Centre pour le Développement socio-émotionnel

Centre pour le Développement socio-émotionnel Le CDSE constitue un Centre de ressources pour les équipes de soutien, les enseignants, les professionnels, les parents et - pour tous les élèves.

Ils pourront y trouver des informations et être guidés tout en profitant de ressources spécialisées.

Den 7. Juli hu Mataarbechter.innen aus der Grondschoul Merzig, dem Atert-Lycée Réiden, dem CEJHP an dem CDSE, déi am Sch...
22/07/2026

Den 7. Juli hu Mataarbechter.innen aus der Grondschoul Merzig, dem Atert-Lycée Réiden, dem CEJHP an dem CDSE, déi am Schouljoer 2025–2026 d’ETEP-Ausbildung am CDSE erfollegräich ofgeschloss hunn, hire Certificat am Park zu Mënsbech iwwerreecht kritt.

D’Formatioun fërdert eng gemeinsam pädagogesch Sprooch an Haltung, déi d’Stäerkten, d’Potenzialer an déi individuell Entwécklung vun de Kanner a Jugendlechen an de Mëttelpunkt stellt.

Mir gratuléieren allen Participanten ganz häerzlech! 👏

Den CDSE wënscht alle Schülerinnen a Schüler eng schéi Summervakanz an all deenen, déi si am Schoulalldag begleeden, en ...
15/07/2026

Den CDSE wënscht alle Schülerinnen a Schüler eng schéi Summervakanz an all deenen, déi si am Schoulalldag begleeden, en erhuelsame Congé! ☀️

01/07/2026

Den CDSE recrutéiert!

Du sichs eng sënnvoll Aarbecht an enger motivéierter Equipe?

Den CDSE stellt nei Mataarbechter.innen an, déi Kanner a Jonker aktiv bei der Entwécklung vun hire sozio-emotionale Kompetenze begleeden.

Bei eis erwaarden dech ofwiesslungsräich Missiounen, professionell Erausfuerderungen an eng Opportunitéit, eppes ze bewierken.

Méi Informatiounen zu den oppene Plaze fënns du hei:

Save the Date – Colloque 2026Den 19. an 20. November 2026 invitéiert de CDSE op säi Colloque „Schule bewegt – Selbstwirk...
01/07/2026

Save the Date – Colloque 2026

Den 19. an 20. November 2026 invitéiert de CDSE op säi Colloque „Schule bewegt – Selbstwirksamkeit erleben & gestalten“ am IFEN zu Walfer.

De Colloque riicht sech un d’Fachpersonal aus der Educatioun (EF, ES, CC) a bitt Raum fir Reflexioun, Austausch a Weiderbildung ronderëm eng zentral Fro: Wéi kënne Schüler.innen an hirem Gefill vu Selbstwierksamkeet gestäerkt ginn — an och déi Erwuessen, déi si am schouleschen Alldag begleeden?

De Colloque verbënnt wëssenschaftlech Impulser mat praxisnoen Atelieren. Dobäi geet et ënner anerem ëm Motivatioun, Léieren, Resilienz, Bezéiung a wéi een och an usprochsvolle Situatiounen nei Handlungsspillraim erkenne kann.

Mir freeën eis op zwee inspiréierend Deeg mat spannendem Input, konkreten Iddie fir d’Praxis a wäertvollen Austauschmomenter.

D’Inscriptioune lafen iwwert den IFEN.
19.11.: https://ssl.education.lu/ifen/catalog/course/295878
20.11.: https://ssl.education.lu/ifen/catalog/course/295879

Déi Jonk aus der Annexe Jonglënster haten déi grouss Chance fir op e Neits däerfen an der Kichen an am Service vum Resta...
29/06/2026

Déi Jonk aus der Annexe Jonglënster haten déi grouss Chance fir op e Neits däerfen an der Kichen an am Service vum Restaurant Bei den Zwillingen Um Belenhaff ze hëllefen. Preparéiert gouf en 3-Gäng-Menu deen de ronn 40 Gäscht excellent geschmaacht huet. Der Equipe vun den Zwillingen e ganz häerzleche Merci, dass si sech esou vill Zäit geholl hunn an eise Jonken et erméiglecht hunn, fir des immens flott a wäertvoll Erfarung konnten ze maachen. E grousse Merci geet natierlech och un d'Gäscht déi sech op der schéiner Terrass um Beelenhaff vun eise Schülerinnen a Schüler verwinne gelooss hunn an esou mat dësen Projet vum CDSE ënnerstëtzt hunn.

