Ministère de la Justice, Luxembourg

Ministère de la Justice, Luxembourg Compte officiel du Ministère de la Justice du Grand-Duché de Luxembourg

16/08/2026

Bilan - Méi Sécherheet. Bessere Schutz vun de Bierger.

09/08/2026

2.5 Joer als Justizministesch - Zäit e Bilan ze zéien.

Echange vun der Justizministesch, Elisabeth Margue, mam Serge Legil, Generaldirekter an dem Caroline Lieffrig, Generaldi...
22/07/2026

Echange vun der Justizministesch, Elisabeth Margue, mam Serge Legil, Generaldirekter an dem Caroline Lieffrig, Generaldirekter adjoint vun der Prisongsverwaltung iwwert déi aktuell Situatioun an d'Erausfuerderunge vun eise Prisongen.

Dobäi huet d’Justizministesch ënnerstrach: „Zu enger verantwortungsvoller Prisongspolitik gehéiert, eis Mataarbechter ze stäerken, hir Aarbechtskonditiounen ze verbesseren, hir Sécherheet ze garantéieren an dat Ganzt am enken Dialog mat de Responsabele vum Terrain. Eng Rei vun de Verbesserunge goufe schonns ëmgesat, weider Mesurë sinn a Planung.“

D'Ministesch huet dofir der Generaldirektioun vun der Prisongsverwaltung fir déi gutt Zesummenaarbecht Merci gesot.

🏛️ Aweiung vun den neie Raimlechkeete vum Conseil national de la justice (CNJ).De CNJ ass eng wichteg Stäip vun eisem Re...
20/07/2026

🏛️ Aweiung vun den neie Raimlechkeete vum Conseil national de la justice (CNJ).

De CNJ ass eng wichteg Stäip vun eisem Rechtsstaat. E steet fir eng
⚖️ onofhängeg,
⚖️ onparteiesch
⚖️ an zougänglech Justiz
⚖️ a garantéiert de gudde Fonctionnement vun eiser Justiz.

Dës nei Raimlechkeete sinn e Symbol fir eng modern Institutioun, déi d'Vertraue vun de Bierger an eis Justiz an eisen Rechtsstaat stäerkt.

D‘Justizministesch, Elisabeth Margue wäert sech weider dofir asetzen, dës wichteg Institutioun ze stäerken.

La fraude évolue. Notre réponse aussi.Phishing, faux investissements, fraude au président, deepfakes… Les fraudeurs inno...
17/07/2026

La fraude évolue. Notre réponse aussi.

Phishing, faux investissements, fraude au président, deepfakes… Les fraudeurs innovent sans cesse pour tromper leurs victimes.
Face à cette réalité, le Gouvernement agit. Cette semaine, la Chambre des députés a adopté le projet de loi n° 8722. Grâce à cette nouvelle loi, la Cellule de renseignement financier (CRF) pourra partager, dans un cadre sécurisé, des informations reçues relatives à des comptes hautement suspects.

🎯 L'objectif est simple : empêcher plus vite que ces comptes ne soient réutilisés pour faire de nouvelles victimes. Les fraudeurs utilisent en effet souvent les mêmes comptes pour cibler plusieurs personnes.

Une mesure concrète pour renforcer la prévention et mieux protéger les citoyens.

D'Justizministesch, Elisabeth Margue huet d’lescht Woch d'Baroness Theresa May, Presidentin vun der Global Commission on...
09/07/2026

D'Justizministesch, Elisabeth Margue huet d’lescht Woch d'Baroness Theresa May, Presidentin vun der Global Commission on Modern Slavery and Human Trafficking, am Justizministère begréisst.

Am Mëttelpunkt vun de Gespréicher stoung de weltwäite Kampf géint modern Sklaverei a Mënschenhandel. Dobäi gouf d'Wichtegkeet vun der internationaler Zesummenaarbecht, dem Schutz vun den Affer an effikass Moossname fir dës schwéier Verbriechen ze bekämpfen ënnerstrach.

07/07/2026
Méi séier handelen, besser schützen.De Regierungsrot huet haut, op Virschlag vun der Justizministesch Elisabeth Margue, ...
03/07/2026

Méi séier handelen, besser schützen.

De Regierungsrot huet haut, op Virschlag vun der Justizministesch Elisabeth Margue, e Gesetzesprojet ugeholl, deen eng Comparution accélérée aféiere soll.⚖️

D’Zil ass et, datt d’Justiz méi séier, méi effikkas a méi geziilt op verschidde Forme vu Kriminalitéit reagéiere kann, besonnesch am Beräich vun den Drogedelikter, der Gewalt am Stot oder och nach gewaltsamen Déifställ.

Déi nei Prozedur erlaabt et eng Affaire direkt viru Geriicht ze bréngen, ouni Instruction préparatoire, wann d’Scholdindizien dëst erlaben. Dobäi bleiwen d’Verdeedegungsrechter a wichteg prozedural Garantien erhalen.

Mat dëser Reform wëll d‘Regierung d'Effikassitéit vun der Justiz stäerken, d'Kriminalitéit konsequent bekämpfen an de Schutz vun de Bierger verbesseren – am Aklang mat de Grondprinzipie vum Rechtsstaat.

👉🏻 Pressematdeelung: https://gd.lu/1Nmqdv

30/06/2026

Adresse

13, Rue Erasme
Luxembourg
1468

Heures d'ouverture

Lundi 08:30 - 12:00
13:30 - 16:30
Mardi 08:30 - 12:00
13:30 - 16:30
Mercredi 08:30 - 12:00
13:30 - 16:30
Jeudi 08:30 - 12:00
13:30 - 16:30
Vendredi 08:30 - 12:00
13:30 - 16:30

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Ministère de la Justice, Luxembourg publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager