Jonk Piraten

Jonk Piraten Ahoi Du bass intresséiert dech mat aneren Jugendlecher iwwer Transparent Politik an Demokratie ze ënnerhalen an eppes ze veränneren?

Dir sinn Dateschutz, d‘Privatsphäre an aner Politesch Themen wichteg? Dann giffs du gutt an d‘Jonk Piraten passen. Eis geet et net duer just nozekucken wei déi etabléiert Parteien eis Zukunft verbauen, mir handelen an ënnerhuelen eppes fir eis Chancen eescht ze huelen, fir eng Positiv Zukunft opzebauen. Als quasi déi eenzeg Jugendpartei zu Lëtzebuerg déi net um Napp vun iergendenger Regierungspart

ei hänkt, stinn mir kloer fir déi Jonk am Land an, fir hier Ideeën an fir hier Léisungen. Eis gëtt et elo schonns säit iwwert 3 Joer, mir sinn zwar domat eng relativ jonk an frësch Jugendpartei. Eis rezent Aktiounen wei Petitioun iwwert Studieboursen hunn gewisen, dat och mir present um Terrain sinn an keng Angscht hunn eppes ze ënnerhuelen, wann mir gesinn dat eppes net esou ass wie et an engem Sozial-Liberalen Staat sollt sinn. Mir bidden dir als Member folgendes:

• Een Demokratescht Matbestëmmungsrecht
• Transparenz bei allem (och an den Parteisstrukturen!)
• Eng frëndlech Equipe vun Politik intresséierten Jugendlecher (bis 27 Joer)
• Zesummenhalt
• Meenungsfräiheet
• Du gëss aktiv Mat agebonnen an alles wat Jonk Piraten maachen

Wann dech dat alles uschwätz oder du nach gären méi Informatiounen häss dann mell dech roueg bei eis. Et ass elo Zäit ze handelen, well wat haut geschitt dat huet Auswierkungen ob muer.

Déi Jonk sollen elo dofir opkommen, well de Pensiounssystem net méi opgeet!💥Bis zu 5 Joer méi laang schaffe goen. CSV an...
23/05/2025

Déi Jonk sollen elo dofir opkommen, well de Pensiounssystem net méi opgeet!💥

Bis zu 5 Joer méi laang schaffe goen. CSV an DP wëllen duerch d'Hannerdier de Pensiounsalter erhéijen! Net mat eis!💜

Dass Mesure musse geholl ginn, fir d'Zukunft vun eisem Pensiounssystem ze garantéieren, ass gewosst. Déi Mesurë sollen awer fair op alle Generatiounen opgedeelt sinn. Déi Jonk kënnen net dofir, dass déi Persounen déi bis elo um Rudder waren et net hikritt hunn de System durabel ze plangen, mais sollen elo déi Zopp ausläffelen!

Et dierf och net sinn, dass esou Decisioune, wou e Groussdeel vun der Bevëlkerung betreffen, net duerch e Referendum ofgeseent ginn!🗳

Liest eise ganze Communiqué hei:
https://www.rtl.lu/news/national/a/2305100.html

Adresse

1a, Rue De
Kopstal
8184

Téléphone

+352203337

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Jonk Piraten publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Jonk Piraten:

Partager