Piraten Lëtzebuerg

Piraten Lëtzebuerg Mir setzen eis fir jidderee vun der Gesellschaft an, net nëmme fir déi, déi et sech leeschte kënnen. heescht zesummen amplaz géinteneen.

D'Piratepartei Lëtzebuerg setzt sech säit der Grënnung am Oktober 2009 fir Biergerrechter an, e verbesserten Dateschutz a méi Privatsphäre fir Privatpersounen. Mir fuerdere méi Transparenz vum Staat, fräien Zougang zu Informatiounen a Bildung. Doriwwer raus fuerdere mer eng grondleeënd Reform vum Urheberrecht a Patentwiesen. Als Verfechter vum selbstbestëmmte Liewen setzen sech d'Piraten och fir d

'Recht op sozial Participatioun, fir d'Chancegläichheet vun alle Mënschen a fir eng Neutralitéit vum Staat géigeniwwer de Glawengemeinschaften an. Als Member vun enger internationaler Beweegung hellt d'Piratepartei Lëtzebuerg aktiv un internationale Konferenzen an Aktiounen deel. Grondleeënd Prinzip ass d'Basisdemokratie, déi all Member et erlaabt aktiv d'Zukunft vun der Partei mat ze bestëmmen.

13/08/2026

📈 Duerch d'kal Progressioun rutschen d'Leit mat all Indextranche an eng méi héich Steierklass, obwuel hir Kafkraaft net wierklech klëmmt. Dat ass net fair.
D'Piraten ⚓💜 setzen sech dofir an, de Steierbarème regelméisseg un d'Inflatioun unzepassen. Esou bleift den Index eng reell Entlaaschtung an net eng verstoppte Steiererhéijung.

11/08/2026

Digitaliséierung ass kee Luxus, si ass eng Noutwendegkeet. 💻⚙️
Modern IT-Systemer kënnen d'Aarbecht an der Steierverwaltung vereinfachen an d'Beamten entlaaschten, fir datt si sech op dat Wichtegst konzentréiere kënnen. Mir ënnerstëtzen Digitaliséierung, déi d'Verwaltung méi effizient mécht an de Bierger besser zerwéiert. 🚀🇱🇺

06/08/2026

D'Wunnengskris ass net vum Himmel gefall. 🏘️🤷🏻‍♂️
Joerzéngtelaang gouf d'Wunnengsfro dem Marché iwwerlooss.
D'Resultat: ëmmer méi héich Präisser, méi sozial Hëllefen an ëmmer méi Leit, déi sech Lëtzebuerg net méi leeschte kënnen...
Et ass Zäit, d'Ursaachen unzegoen an net einfach d'Konsequenzen ze akzeptéieren. ☝🏻

05/08/2026

🛑 Keng Wehrflicht! Keen obligatoreschen Militärdéngscht!
⚓D'Piraten setzen sech kloer géint eng Wehrflicht an a fir Fräiwëllegkeet, Selbstbestëmmung an eng modern Sécherheetspolitik.

30/07/2026

Mat der Äerderwiermung ginn Hëtztwellen ëmmer méi zur Belaaschtung. Spideeler mussen dofir esou equipéiert sinn, datt Patient an d’Personal och bei extremer Hëtzt geschützt bleiwen. 🌡️🏥
⚓ Klimatiséiert Spideeler si keng Luxusfro, mais eng Fro vu Gesondheet.

28/07/2026

Scholden opbauen ass einfach, se zeréckbezuelen net. 💶⏳
Wa mir haut keng nohalteg Finanzpolitik maachen, da bezuelen déi Jonk muer d'Rechnung.
Mir däerfen d'Problemer net ëmmer erëm op déi nächst Generatioun verréckelen. Et ass Zäit, elo Verantwortung ze iwwerhuelen!

23/07/2026

Eng Autobunnsvignette fir Lëtzebuerg 🚗🛣️
Aktuell bezuelen just d'Lëtzebuerger Awunner eist Stroossennetz duerch d'Gefierer, déi hei ugemellt sinn an d'Autosteier bezuelen. All déi aner fueren gratis.
An der Belsch kënnt elo eng Autosvignette fir d'Autobunnen.

⚖️💶 Wien zu Lëtzebuerg d'Stroosse benotzt, sollt och fair zum Ënnerhalt bäidroen.

D’Piraten ⚓💜 fuerderen dofir e Konzept, fir d’Autossteier duerch e Vignette-System ze ersetzen. 🎫🚘 D’Recettë sollen direkt an den Ënnerhalt vun de Stroosse fléissen. 🛠️🛣️

21/07/2026

D’Paula Couto, Trésorière vun der Partei an am Péitenger Gemengerot, an de Ben Lomel, Co-Koordinator vun der Partei an am Käler Gemengerot, hunn an der fräier politescher Tribün um RTL iwwert d’Assurance dépendance geschwat.

D’Assurance dépendance ass eng wichteg sozialpolitesch Leeschtung. Mee fir vill Familljen, besonnesch mat Kanner mat Handicap oder spezifesche Besoinen, bleiwen d’Prozeduren ze laang, d’Ënnerstëtzung ze limitéiert an d’Hürden ze héich.
Mir Piraten setzen eis dofir an, d’Roll vun den Aidanten ze stäerken, d’Familljen net eleng ze loossen an den Zougang zu Hëllefe méi einfach a méi mënschlech ze maachen.

👇 De ganze Video fannt Dir hei drënner.

16/07/2026

Vill vun den annoncéierte Mesuren hëllefen deenen, déi schonn Immobilië besëtzen, net deene Leit, déi fir d’éischt eng Wunneng sichen! ☝🏻
Un engem reduzéierten TVA-Taux fir de locative Wunnengsbau profitéiere virun allem Multiproprietären, net d'Mëttelklass. Mir brauchen eng Logementspolitik, déi de Leit hëlleft, déi sech haut kee Wunnraum méi leeschte kënnen! 🏡🚫

14/07/2026

Et ass net akzeptabel, datt nach ëmmer Mannerjäreger zu Schraasseg ënnerbruecht ginn. 😠
Dës Situatioun ass zanter Jore bekannt, mee et feelt nach ëmmer un der néideger Prioritéit. Wann d'Regierung Gesetzer als dréngend klasséiert, da soll de Schutz vu Kanner a Jonke ganz uewen op där Lëscht stoen!

Adresse

1a, Route De
Kopstal
8184

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Piraten Lëtzebuerg publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Piraten Lëtzebuerg:

Raccourcis

Partager