Beim Fest vun der Frëndschaft hu Schoulklassen, hir Begleetpersounen, Gäscht an d’Ekipp vum CDSE trotz dem onbestännege ...
18/06/2026

Beim Fest vun der Frëndschaft hu Schoulklassen, hir Begleetpersounen, Gäscht an d’Ekipp vum CDSE trotz dem onbestännege Wieder zesummen e flotten Dag verbruecht.

Et gouf vill ze entdecken, ze erliewen an ze schmaachen — an dat am eemolege Kader vum Park vu Mënsbech!

E grousse Merci un all déi, déi mat hirer Energie, hirem Engagement an hirer gudder Laun fir Momenter voller Frëndschaft gesuergt hunn.

Den Erléis vun dësem Fest geet un Sakhi Trust an Wheelsup!.

D‘lescht Woch hate mir d‘Freed, eng Delegatioun vun de Färöer Inselen hei zu Lëtzebuerg ze begréissen.Beim Treffen am CD...
17/06/2026

D‘lescht Woch hate mir d‘Freed, eng Delegatioun vun de Färöer Inselen hei zu Lëtzebuerg ze begréissen.
Beim Treffen am CDA ass, zesumme mam SNEI, e ganz beräicherenden Austausch entstanen iwwer eis Educatiounssystemer, eis Aarbechtsweisen a Froen, déi eis am Alldag beschäftegen.
Merci un eis Kolleginnen a Kollegen vun de Färöer Insele fir hiren Interessi, hir Offenheet an déi konstruktiv Gespréicher. Esou Begéinunge weisen, wéi wäertvoll et ass, sech Zäit fir en Austausch ze huelen, vuneneen ze léieren an nei Perspektiven ze entdecken.

🌱 Wéi kënnen Achtsamkeet, Matgefill a Frëndlechkeet de Schoulalldag stäerken?De CDSE invitéiert op eng Informatiounsvers...
05/06/2026

🌱 Wéi kënnen Achtsamkeet, Matgefill a Frëndlechkeet de Schoulalldag stäerken?

De CDSE invitéiert op eng Informatiounsversammlung fir d'Formatioun „Soziales, emotionales und achtsamkeitsbasiertes Lernen“ fir Enseignanten aus dem C1.

D’Formatioun baséiert op engem mindfulness-based kindness curriculum a setzt de Fokus op Frëndlechkeet, Matgefill, Dankbarkeet, Selbstregulatioun an e konstruktiven Ëmgang mat Emotiounen a Konflikter.

📅 Informatiounsversammlung: Donneschdeg, den 18.06.2026 vun 14h-15h30
📍 CDSE, Munsbach
📩 Umeldung bis den 11.06.2026: [email protected]

Mir géingen ons freeën, Iech e dëse Mëttwoch an der Mëttesstonn (11:00-15:30) op onsem Fest vun der Frëndschaft zu Mënsb...
11/05/2026

Mir géingen ons freeën, Iech e dëse Mëttwoch an der Mëttesstonn (11:00-15:30) op onsem Fest vun der Frëndschaft zu Mënsbech ze treffen an e flotte Moment mat Iech ze verbréngen - Klassen, SchülerInnen an d' Ekipp vum CDSE ënnerstëtzen hei zesummen an a Kooperatioun mat der asbl « Entwécklung duerch Gerechten Handel » e Projet an Indien (http://sakhitrust.org/) an d'Asbl Wheels Up.

Adresse

Château De Munsbach
Luxembourg
5374

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Centre pour le Développement socio-émotionnel publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager