edward Steichen an dem Archenhold-Gymnasium aus Berlin, op Visitt bei der SuperDrécksKëscht Akadémie, fir genee dëst rauszefannen.

Dës Visitt ass am Kader vun engem Erasmus+ Austausch, deen am Zeeche vun der Nohaltegkeet an Offallwirtschaft stoung, zustan komm.

📚Doriwwer eraus kruten d‘Participanten eng Präsentatioun vum Ëmweltministère iwwert d’Offallgestioun zu Lëtzebuerg. Uschléissend haten si d’Geleeënheet, hannert d’Kulissen ze kucken an déi verschidde Statioune vun der SuperDrécksKëscht vu ganz no ze gesinn. Dobäi konnten si ënnert anerem d‘Sortéierung vun ale Medikamenter, d’ Preparatioun fir d’Verwäertung vun Ueleger a Fetter an och d’Lagerung vun toxeschen Offäll, esou wéi Faarwen a Lacken an aner chemesch Substanze gesinn.
-
🇫🇷 🗑️ Que deviennent les déchets plus difficiles à éliminer ? ♻️

🎓 Le 1er juillet, une quarantaine d’élèves du Lycée Edward Steichen et de l’Archenhold-Gymnasium de Berlin ont visité la SuperDrecksKëscht Akadémie afin de découvrir la réponse à cette question.

Cette visite s’est déroulée dans le cadre d’un échange Erasmus+ placé sous le signe de la durabilité et de la gestion des déchets.

📚 Les participants ont également assisté à une présentation du ministère de l’Environnement consacrée à la gestion des déchets au Luxembourg. Ils ont ensuite eu l’occasion de découvrir les coulisses de la SuperDrecksKëscht et d’observer de près ses différentes installations. Ils ont notamment pu suivre le processus de tri des médicaments périmés, la préparation des huiles et graisses en vue de leur valorisation, ainsi que les modalités de stockage des déchets toxiques, tels que les peintures, les vernis et d’autres substances chimiques.
-

🇱🇺💧Den 9. Juli hat den Ëmweltminister Serge Wilmes d’Renaturéierung vun der Eisch zu Eischen offiziell ageweit. 🌱 Am Usc...
17/07/2026

🇱🇺💧Den 9. Juli hat den Ëmweltminister Serge Wilmes d’Renaturéierung vun der Eisch zu Eischen offiziell ageweit.

🌱 Am Uschloss un d’Zeremonie hunn d’Participanten de renaturéierten Deel vun der Eisch besicht a sech e Bild vun de realiséierte Moossname gemaach.

🌳 🦆 Renaturéierungsprojeten droen dozou bäi, d’Biodiversitéit ze stäerken, den natierleche Waasserlaf erëm hierzestellen an de Risiko vun Héichwaasser ze reduzéieren. Gläichzäiteg schafen si wäertvoll Liewensraim fir Déieren a Planzen an erhéijen d’Liewensqualitéit fir d’Mënschen.

🤝 E grousse Merci un d’Gemeng Habscht an den HPPA Eischen fir hir engagéiert Zesummenaarbecht bei dësem wichtege Projet.
-
🇫🇷 💧 Le 9 juillet 2026, le ministre de l’Environnement, du Climat et de la Biodiversité, Serge Wilmes, a inauguré le projet de renaturation de l’Eisch devant le site du HPPA à Eischen.

🌱 À l’issue de la cérémonie, les participants ont pu découvrir le tronçon renaturé et les aménagements réalisés dans le cadre du projet.

🌳🦆 Les projets de renaturation contribuent à renforcer la biodiversité, à restaurer le fonctionnement naturel des cours d’eau et à réduire les risques d’inondation. Ils créent également de nouveaux habitats pour la faune et la flore tout en améliorant le cadre de vie de la population.

🤝 Nous remercions chaleureusement la commune de Habscht et le HPPA d’Eischen pour leur collaboration engagée dans la réalisation de ce projet.
-

🇱🇺 🌡️ Déi aktuell Hëtztwell weist eis: De Klimawandel ass schonn haut Realitéit.Fir eis Wunnengen fir d'Zukunft virzeber...
16/07/2026

🇱🇺 🌡️ Déi aktuell Hëtztwell weist eis: De Klimawandel ass schonn haut Realitéit.

Fir eis Wunnengen fir d'Zukunft virzebereeden, gëtt de Klimabonus Wunnen bis 2030 verlängert a verbessert. Méi héich Aiden, nei Ënnerstëtzungsmesuren an e méi einfache System hëllefen de Stéit, hir Wunnengen energeetesch ze sanéieren an op erneierbar Energien ëmzestellen.

🏡 Méi attraktiv Subside fir Sanéierunge
🔥 Zousätzlech Ënnerstëtzung fir Wärmepompelen
💡 Verstäerkten Energieberodung
✅ Ab 2027: Préfinanzement fir verschidde Mesuren

Ab 2027 erméiglecht en neie Préfinanzementmechanismus dobäi verschidden Investissementer, ouni dass d'Haushalter déi ganz Zomm virausbezuele mussen.

„D'Verlängerung vum Regimm bis 2030 gëtt de Stéit an dem Secteur zousätzlech Planungssécherheet“, – Serge Wilmes, Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit
-
🇫🇷 🌡️ Les épisodes de canicule que nous connaissons actuellement nous rappellent que le changement climatique est déjà une réalité.

Afin de préparer nos logements aux défis de demain, le Klimabonus Wunnen est prolongé et renforcé jusqu’en 2030. Des aides plus élevées, de nouvelles mesures de soutien et un système simplifié aideront les ménages à rénover leur logement sur le plan énergétique et à se tourner vers les énergies renouvelables.

🏡 Des aides plus attractives pour les rénovations énergétiques
🔥 Un soutien supplémentaire pour les pompes à chaleur
💡 Un renforcement du conseil en énergie
✅ À partir de 2027 : un préfinancement pour certaines mesures

À partir de 2027, un nouveau mécanisme de préfinancement permettra de réaliser certains investissements sans que les ménages doivent avancer l’intégralité des coûts.

« La prolongation du régime jusqu’en 2030 apporte aux ménages et au secteur la sécurité de planification nécessaire pour réaliser ces projets en toute confiance », – Serge Wilmes, ministre de l’Environnement, du Climat et de la Biodiversité.
-
Klima-Agence

Adresse

4, Place De L'Europe
Kirchberg
1499

Heures d'ouverture

Lundi 08:30 - 17:00
Mardi 08:30 - 17:00
Mercredi 08:30 - 17:00
Jeudi 08:30 - 17:00
Vendredi 08:30 - 17:00

Téléphone

+35224786824

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Ministère de l'Environnement, du Climat et de la Biodiversité publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager