12/12/2025
Gläich geet et lass!👌🏻
De ganzen Weekend iwwer sin mir mat engem Stand um Fielser Wantermaart vertrueden. 🎄❄️🎄
Kommt bis laanscht an genéisst e puer flotter Stonnen a gemittlecher Ronn mat engem gudden Äppeljack oder enger gudder Portioun Kniddelen..mat oder ouni Speck.😉
Mir freeën eis op äere Besuch!❄️🎄🚒🚑
🇱🇺Wantermaart an der Fiels ✨
Dës Woch ass et esouwäit. Dofir invitéiere mir Iech ganz häerzlechst dëse Weekend eise Wantermaart an der Fiels op der Place Bleech besichen ze kommen. 🎄
Déi Offiziell Ouverture fënnt de Freiden um 19h statt.🎊
Natierlech kënnt Dir eis awer schonn éischter, ab 17h besichen an entdecken, ee waarmt Gedrénks genéissen 🥂 oder ee gudde Maufel iesse kommen. 🍟
Mir freeën eis op Iech a wënschen ee schéinen 3ten Advent! ✨
🇫🇷Marché d'hiver à la Fiels ✨
Cette semaine, c'est enfin le moment. Nous vous invitons donc cordialement à venir visiter notre marché d'hiver, ce week-end sur la Place Bleech. 🎄
L'ouverture officielle aura lieu vendredi à 19h. 🎊
Bien sûr, vous pouvez déjà venir plus tôt, dès 17h, pour découvrir et déguster une boisson chaude 🥂 ou manger un bon en-cas. 🍟
Nous nous réjouissons de vous voir et vous souhaitons un beau 3ème dimanche de l'Avent ! ✨